
Advertise on podcast: Ceci, Do You Love Me?
This podcast has
72 episodes
Language
EnglishPublisher
Cecilia Said VieiraExplicit
No
Date created
2021/01/08
Latest episode
2025/05/04
Average duration
40 min.
Release period
43 days
Description
Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren :)
Unlock Ceci, Do You Love Me? podcast Email contact info,
Listeners & Audience details
Email contact information
Direct podcast contact details

Listeners
Audience numbers & engagement insights

Audience details
Podcast Insights

Podcast episodes
Check latest episodes from Ceci, Do You Love Me? podcast
#57 Festival Edition: Koll & Aktioun
2025/05/04
FESTIVAL SEASON IS ON!
Et ass rëm waarm dobaussen an de Summer steet virun der Dier. Dat heescht och dass d’Festivalsaison endlech rëm lass geet. Dofir leeën mir an dëser Episode de Fokus op e Festival deen sech vu villen ervirhieft an zwar den Koll & Aktioun.
De fënnt dëst Joer de 6. bis den 8. Juni zu Haut-Maarteleng statt. Zu Gaascht am Studio fir iwwert de Festival ze schwetzen hunn ech de Goerges vum Booking Team an d'Audrey vum Volunteers Team. Mir diskutéieren iwwert verschidden Themen zum Beispill, wisou et hinne wichteg ass, Fraen op der Bün an hannert der Bün méi z'ënnerstëtzen an och wat sou d'Challenges si beim Opbau vun engem Festival. natierlech verroden si eis och wéi eng Acts dëst Joer dobäi sinn a wourop een sech nach alles freeë kann. Lauschtert erann a loosst gären eng Bewertung do! Fir de Recht: Mir gesinn eis um Festival :)
#56 LOIVOS - E Bléck an d'Band
2024/12/25
Als kleng Chrëschtdags Iwwerraschung hunn ech eng nei Episode fir iech virbereet. An zwar mat de Jonge vun der Band Loivos. Loivos ass eng post-emo alternativ Band besteeënd aus follgend Leit: Phillipp Noppeney, Michel Hubert, Christian Lage & Gilles Dax. Déi 4 maache säit Joren zesumme Musek - dofir schwätze mir an dëser Episode iwwert d'Entwécklung vun der Bandscene zu Lëtzebuerg, wat Challenges hautdesdaags sinn, wat si vum Musekspräis halen a wéi d'Distanz tëschent hinnen si mental trëfft. An dat natierlech alles an engem cozy vibe!
Dir hut Loscht si kucken ze goen? Da schreift iech follgend Datumer op:
30.12.2024 Rocas (Luxembourg)
25.01.2025 La Chouée (Metz)
05.03.2025 MK Bar (Belval)
09.08.2024 Klierf
Ech wënschen iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!
Mir gesinn eis nächst Joer mat neien Episode rëm. Maachen awer bësse méi lues mat den Episode well ech net méi wierklech vill Zäit dofir hunn. Hoffen trotzdeem, dass dir weider ralauschtert! Kussi
#55 Eileen Byrne - Wat geschitt hannert de Kulisse vun engem Filmset?
2024/10/27
Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne.
An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Eng Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem Häerz, an dat gesäit een direkt an dëser Episod. Nieft hirem professionelle Werdegang schwätze mir iwwer d'Roll vun de Fraen, net nëmmen virun, mee och hannert der Kamera. Gëtt eng Regisseurin hautdesdaags genee sou respektéiert wéi hir männlech Kolleegen? Wat huet si an deem Kontext schon alles erlieft? Natierlech schwätze mir och iwwert de Film Marianengraben, e ganz emotionale Film, deen ech jidderengem nëmme ka recommandéieren, am Kino kucken ze goen. Mee passt op, et kéinten e puer Tréine fléissen. Lauschtert erann :)
Villmools Merci geet raus un d'Eileen a natierlech Samsa Film, fir den Austausch an d'erméigleche vun dëser Episode.
Special Edition - Semaine de la Santé Mentale - Mental Generation Gap - Am Gespréich mam Psycholog Fränz D'Onghia
2024/10/07
Triggerwarnung: Suizid, Mental Krankheeten - wann's du dech mat dësen Themen onwuel fills, lauschter léiwer net eran.
Déi heiten Episod ass eng Special Edition, gesponsert vun der Ligue Santé Mentale am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale.
An dëser Episod schwätzen ech mam Psycholog Fränz D'Onghia vun der Ligue Santé Mentale, deen op Suizid-Präventioun spezialiséiert ass. Suizid ass awer net den Haapt Topic iwwert de mir schwätzen - mir thematiséieren, wéi déi verschidde Generatioune mental Gesondheet wouerhuelen.
Et gi vill Klischeeën, datt d'GenZ als "Snowflakes" bezeechent ginn, well si anscheinend ze vill op hir mental Gesondheet oppassen. Op der anerer Säit gëtt gesot, datt d'Baby Boomers sech guer net drëm këmmeren. Mir klären d'Klischeeë ronderëm dëst Thema op a maachen op d'Semaine de la Santé Mentale opmierksam.
Lauschter, oder kuck eran! Wann's du nach Froen un de Fränz hues, da mell dech bei der ligue Santé Mentale op Instagram .
