
Werben im Podcast: Paus.
Dieser Podcast hat
243 Episoden
Sprache
GermanHerausgeber
Jill & YannickExplizit
Ja
Erstellt am
2019/08/04
Neueste Episode
2026/09/12
Durchschnittsdauer
83 min.
Veröffentlichungsintervall
13 Tage
Beschreibung
Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Freischalten Paus. Podcast E-Mail-Kontaktdaten,
Hoerer- und Zielgruppendetails
E-Mail-Kontaktinformationen
Direkte Podcast-Kontaktdaten

Hoerer
Zielgruppenzahlen und Engagement-Einblicke

Zielgruppendetails
Podcast-Einblicke

Podcast-Episoden
Neueste Episoden von Paus. Podcast ansehen
#192 Dee mam Teachermemes
2026/09/12
An der leschter Summerpaus. gëtt et – passend zu der Rentrée – education.lu-core mam Batman vum Lëtzebuerger Léierpersonal: dem Teachermemes.
Mir maachen d'Klammer an der Klammer a widmen eis verhalenskreative Kanner, Traumata aus der Schoulzäit, engem ausgeléistenen Alarm an der eegener Vakanze-Bucketlist. Et gëtt zeréckgeruddert, iwwer d'Paie vun den Enseignanten diskutéiert a Liblings-memes beschwat.
Mat dobäi sinn d'Carla an de Marco, "Wir sind Helden" a natierlech de Jeremy-Pascal.
Mir froen eis ënner anerem: Huet den Teachermemes säi Beruff gär? Wéini ginn eigentlech Fräizäitparken op? A wéi schlëmm gëtt d'Rentrée 6-7?
#191 Dee mam Cat
2026/09/04
Nues zou an Oueren op – an enger olfaktoresch erausfuerderender Kuliss ass d'Catherine Nothum haut an der Summerpaus! Äre Liblingspodcast brennt drop, mat him iwwer seng Erfarung an der ESC-Jury, real life "TikTok"-Kommentarer a Bichertipps aus dem Bookclub ze schwätzen.
Et gëtt seriöen Hochzäitsgossip, déi Lénksradikal vun Neustadt, Wuessen mat iwwer 30, Fouer-Iessen an e bësse "Meh".
Mat dobäi sinn de Jang1985_Lëtzebuerg, de Feierstengstoni an och nees d' Fra vum Séi.
Mir fuerschen ewéi ëmmer no, ënner anerem zu follgenden Themen: Ass d'Cat schwiereg? Gëtt et deemnächst e neien Throuple? A wéi leeft et mat der abstrakter Molerei?
#190 Dee mam Philippe
2026/08/29
An dëser Summerpaus.-Episod ass de "Monster"-Sommelier an Nr.1-"TikTok"-Hustler Philippe a.k.a. Argent Difficile zu Gaascht. Mir geheien den Hometrainer an d'Waasser, hänken eis un d'Paart a schwätze mat him iwwer dutch memes, de Kreativitéit-Endboss a seng Vue op d'Marie Curie.
Donieft geet et och ëm Dram-Sponsorings, onerwaarte Film-Favoritten a Gossip aus der Gaming-bubble.
Mat dobäi si Bieren, Otteren a Wëllef an och ugeknabbert Miwwelen, en aunt assault am "Atelier" an d'ënnerschätzt Hobby Frisbee.
Investigativ ewéi ëmmer gëtt journalistesch nees alles erausgeholl: Huet d'oppe Schwemm vision? Ass bei engem Veganer eigentlech all Beef fake? A wéi een Instagram life hack gëtt et, fir red flags ze erkennen?
#189 Dee mam Julie
2026/08/23
Am "Pitcher" vun der Stad gëtt et e "Summerpaus."-Get-Together vun ärem Liblingspodcast mam Julie vu "Luxembourg does it best" – wat fir eis direkt hannert dem Beyoncé an dem Guillaume kënnt!
Et gëtt net nëmmen iwwer Lëtzebuerger Musik-gems geschwat, "Fann de Portugis" gespillt a Content-Grauzonen diskutéiert, mee mir ginn och illegal an droppen déi bescht Summer Hits (vu K-Pop bis Monrose).
Mat dobäi si Reestipps tëscht Süd-Korea an Useldeng, Gebuertsdagszwillingen a Musikstars, déi zu Lëtzebuerg wunnen.
