
Advertise on podcast: RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen
This podcast has
98 episodes
Language
EnglishPublisher
RTL Radio LëtzebuergExplicit
No
Date created
2020/11/20
Latest episode
2025/12/09
Average duration
33 min.
Release period
25 days
Description
De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech de Sascha Lang och Themen unzeschwätzen un déi net jiddweree sech eruntraut. Inclusioun ganz einfach Liewen ass gelieften Inclusioun.
Unlock RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen podcast Email contact info,
Listeners & Audience details
Email contact information
Direct podcast contact details

Listeners
Audience numbers & engagement insights

Audience details
Podcast Insights

Social media
Check RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen social media presence
Podcast episodes
Check latest episodes from RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen podcast
Episod 98 - Wann d'Famill keng Loft méi kritt
2025/12/09
Wéi d'Nadège Fassi Elteren a Geschwëster stäerkt
An dësem Episod begréisse mir d’Coach an dräifach Mamm Nadège Fassi, déi sech zanter siwe Joer intensiv mat der Begleedung vun Elteren a Geschwëster vu Kanner a Jugendlechen mat Beanträchtegung befaasst. Si erlieft an hirer Aarbecht ëmmer erëm, wéi séier ee sech an esou usprochsvolle Liewenssituatioune selwer aus den Aen verléiere kann – als Mamm oder Papp, als Partner oder och als Geschwëster. D’Konsequenze si villfälteg: Frust, Iwwerfuerderung, emotional Erschëpfung.
D'Nadège erkläert, firwat Selbstsuerg kee Luxus, mee eng Noutwennegkeet ass, a wéi si Familljen dobäi ënnerstëtzt, gestäerkt, méi bewosst a mat méi Liichtegkeet duerch den Alldag ze goen. Si deelt praktesch Erfarungen, Beispiller aus hirer Coaching-Aarbecht an Impulser, déi all Famill – mat oder ouni besonnesche Besoinen – direkt ëmsetze kann.
Episod 97 - De Schattenbericht
2025/10/29
Een alternative Bléck op d’Umsetzung vun der UN-BRK zu Lëtzebuerg
All Land, dat d’UN-Behindertenrechtskonventioun (UN-BRK) ratifizéiert huet, gëtt reegelméisseg zu Genf vun der UNO iwwerpréift, fir ze kucken, ob d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung och wierklech ëmgesat ginn. Deemnächst ass Lëtzebuerg erëm un der Rei, fir déi zweete Kéier. Nieft der offizieller „List of Issues“, wou d’UNO dem Stat vill Froen stellt, gëtt et och d’Méiglechkeet vun engem sougenannten Schattenbericht.
Hei kënnen Vereenegungen an Initiativen eng alternativ Analys vun der Situatioun am Land virstellen. De Schattenbericht aus Lëtzebuerg, ausgeschafft vun Info-Handicap an sengen Memberen, läit elo vir.
Am IGEL Podcast schwätzt de Sascha Lang mam Christine Zimmer, Nadine Medinger an Shirley Feider iwwer dëse Bericht a kuckt dobäi, wat doraus ervirgeet.
Episod 96 - Actiounsplang 2.0 – Gesondheet an Educatioun am Fokus
2025/10/26
Den Actiounsplang 2.0 fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung ass den 31. Dezember 2024 ausgelaf.
An de leschte Méint hu mir an dräi Episoden driwwer geschwat, wat gutt gelaf ass a wou et nach Verbesserungspotential gëtt. An dësem neien Episod vum IGEL Podcast geet et ëm zwee zentral Beräicher: Educatioun an Gesondheet. De Sascha Lang schwätzt mat der Sarah Scholtes vun der Direction de la Santé an aus dem Educatiounsministère mat der Nathalie Scholtes an dem Ben Haas. Zesumme ginn d’Aktiounen analyséiert, déi aktuell ëmgesat ginn, an et gëtt och e Bléck op déi nächst Schrëtt an den nächste Jore gehäit.