méi Informatioune zu den Events déi vum 7.-20. Oktober stattfannen fënns du op https://www.semainesantementale.lu.
Villmools Merci un d'Ligue Santé Mentale a fir déi wichteg Aarbecht déi si leeschten!
#54 Jill Lallemang - GenZ vs Millenial
2024/10/01
Wéi den Titel et scho verréit, kommen an dëser neier Staffel zwou Welten zesummen! Dës Episode ass u sech näischt anescht wéi ee grousse Sträit tëscht engem Millennial an engem Gen Z. Wanns du nach net wees, wous de dech befënns, kanns de et an dëser Episode erausfannen. Identifizéiers du dech méi mam Jill, da bass de éischter Team Millennial; wanns du dech awer éischter mat mir identifizéiers, da bass de wahrscheinlech ee Gen Z. A wanns de dech mat kengem vun eis identifizéiers, da bass de héchstwarscheinlech ee Boomer. An dat ass och okay. Anywas: Falls du d'Jill nach net kenns, kenns du vläicht seng Stëmm. Hat ass nämlech Co-Host vum Paus Podcast an Host vum Onbekannt Podcast zesumme mam Journal. Hat huet vill z'erzielen! Lauschter eran – et si spannend Themen dobäi!
#53 Loïc Juchem - The Show must go on!
2024/06/16
Normalerweis ass et de Loïc, deen dat mécht wat ech hei maachen, an zwar virun der Kamera, mat Mikro, Froe stellen. Hien ass nämlech ënner anerem ee Moderator a Wetterfee beim RTL. An dat alles schonn mat nëmme 24 Joer.
An dëser Episode kréie mir een Abléck a seng Aarbecht als Moderator. Wat leeft hannert de Kulissen? Wéi bereet een sech fir eng Live-Show fir?
Wéi kënnt een dozou sou ee Job ze hunn? Gëtt et vill Konkurrenz an op wat muss een alles oppassen? Hues du eng Dramshow? A wat géings du maachen, wann’s du dee Job net häss? Dat a villes méi erzielt iech de Loïc an dëser Episode.Vill Spaass beim Lauschteren!
Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Familljeministère.
12.-13. Juli - “Let's celebrate inclusion” Forum Geesseknäppchen https://allesnormal.lu
#52 Saint Charles - Ëmmer humble bleiwen.
2024/06/09
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir de Charel, éischter bekannt als Saint Charles. Mäin Zil mat dëser Episode war et rauszefannen, ween alles hannert senger Persona stécht an dat heiten sinn d'Themen wouriwer mir ënner aanerem geschwaat hunn:
- New-Comer: Bis wéini ass een e New-Comer Artist?
- Gemengen: Süden vs. Norden
- Humble bleiwen: Du muss ëmmer wëssen vu wou's de kënns
- Street Credit: "Zu Lëtzebuerg huet keen wierklech Streetcredit, a wann dann war et seng eegen Entscheedung"
- Glaawen: Op Gott, Astrologie, oder de Big Bang, de Glaawen spillt beim Saint Charles eng grouss Roll.
Vill Spaass beim Lauschteren!
Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum Familljeministère.
12.-13. Juli - “Let's celebrate inclusion” Forum Geesseknäppchen https://allesnormal.lu
#51 Marlee Dos Reis - Fighting For Representation
2024/05/14
Endlech rëm ee méi laange Podcast! Et war och zimmlech schwéier NET laang mam Marlee ze schwätzen, well hat bréngt ganz vill mat :)
D'Marlee ass, ënner ganz vill aanerem, Grënnerin vun der Non-Profit Organisatioun "Imani" mat der hat fir méi Representatioun zu Lëtzebuerg kämpft. De Wee zur Grënnung war an ass nach ëmmer net einfach.
Mir schwätzen awer och iwwert déi capverdianesch Community zu Lëtzebuerg, ob hat et sech kéint virstellen an d'Politik ze goen, wéi schwéier et ass een Team ze féieren an wat, oder ween hat alles brauch fir alles kënne ëmzesetzen, ouni komplett ënner ze goen.
Merci fir d'Laanschtkommen!
Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Culture-Forest Festival- Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/
#50 Thomas Roland - De Maale Gars mécht Schluss
2024/04/28
Ech hunn dem Maale Gars versprach, dass ech hie fir déi 50. Episode a mäi Podcast alueden. E Versprieche gëtt natierlech agehalen, dofir: Here you go!
(Just als kleng Side Note: Mir sinn eng Koppel.)
Also: Wouriwwer schwätze mir dann eigentlech?
Hei sinn d'Themen:
- Maale Gars, bass du nach ëmmer sou mal?
- Bereis du dee Kënschtlernumm gewielt ze hunn?
- Suchtverhalen - Wéi schwéier ass et opzehalen?
- Whataboutism - Wéini huet et bei dir "klick" gemaach?
- Wat ass däin Erfolgsfaktor mat Musek op lëtzebuergesch?
- Teaser an dem Maale Gars säin LESCHTEN Album!
- De Maale Gars mécht Schluss...
Vill Spaass beim Lauschteren! 3
Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Culture-Forest Festival- Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/
#49 Elisha Winckel - Aktivismus am Zuch
2024/04/14
Fir déi heiten Episode waren den Elisha an ech am Zuch uechtert Lëtzebuerg ënnerwee. Kënnt dir rode wéi eng Streck mir gefuer sinn? 🚆
