
Advertise on podcast: CFL Podcast
This podcast has
21 episodes
Language
FrenchPublisher
CFL - Chemins de Fer LuxembourgeoisExplicit
No
Date created
2021/02/19
Latest episode
2025/06/02
Average duration
17 min.
Release period
83 days
Description
Dat si Blécker hannert d'Kulisse vun engem vun de gréissten Employeuren zu Lëtzebuerg – mir bréngen iech méi no un déi faszinéierend a villfälteg Welt vun der CFL.
Unlock CFL Podcast podcast Email contact info,
Listeners & Audience details
Email contact information
Direct podcast contact details

Listeners
Audience numbers & engagement insights

Audience details
Podcast Insights

Podcast episodes
Check latest episodes from CFL Podcast podcast
Sensibiliséierungs- a Sécherheetscampagne 2025
2025/06/02
An dëser Folleg vum CFL-Podcast schwätze mir mam Doris Horvath iwwert déi kommend CFL- Sécherheetscampagne zum Thema « Trespad » (Trespass Awarness Day) esouwéi iwwert den ILCAD 2025 (International Level Crossing Awareness Day), den Internationalen Dag fir Sensibiliséierung bei de Barriären. Och wann den Zuch zu de sécherste Verkéiersmëttele gehéiert, kënne Barriäre geféierlech ginn, wa Leit d’ Verkéiersreegelen ignoréieren oder net respektéieren. Lauschtert eran an entdéckt, wéi d'CFL op dës Risiken opmierksam mécht.
Weider Infos op securite.cfl.lu
Coradia 2450
2023/12/11
Wëllkomm onboard, an der nächster Folleg vum CFL Podcast. Entdeckt d'Serie 2450 vun der CFL (Coradia Stream High Capacity) an esoumadder déi éischt vun eisen neien Automotricë mat 6 Këschte wärend hirer aktueller Testphase. Kuckt mat eis gemeinsam iwwert déi nei Funktionalitéiten a maacht Iech selwer e Bild doriwwer wat déi nei Maschinnen Iech an Zukunft bidde wäert kënne! Mir huelen Iech mat op d’Rees an d’Zukunft vun der Schinn zu Lëtzebuerg! 🚆✨
Méi an eisem Blog: https://blogcfl.lu/de/coradia-zuege/6-wagen-aus-denen-reisetraume-gemacht-sind
CFL Fundbüro
2023/10/18
An dëser Folleg vum Podcast entdecke mir zesummen de Fundbüro vun der CFL op der Gare Lëtzebuerg. Eng Platz wou sämtlech verluere Géigestänn zesumme kommen.
Fir eis de Sujet méi no zebréngen, ënnerhale mir eis mam Nicole Rhein an dem Paul de Jager.
Méi Informatiounen zum CFL Fundbüro fannt dir an eisem Blog: https://blogcfl.lu/fr/simplement-explique/passer-de-lobjet-perdu-au-bonheur-retrouve
Sensibiliséierungs- a Sécherheetscampagne: Ne soyez pas déplacé. Sur les quais, prenez votre trottinette à la main.
2023/09/22
Trottinetten : e beléifte Fortbeweegungsmëttel deen och seng Risike biergt. Mir hunn eis mam Doris Horvath iwwert déi nei Sensibiliséierungs- a Sécherheetscampagne ënnerhalen, déi déi richteg Benotzung vun den Trottinetten an a ronderëm Garen thematiséiert.
Wou geet Är nächst Vakanz dann hin?
2023/09/13
Och wann d'Summervakanz op en Enn geet, gëtt et kee bessere Wee fir de "Vakanzblues" ze iwwerwanne wéi Är nächst Vakanz ze plangen. Mir hu mat der Martine Frieseisen, Gerante vun der CFL Evasion geschwat, déi eis net nëmmen Tipps ginn huet fir Är nächst Vakanz ze buchen, mee och Rotschléi fir op wat Dir oppasse sollt wann Dir déi nächst Kéier reest.
https://www.cflevasion.luhttps://www.facebook.com/CFLEVASIONhttps://www.instagram.com/CFLEVASION
Fête de la Musique Luxembourg 2023
2023/06/13
De Freide 16. Juni 2023, ass et erëm esou weit, déi nächsten Editioun vun der Fête de la Musique fënnt statt an huet säin Optakt Moies beim Funiculaire (Arrêt: Pfaffenthal-Kirchberg). Duerch d’ganz Land, kann een Optrëtter, Concerten a verschidde musikalesch Genren entdecken. An dëser Ausgab vum CFL Podcast, schwätze mir mat der Präsidentin vun der Fête de la Musique asbl, Vanessa CUM iwwert d‘2023 Editioun vun dëser Veranstaltung..
Weider Infos fannt Dir hei:
https://www.fetedelamusique.lu/ #LXFDLM