An och hei gi nees vill Froe gestallt: Léiwer Congé oder Kranksinn? Fir wéi vill Euro gëtt et en Augenaufschlag? A wéi ee Bus fiert eigentlech op Seoul?
#188 Dee mam Yannick (Nummer Zwee)
2026/08/09
Haut an der "Summerpaus." geet et breetgefächert quer durch den Garten mat enger Instanz, enger Ikon, enger gudder Maus: De Yannick kläert zesumme mat ärem Liblingspodcast net just d'Ierfschaftsreihefolg an analyséiert (méi oder manner) berüümte Wunnengen, mee liwwert och den "hot priest II" a beschwätzt popkulturell Polemiken (en Hënner, e Rack, e Schung).
Tëscht "Scary Movie"-Enttäuschungen, der "Golden City" an almond moms bleift nach genuch Zäit, fir iwwer d'Immobilieblos, zukünfteg national Fernseh-Konzepter a Medien-Desensibiliséierung ze schwätzen.
Wéi ëmmer kommen natierlech ganz vill Froen op – zum Beispill: Ass en Elektrovelo dat Selwecht ewéi eng Vespa? Wat leeft am September op der Costa Brava? A wat sinn Tapas fir ze lauschteren?
#187 Dee mam Jordi
2026/07/25
Hey hey! An der éischter "Summerpaus." kënnt de Springinsfeld an "Early Bird" Jordi Wagner (méi oder manner) zu Wuert: Dem Yannick säin Jet Set-Reespartner verréit eis, ob et him am Äishockey-Stadion wierklech net kal war, ob hien d'"No Angels" kennt a wien d'Urgestein vum cinematic content zu Lëtzebuerg ass. Ausserdeem gi mir gewuer, wat et mat der "Dubai Sekte" op sech huet, wéi eng Serien seng Favoritte sinn a wéi däitsch ze däitsch ass.
Wéi ass et, wann een a méi ewéi enger Sportaart gutt ass? Ass d'Liewen als fräiberuffleche Content-Creator zu Lëtzebuerg e Seegen oder sëtzt een am gëllene Käfeg? A wéi ass d'Liewen als personifizéiert Green Flag? All dat a méi – elo bei Paus.
#186 Dee mam melancholeschen Tennis
2026/07/12
Dës Episod ass fir d'Küken, déi d'Nascht verloossen a fir all d'Lackéierer a Lisas!
Mir waren eenzel zesummen op engem Concert, erënneren eis un d'eege Schoulzäit a léien emol net am Noutfall. Et gëtt iwwer "Confessions II" an "Heated Rivalry II", den "Toxic Seventy-one" a pedagogesch (In-)Kompetenz geschwat.
Haut ginn et och hot priests a sexy Mäerder, de Baby Reindeer-Mann an de Billy Elliott-Bouf esou wéi den eelsten Teenager vun der Welt.
Och eng jett Froe kommen nees op d'Tapéit: Wéi eng Molerin ass d'Sofia Loren als Hex? Wee sinn d'Reebou-Ritter? Wat ass eng LOCKS CAP?
A net ze vergiessen: Tax the Richie Rich!
#185 Dee mat de Stitzercher
2026/06/27
Haut fille mir eis, ewéi wa mir an e Fön eragetrëppelt wären, ruffe "Vive de Guy" a sangen de komplette "Body Talk"-Album – lowkey vision. Ee vun eis kritt vläicht eng Kaz oder gëtt bestuet, deen aneren ass eng Seriefigur aus den 2000er.
Nieft ale Mediemänner a séisse Marketingmausis geet et haut nach ëm en Exhibitionist am Bësch, Police-Probleemer wéinst de "Francopholies" an ein Orakel namens Carlo. Mat dobäi sinn och Leit an der Vakanz mat Réckblenden, eng Doku fir net-Schwangerer,an déi bescht Serie aus dem 21. Joerhonnert.
Ewéi all Kéier bleiwen och nees e puer Froen: Ass d'Sprangpressessioun am Fong "Ces soirées-là"? Gëtt et de Klimawandel vläicht wierklech? An hues du se nach all?
#184 Dee mat de Lëtzebuergays
2026/06/14