Episod 95 - "50+1" a "Paralympic-day": 2 wichteg Projen vum LPC
2025/10/23
Mam Mathis Finke an Ruben Goncalves schwätzen mir iwwer zwee spannend Projeten
„50+1“ – ee Projet, dén d’Inklusioun am Sport stäerke soll
„Paralympic Day“ den 08.11. am Rehazenter, wou 20 Sportaarten fir jidderee fir matzemaachen ugebuede ginn.
Episod 94 - Malta Meets Luxembourg
2025/09/30
An dësem Episod kritt de Sascha Lang Besuch vun enger Delegatioun aus Malta.
Mat der Ënnerstëtzung vun Christine vun Info-Handicap sinn de Mathis, President vum nationale Dachverband MFOPD (Malta Federation of Organizations of Persons with Disability), an d’Gail, Member vun der MFOPD, op Lëtzebuerg komm. Am Gespréich schwätzen si iwwer d’Erfarunge vun der Delegatioun, d’Zesummenaarbecht tëscht Malta a Lëtzebuerg an d’Inspiratioun, déi si duerch den Austausch mat Lëtzebuergeschen Organisatiounen a Ministère gesammelt hunn. D’Themen gi vu Bildung a Beschäftegung iwwer Selbststännegkeet a Perséinlech Assistenz bis bei d’Wichtegkeet vu Kommunikatioun a Partizipatioun, ënnert dem Motto: „Näischt iwwert eis, ouni eis“.
Dës Episod weist, wéi wichteg internationalen Dialog a Best-Practice-Austausch sinn, fir d’Liewe vu Persoune mat Behënnerung konkret ze verbesseren, an d’Stëmm vun de Betraffenen ze stäerken.
Episod 93 - Etüden an hier Wichtegkeet aus dem Aktiounsplang Handicap 2.0
2025/09/10
D’Etüden hu wichteg Ablécker ginn an de Wunn- a Betreiungsberäichm, an d’Bedeitung vun der Selbstbestëmmung vir Menschen mat Behënnerung.
Am Gespréich geet et ëm d’Roll vum ASP, de geplangten One Stop Shop, an d’Haapterkenntnisser aus de Studien. E wichtege Schwéierpunkt ass déi geplangte Aféierung vun der Perséinlecher Assistenz zu Lëtzebuerg, déi d'Fräiheet an d'Autonomie stäerkt. D'Elisabeth Scheier huet als studéiert Soziologin a Sozialpolitikerin, des Etüden am Familje-Ministère (Division Handicap) begleet, an presentéiert déi wichtegst Erkenntnisser.
Episod 92 - De European Accessibility Act an de Roll vum OSAPS
2025/07/01
E grousse Schrëtt fir d’digital Barrièrefräiheet
Zanter dem 28. Juni 2025 ass de European Accessibility Act an der ganzer EU a Kraaft – och Lëtzebuerg muss elo dofir suergen, datt Produiten a Servicer fir jiddwereen zougänglech sinn. Wat seet d’Direktiv genee? Wéi funktionéiert den OSAPS als Kontroll- an Informatiounsplattform? A wat bedeit Barrièrefräiheet am Alldag?
Am Gespréich ass de François Engels, Koordinator vum OSAPS
Episod 91 - Evaluatioun vum Aktiounsplang 2.0
2025/06/27
E Gespréich mam Familljeminister Max Hahn an der Coordinatrice vum Aktiounsplang, dem PAN Handicap, Michèle Stein, iwwert d'Resultater vun der Evaluatioun
Si analyséieren d’Resultater, erklären d’Recommandatiounen a kucken zesumme wéi et weidergeet Richtung Aktiounsplang 3.0.
D’Rapporte fannt Dir op der Internetsäit vum Familljeministere.
Wann dir wëllt bei der Ausschaffung vum neien Plang matschaffen, an am Oktober un de Workshoppe bedeelegt sinn, mellt Iech bis den 31.07.2025 mat enger mail op "[email protected]" un.
Episod 90 - Sightcity 2025: Sinn all nei Entwécklungen wierklech sënnvoll?
2025/06/05
D’SightCity 2025 ass eriwwer – mat spannenden Entdeckungen an Entwécklungen, déi Zukunft hunn oder vläicht och net.
Mir schwätzen mam Christian Stahlberg, Messe- an Hëllefsmëttel-Expert a Produzent vum däitsche Podcast Sightviews, iwwer seng Andréck a wat him opgefall ass.
