
Advertise on podcast: RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur!
This podcast has
100 episodes
Language
EnglishPublisher
RTL Radio LëtzebuergExplicit
No
Date created
2020/09/08
Latest episode
2024/02/21
Average duration
32 min.
Release period
27 days
Description
Konscht, Theater, Bicher, Musek, Liesungen, Filmer - mir schwätze Kultur a ginn eisen Invité vun der Woch duer besichen, wou en eis ëmfänke wëlt.
Unlock RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur! podcast Email contact info,
Listeners & Audience details
Email contact information
Direct podcast contact details

Listeners
Audience numbers & engagement insights

Audience details
Podcast Insights

Social media
Check RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur! social media presence
Podcast episodes
Check latest episodes from RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur! podcast
Podpurri Episod 123: D'Dänzerin a Choreografin Claudia Urhausen, 21/02/2024
2024/02/21
Als Dänzerin a Choreografin ass d'Claudia Urhausen souwuel op der Bün wéi och hannendrun doheem.
Zanter iwwer 15 Joer schafft si u souwuel artistesche wéi och edukative Projeten a kombinéiert Danz mat net just Musek, mee och Theater oder Konscht. Trotz gutt gefëlltem Agenda, huet si tëscht Prouwen an de Rotonden Zäit fonnt fir mam Claudia Kollwelter iwwert hir Aarbecht ze schwätzen, iwwert Hip-Hop, d'Ënnerscheeder mat Professionellen Dänzer a Laien ze schaffen a villes méi...
Podpurri Episod 122: De Moler Roland Schauls, 27/11/2023
2023/11/27
"Ach Schissimatucki" oder "Wozu noch arbeiten?" datt sinn nëmmen e puer Titele vu Biller déi de Moment an der Galerie Reuter Bausch gesi kann.
Wierker vum Kënschtler Roland Schauls, deen no Joren emol rëm zu Lëtzebuerg ausstellt. D'Claudia Kollwelter huet an der Ënneschtgaass mam Moler ënnert anerem iwwert säi Schaffprozess geschwat, iwwert Ironie, Stuttgart a Spontanitéit.
Podpurri Episod 121: D'Rapperin Nicool, 12/10/2023
2023/10/12
"N vun der Welt" heescht déi zweet EP vun der Lëtzebuerger Rapperin Nicool.
D'Release dovunner ass an e puer Deeg an d'Musekerin huet bei enger Taass Kaffi mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert d'Welt vum Hip-Hop geschwat, iwwert Sujeten déi se impaktéieren an influenzéieren an awer och iwwert hir sozial Oder an d'Parallellen tëscht Musek a Psychotherapie.
Podpurri Episod 120: De Moler Arny Schmit, 27/09/2023
2023/09/27
Beyond Nature heescht seng aktuell Expo an der Galerie "Reuter Bausch".
Den Arny Schmit stellt net just Tableaue, mee och Installatiounen aus. A sengem Studio huet deMoler dem Claudia Kollwelter erkläert wou seng Leidenschaft fir Landschaften hir kënnt, wéi hie vum zeechnen op d'mole koum an haut och méi dräidimensional schafft. Donieft huet de Kënschtler iwwert seng eegen Entwécklung geschwat, iwwert d'Technik déi hie fir seng Biller benotzt an d'Loscht mat der Konscht ze experimentéieren.
Podpurri Episod 119 De Museker John Rech, 11/07/2023
2023/07/11
Sport, Musek, BD - de John Rech lieft vill Passiounen. Seng Léift fir d'Musek koum an der Schoul mat der Band T42 an dono Dream Catcher.
A sengem Büro zu Diddeleng huet den John Rech méi erzielt iwwer säin Job als Direkter vum Kulturzenter Op der Schmelz, iwwer seng Begeeschterung, fir BDe mam Andy Genen ze maachen an iwwer den Dream-Catcher-Album, dee se viru fënnef Joer am Musée des Mines opgeholl hunn an elo op de Live-Concerten derbäi hunn.
Podpurri Episod 118: D'Dänzerin a Choreogrpahin Sylvia Camarda, 04/07/2023
2023/07/04
Als Dänzerin, Choreographin a Politikerin huet d'Sylvia Camarda e gutt gefëllten Agenda.
D'Passioun fir den Danz huet si schonn als Kand entdeckt an du stoung och séier fest datt dat net just en Hobby sollt bleiwen. Ma och hiert d'politescht Engagement ass hir extrem wichteg, an dofir ass et och net Zoufall datt d'Claudia Kollwelter d'Sylvia Camarda an der Stater Gemeng begéint huet fir ënnert anerem iwwert Projeten ze schwätzen déi an Zukunft ustinn:
Podpurri Episod 117: Alain Atten, Claude Schmit, Sara Martin, Nathalie Entringer, 27/06/2023
2023/06/27
Dës Woch geet et ëm de "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900".
Wéi verschiddenaarteg kléngt d'Lëtzebuerger Sprooch uechtert d'Land? Den Alain Atten huet et dokumentéiert. De Geografieprofesser Claude Schmit huet Sproochkaarten entworf an digitaliséiert. Mat geschafft hunn och d'Linguistinne vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), Sara Martin an Nathalie Entringer.
Podpurri Episod 116: The X, 20/06/2023
2023/06/20
"The x" heescht e neien Electro-Pop Duo dee rezent seng éischt EP eraus bruecht huet.
D'Sarah Kertz an de Yannick Stein sinn d'Gesiichter a Stëmmen derhannert. Op der Terrass vun engem Café huet d'Claudia Kollwelter d'Museker getraff a mat hinnen ënnert anerem iwwert d'Musekszeen zu Lëtzebuerg, Concerten an zukünfteg Projete geschwat.
Podpurri Episod 115 D'Filmrealisatrice Laura Schroeder, 06/06/2023
2023/06/06
No "Schatzritter" a "Barrage" huet d'Laura Schroeder mat "Maret" hiren drëtte Long-Métrage am Kino..
"Maret" erzielt déi ongewéinlech Geschicht vun enger Fra, déi vun engem Moment op deen aneren d'Erënnerung un déi lescht Joren aus hirem Liewe verléiert. Eng revolutionär Operatioun op Lanzarote kéint hir hëllefen, mee d'Maret ass sech net méi sécher, ob si nach wëllt déi Persoun sinn, déi se lo lues a lues entdeckt.
Podpurri Episod 114 Reinhard Kaiser-Mühlecker, 23/05/2023
2023/05/23
Den éisterräicheschen Auteur war am Abrëll op Liesrees zu Lëtzebuerg.
Hien ass Auteur a Bauer a fir de Reinhard Kaiser-Mühlecker si béid Beruffer Passiounen a béid Passioune vermësche sech och a senge Bicher. Dobäi sinn et keng Sachbicher, mee Romaner an deenen d'Geschichten am ländleche Raum spillen mat allen Erausfuerderungen, Krisen an Engagementer, déi haut d'Landwirtschaft kennt. Aus sengem rezente Roman "Wilderer", fir deen en de bayresche Buchpräis krut, huet en zu Lëtzebuerg gelies.
Podpurri Episod 113: D'Organisateure vum "Augenschmaus", 16/05/2023
2023/05/16
Schonn zanter 7 Joer gëtt et den "Augenschmaus".
"Beim Nëssert" zu Biergem war déi 1. Editioun vum Creators Market. Dono koum eng Chrëscht-Editioun an de Rotonden dobäi an elo de 4. Juni ass de Rendezvous zu Hollerech am Schluechthaus. Dat am Kader vum "European Design Festival". Iwwer 150 Kënschtler haten sech gemellt fir mat dobäi ze sinn - wéi mécht een do d'Selektioun, wat erwaart de Public bei dëser Editioun an wéi gesäit d'Zukunft vum "Augenschmaus" aus? Doriwwer huet d'Claudia Kollwelter mat den Organisateure geschwat:
Podpurri Episod 112: D'Actrice Magaly Teixeira, 09/05/2023
2023/05/09
Theater, Film oder Serien - d'Lëtzebuerger Schauspillerin mat portugiseschen Originnen huet sech an de leschte Joren e Numm hei am Land gemaach.
"The Censor" heescht d'Theaterstéck an deem d'Magaly Teixeira Enn Mee am Kinneksbond matspillt. Wéie Rôle de Publikum dobäi spillt, ënnert anerem dat huet d'Actrice dem Claudia Kollwelter tëscht de Prouwe verroden, mee och iwwert weider Projete geschwat.
Podcast reviews
Read RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur! podcast reviews
Podcast sponsorship advertising
Start advertising on RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur! relevant audience podcasts
You may also like to advertise on these Podcasts

51223
Cadencia deep
Álvaro Carballo

0094
Foreign Times
Marco Herack

4.82291
And Just Like Matt
Matt McConkey

51631
You're F*cking Welcome®: A Podcast for Women Entrepreneurs
Sara Dann

4.81861
The Flynn Skidmore Podcast
Flynn Skidmore

0020
Broken Neck Radio
Stan Schinners

51103
Safety Unlocked
Tim Neubauer

00295
The Tarot Café
TaraOneLoveCoach

5186
Between The Lines
Corine La Font

5166
Mixes by Tabu
Tasha Guevara