Et ass Pride Month an dofir gëtt haut Scheet/d zerwéiert.
Mir sinn NRW fir iech mat an d'Boot vum Puls der Zeit ze huelen!
Et geet haut zwar net em Leni Riefenstahl-Remakes oder "Muriel's Wedding", dofir awer ëm eng Pressekonferenz fir Millennials (Thema: vocal stims), onreguléiert Emotioune bei der Männer-Fussball-WM a MyGuichet.lu-hate.
Tëscht Gebuertsdagskaddoen, Generatiounskonflikter a gehumbleden Egos gëtt vill "gelar" an eng "Obsession" mat "Backrooms" beschwat. Mat dobäi sinn och: Tattoos, memories, Schoethe, kongoleesesch Outfits, de Rucolino, de Colman Domingo an eng nei TikTok-Serie.
Et bleift ze klären: Ass d'Rue am Sonnenënnergang oder an der Hell? Wien sinn d'Ënner Tittel an d'Miss Chievous? A wéi hydratéiert sinn d'Geschlechtsdeeler zu Lëtzebuerg?
#183 Dee mam Mord vum Cédric
2026/05/30
Zeréck aus dem prollegen Zürich an aus der Privatklinik sinn d'Heidi an d'Clara aus der Podcastwelt nees fir iech do – natierlech audio only!
Ee vun eis war am "Boy Aquarium", deen aneren am Video vum ING-Marathon.
Tëscht häerzege Serie-Pappen an underrated 90's Girlgroups geet et an dëser Folg ëm den 2. Agenda, de Lavalott an Empörung an der oppener Schwemm.
Vläicht schreiwe mir haut e klengen Text, vläicht léiere mir endlech Bio fäerdeg, mee vläicht recaste mir och einfach d'Sarah Engels als Samantha Jones.
Mir beschwätzen d'Paus.-Kritik vum 100,7, d'"Chicago Bulls" an hirer Prime a Methadon fir "Ted Lasso"-Fans, awer och Frëndschaftstrennungen, Gay Business zu Marrakesch a Mammen, déi hier Kanner am Stach loossen.
Froe ginn och nees gestallt: Ass "Un aller simple" am Fong "L'étranger"? Sinn "11 Freunde" am Fong d'"Kickers"? A stëmmt iwwerhaapt eppes, wat mir zielen?
#182 Dee mat der Botox-Fee
2026/05/16
Berouegt iech emol alleguer!
Haut gëtt vun ënnen erop geschwat an am selwechte Boot bis zum Muskelkater geruddert. Tëscht Aluhut-Fashion a gekréngeltem Graffiti spille mir Polo an Argentinien, hunn eng faszinéierend Maschinn op eis Wonschlëscht geschriwwen a liesen aus eisem geheime Journal vir.
Et dierf een zwar näischt méi soen, mee Plaz fir psychologesch Studie bleift ëmmer – haut ënner anerem zu den Theme "kleng Veloskapen", "Déifferdeng", "Timmy" an "underrated Spice Girls Lidder".
Et ginn och nees Froe gestallt, ewéi zum Beispill: Wou ass d'Disco hin? Wéi laang kann ee Bio léieren? A wat der Däiwel ass eng Schmëtz?
#181 Dee mam maale Rosalía
2026/05/02
Ugestach an opgestëppelt gëtt et haut eng Episod, déi zweemol opgeholl gouf.
Den Hangryman an d'Fra ouni Zäitmanagement hunn hiert Häerz an déi richteg Bunn gelenkt a liwwere one sided beef mam nationale Radio, Kölner (méi oder manner) Promis, e mäerderesche Buchtipp an e Powernap op der Wildwasserbahn.
Den Dresscode ass "Kommioun", mee och "Nuesschnappech an Zwier", d'Theme schwanken tëschent Ragebait a Meenungsfräiheet, mee virun allem geet et ëm Concerten a (Safe)Spaces.
On top ginn et Ehrenfelder Entdeckungen, d'Rettung vun der Lëtzebuerger Kulturzeen an en Touch Diddelenger Rondpoint!
Wat huet d'Fran Fine mat "Der Besuch der alten Dame" gemeinsam? Wisou hu mir kee Meebam kritt? An huet d'Rosalía am Fong en Album iwwer Saumon geschriwwen? All dëst a méi... haut bei Paus.