Anyways, déi heiten Episode ass bësse méi politesch, mee kenges Falls langweileg! Mir schwätzen ënner anerem iwwert follgend Themen:
➡️ De Rietsruck op Tiktok a wat een dogéint maache kann.
➡️ Mir brauche kee Konsens bei Iddien déi Haass verbreeden. An trotzdeem geschitt dat an der Chamber.
➡️ Wat mécht de CELL? Wéi funktionéieren si?
➡️ Optimismus am Aktivismus: Wéi mëss du dat fir keng Hoffnung fir d'Zukunft ze verléieren?
➡️ Wat ass Petrol Masculinity?
➡️ Wat kann een alles maache fir ee méi nohaltegen Environnement opzebauen?
➡️ Feminismus, Klimaaktivismus, Antirassismus, Antifaschismus, ... ass alles Deel vum selwechte Kampf!
Villmools Merci fir d'Lauschteren! Schreift gäre Feedback ënnert de Kommentarer, oder direkt op der Spotify App. Fir déi déi op aner Plattforme lauschtere roden ech iech un de Video op Youtube ze kucken. https://www.youtube.com/channel/UC3djRrr6mdarLe_V1plY3jw
Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum Culture-forest Festival - Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/
#48 Marvin Caldarella - Wat leeft schif am Educatiounssystem?
2024/03/12
CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem.
An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass.
Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond.
Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech opkënnt: Wisou lauschtert keen op déi Leit déi um Terrain schaffen?
De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwätzt, ass och well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also säi Job iwwert d'Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwätzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!
#47 CHAiLD - Wéi geet et dir WIERKLECH?
2024/01/11
Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech?
De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren.
An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert.
Lauschtert eran and stay tuned for more!
#46 DJ DEE - Maach deng Schoul färdeg!
2023/12/10
An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀
Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwätzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer, wéi et fréier (1999!) war als DJ unzefänken par Rapport zu Hautdesdaags. Wéi wichteg et him gewiescht wier seng Schoul fäerdeg gemaach ze hunn, wéi en als DJ iwwert Ronne kënnt a natierlech och wat sou d'Highlighte a senger Carrière waren. Mir schwätzen och driwwer, wat et bedeit ze diskutéieren an Akzeptanz ze weisen.
Vill Spaass beim Lauschteren a mir gesinn eis nächst Joer!
#45 Nuit des Musées ft. Mudam - Coup de Coeur
2023/10/10
De Samschden ass Nuit des Musées! Don’t miss out on this. Eng Saach déi d’Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d’Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen.Dëst Joer sinn d’Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit des Musées ze wëssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :)🎟️WIN WIN WIN🎟️ Dir hutt och’Geleijenheet zwee Tickets fir d’Nuit des Musées ze gewannen! Méi Infoe fannt dir op Instagram @cecidoyoulove.me
#44 Wizard - Cannabis: Alles wat's du wësse muss!
2023/09/17
- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. -
An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z!
🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat?
🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo?
🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner?
🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt?
🌿 Wat sinn d'Vir an Nodeeler vun der Consommatioun?
🌿 Wéi planzt ee säi Cannabis am beschten Doheem un?
🌿 Wat brauch een alles, wat sinn déi perfekt Konditiounen asw.?
Dat an nach vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!
Podcast reviews
Read Ceci, Do You Love Me? podcast reviews
Podcast sponsorship advertising
Start advertising on Ceci, Do You Love Me? relevant audience podcasts
You may also like to advertise on these Podcasts

4.71971780
Animal Spirits Podcast
The Compound

4.974440697
Small Town Murder
James Pietragallo, Jimmie Whisman

4.85231615
Walking is Fitness
Dave Paul

4.93353752
The Exam Room by the Physicians Committee
Physicians Committee

4.6343500
Locked On Orioles - Daily Podcast On The Baltimore Orioles
Locked On Podcast Network, Connor Newcomb

4.61774434
The Currently Reading Podcast
Meredith Monday Schwartz and Kaytee Cobb

4.3221541
Following On: talkSPORT's cricket show
talkSPORT

4.41317133
Scream!
Ash & Alaina & Caleb | Morbid Network

4.846302000
Pat Gray Unleashed
Blaze Podcast Network

4.7535420
Religion on the Mind
Dan Koch