Episod 89 - Interview mam Madelaine Kayser
2025/06/03
D'Madelaine Kayser geet an e puer Méint an d’Pensioun a huet schonn hir Nofollgerin agefouert.
Am Podcast schwätze mir mat hir iwwer hir Aarbecht fir Mënsche mat Behënnerung a Migratiounshannergrond, iwwer hir Motivatioun an d’Initiativ vun de Sensibiliséierungswochen. A mir froen och: Wat huet si an der Pensioun vir?
En Episod mat enger Fra, déi d’Häerz um richtege Fleck huet!
Episod 88 - Audiodeskriptioun am Theater
2025/05/23
Dëst ass e bedeitende Schrëtt a Richtung inklusiv Kultur.
Am Mierscher Theater gouf d’Theaterstéck „Vreckvéih“ opgefouert – fir d’éischt zu Lëtzebuerg mat lëtzebuergescher Audiodeskriptioun fir blann a séibehënnert Persounen. D’Initiativ gouf vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung (FLB) an Zesummenaarbecht mam Mierscher Theater an der Initiativ Hoermal Audiodescription aus Däitschland ëmgesat. Déi éischt lëtzebuergesch Audiodeskriptioun gouf vun de Volontairen Antonia Bruch an Daniel Sousa realiséiert.
Episod 87 - Sensibiliséierungswochen 2025 an der Stad
2025/04/24
Aus de Woche gouf viru langem Méint, mat ville flotten Highlights.
An dësem Episod stelle mir Iech de Programm vir, an mir léieren déi nei Responsabel vum Service Intégration et besoins spécifiques, Caris Dias Delgado, kennen.
Fir d'Gala kann ee sech op [email protected] umellen.
Episod 86 - SightCity 2025
2025/04/18
2025 ass zu Frankfurt déi 23. Editioun vun der SightCity – där weltwäit gréisster Foire fir Hëllefsmëttel fir blann a sehbehënnert Leit.
Well Frankfurt net wäit ewech ass, weise mir gäre op dësen Datum hin. De Sascha Lang schwätzt an dësem Episod mat der Messeverantwortlecher Dagmar Krutzki, déi en Abléck an d’Organisatioun an d'Highlights vun der Foire gëtt.
Episod 85 - Colloque iwwert Perséinlech Assistenz zu Lëtzebuerg
2025/03/05
D’perséinlech Assistenz steet zënter Joren um politeschen Dagesuerdnungspunkt zu Lëtzebuerg.
Wäertvollt Liewen setzt sech besonnesch fir chronesch krank Leit an, datt si esou laang wéi méiglech doheem liewe kënnen. Am Koalitiounsaccord an am Aktiounsplang 2.0 ass d’Ëmsetzung nom Artikel 19 vun der UN-BRK festgehalen. Den 13. Mäerz 2025 organiséiert Wäertvollt Liewen e Colloque fir d’Wichtegkeet vun dësem Thema ervirzehiewen. Umelle kann ee sech iwwert "[email protected]".
Episod 84 - 25 Joer Assurance dépendance
2025/01/03
Den 1.1.1999 gouf zu Letzebouerg d’Assuracen Dépendance agefouert
Wéi wichteg si ass, a firwat si eng Plaz am IGEL Podcast verdéngt huet, verroden d'Pascale Kolb an d'Sandrine Henriquet.
Helpline:
Allgemeng Froen:24786060
Technesch Hellefsmettel: 24786040
Podcast reviews
Read RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen podcast reviews
Podcast sponsorship advertising
Start advertising on RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen relevant audience podcasts
You may also like to advertise on these Podcasts

4.8927169
Mens Rea: A true crime podcast
GoLoud

4.552151
Audio Football Club
The Telegraph

4.944108
Freedom Lifestyle
Sam Laliberte

3.911176
Making Me Watch Movies
Anthony, Jake, and Matt

5466
#FollowTheMusica
DJ LF

4.6197156
Worship Together
WorshipTogether.com

4.610798
Best in Tabletop
Colin Sherman

4.714778
Geopolitics Decanted with Dmitri Alperovitch
Silverado Policy Accelerator

517433
Marisol Nichols Podcast
Marisol Nichols

4.526148
The Dichotomy Diaries Podcast
Amanda Lynette Arnier, MLS