#180 Dee mam (feelende) Schummen
2026/04/18
Et ass net all Dag Kiermes, och wa Kuch gebak gëtt – är "Witches of Eastwick" sinn haut vreckt am Fréijoer, mee trotzdeem fir iech do!
Wann dës Episod e Film wär, géing en zimmlech sécher "The Fast and the Furious – Tokyo Ofdrift" heeschen. Maacht iech also prett fir Themespréng vu "Coachella" bis Militärmusik. Ënner anerem geet et ëm d'Weltrettung duerch d'Zara Larsson, d'Reallife-"Kimmy Schmidt", gudde College-Schäiss, e super Comeback an unexpected crushes.
Mat dobäi sinn och e skandaléise Vëloswee, Neies vum Epiphanie a ganz vill Choixen: Dekan oder Rektor? "Iron Man" oder "Cuntnbury"-Festival? Kou oder Auto? Dir sidd net prett!
#179 Dee mat der Clientskaart am "RITUALS"
2026/04/04
At the end of the day... ass dëse Podcast eng gemeinsam Evolutioun – dat hunn d'lëtzebuergescht Winona Ryder a Julia Roberts an der Ouschter-Episod erausfonnt a ginn dofir eppes un d'Gesellschaft zeréck: déi beschten Hondsnimm, eng sënnvoll Petitioun an Hëllef bei engem laang iwwerfällege Rebranding: Männer! E puer Gudder hu mir och scho mat am Gepäck: den Tino Marino, de Jean Jujarin, den Hugo Gernsback, den Daddy Lilah an de Ryan Gosling (am Weltraum).
Tëscht feelender Selbstreflexioun am Eenzelhandel an engem grandiose Serienfinale gëtt em Liicht am Donkel vum Musiksschoul-Gossip gebueden an iwwer eng skandaléis "Drag Race"-Decisioun geschwat, mee et bleift nach genuch Zäit fir Grondkenntnisser an der Eeërsich (zu Berlin a Folsom) ze vermëttelen an national TikTok-Crushes ze analyséieren.
Wéi ëmmer gëtt och villes hannerfrot: Wat ass "Pacing"? Wat wär an der kierzter Slideshow vun der Welt ze gesinn? Haasst den Timothée Chalamet d'Jill? A wisou geet et hei esou vill em Insekten?
#178 Dee mam Filmfest-Féiwerdram
2026/03/22
Et ass 5 vir 12 (fir dem Yannick seng Nerven)!
De séisse Poetiker Paco an d'obnoxious Fra am Fliger sinn zwar dout vu bannen, mee trotzdeem do, fir mat iech alles Wichteges aus de leschten zwou Wochen ze beschwätzen – ënner anerem geet et ëm en onproblematesche "Royal Court", e problematesche Promi-Fall, d'Menopause bei de Sopranos an dem Ricky Martin säi Chihuahua.
Et werfen sech nees pertinent Froen op, ewéi zum Beispill: Kënnen Englänner*innen automatesch Franséisch? Wien ass d'Rosalia vu Lëtzebuerg? A wisou si ganz vill Männer op eemol juristesch Experten (UNSCHULDSVERMUTUNG!!1!!!11!!!)?
Podcast-Bewertungen
Lesen Sie Paus. Podcast-Bewertungen
Podcast-Sponsoring-Werbung
Starten Sie Werbung auf Paus. relevanten Zielgruppen-Podcasts
Diese Podcasts koennten auch fuer Werbung interessant sein

4.511216
Lifestyle of Longevity
Dr. Kati Ernst & Kristine Zeller

59287
Peter und der Wald
Peter Wohlleben / Wohllebens Waldakademie

4.58779
POLITICO Berlin Playbook Podcast
POLITICO

4.923152
Verbrechen der Vergangenheit
RTL+ / GEO EPOCHE

4.714258
Hobbylos
Spotify, Rezo & Julien Bam

4.320305
SWR1 Leute
SWR

512295
Talk ohne Gast
Moritz Neumeier und Till Reiners | ARD

4.715190
Die Drei Rabauken
Benx, AwesomeElina und Ebru

4.727105
Wissen mit Johnny
Johnny

513772
Erichsen Geld & Gold, der Podcast für die erfolgreiche Geldanlage
Lars Erichsen