Bornes SOS
2023/05/26
An dëser Ausgab geet et em d’Sécherheet dei CFL hieren Client’en op den Quai’en an Sous-Terrain’en bidd. Fir desem Thema op den Grond ze goen hu mir haut Mariana bei eis. T‘Mariana ass Agent de télésurveillance bei der CFL, a mir wäerten haut iwwert d’Bornes SOS schwätzen.
Mi-Vie - TER2N-ng
2023/03/02
No 18 Joer ass elo déi éischt vun eisen TER2N-ng Motricen „generaliwwerholl“ ginn… Fir Iech dëst wichtegt Thema méi no ze bréngen, ass de Fränz Dording bei eis am Studio gewiergt fir eis méi driwwer ze zielen, wat d’CFL a Saachen Rullmaterial ënnerhëlt fir d’Qualitéit fir hir Cliente wieder ze erhéijen.
Missions that rock - néi Employer Branding Campagne
2023/02/08
Missions that rock - dat ass de Slogan vun der CFL hierer néier Employer Branding. Mir schwätze mam Armelle Kails an dem Joya Blum aus dem Service Recrutement vun der CFL iwwert déi néi Campagne. Wann dir direkt méi iwwert der CFL hier Employer Branding wësse wëllt da lauschtert elo eran.
Campagne Video: https://www.youtube.com/watch?v=xnatvufPdnw
Weider Informatiounen: https://www.jobscfl.lu/
Rail Cool – Sécherheet, der CFL hier éischt Prioritéit
2022/11/29
D’Sécherheet ass der CFL hier éischt Prioritéit. Virun e puer Wochen hu mir mam Lëtzebuerger Rapper Maka MC e Lidd zu deem Thema erausbruecht. An dësem Podcast schwätze mir mat him an eise Kolleegen Doris Horvath a Patrick Schaack aus dem Service Sécurité, Sûreté et Environnement iwwer déi dacks ënnerschätzte Gefore bei de Gleiser.
Women In Rail: Laurence Zenner
2022/10/21
Säit 2018 ass d'Laurence Zenner Direktesch vun der CFL cargo. Fir den Erfolleg sti fir d‘Laurence Zenner dobäi keng Stereotyppen a Geschlechterrollen am Virdergrond, mee Kompetenz, Dialog a Leadership, fir déi beschte Léisung fir hir Clienten ze fannen. Och wann de Papp gestanenen Eisebunner war, war et net d’Famill, mee de professionellen Defi am Beräich vun den Infrastrukturprojeten, déi d‘Madamm Zenner bei d‘CFL bruecht hunn. En interessante Podcast mat enger staarker Fra mat villen Talenter iwwert de Gidderverkéier zu Lëtzebuerg, seng Plaz an Europa an iwwert aktuell Defien, z.B am Beräich vun der Energie.
Mat der CFL Lëtzebuerg erliewen – Mam Vëlo ënnerwee
2022/07/28
Et ass gutt Wierder, de Summer ass ukomm, an do ass ee jo och gäre mam Vëlo ënnerwee – mir ginn eise Nolauschterer e puer praktesch Tipps an Infos mat op de Wee ronderëm d’Thema „Vëlo an Zuch“. Mir wäerten och mat eisen Invitéen Anne Haag an Jeff Biever iwwert de Vëlosummer schwätzen a wéi eng Tier een do alles entdecke kann.
Wéider Infos:
Bike and Rail
https://www.cfl.lu/fr-fr/evasion/genericcategory/bike-rail
https://www.cfl.lu/fr-fr/news/detail/bike-rail
Vëlosummer 2022
https://www.velosummer.lu
Sensibiliséieren - fir méi Sécherheet bei de Schinnen (2022)
2022/06/09
Och wann den Zuch nach ëmmer ee vun de séchersten Transportmëttel ass, kann d’Kräizung tëschent Zuch, Gefier a Foussgänger e Risiko duerstellen, wann een sech net un de Code de la Route hält. Wéi d’CFL op dës Geforen opmierksam mécht a wéi een sech richteg verhält, fir Geforen aus dem Wee ze goen, gitt Dir an dësem Podcast gewuer.
Weider Informatiounen:
https://securite.cfl.lu
https://www.ilcad.org
Internationale Sécherheets- & Gesondheetsdag op der Aarbecht
2022/04/27
Am Kader vum „Internationale Sécherheets- & Gesondheetsdag op der Aarbecht“ schwätze mir mam Dr. Marie-Paule Schneider, Responsable Santé au Travail bei der CFL, iwwert dëse wichtege Sujet. An der CFL hirer Strategie ass d‘Sécherheet déi éischt Prioritéit – a si ass net verhandelbar. Donieft ass och d’Wuelbefanne vun eise Mataarbechter wichteg a mat der Prioritéit „MIR“ an der Strategie verankert. Lauschtert eran, fir ee weidere Bléck hannert d’Kulisse vun der CFL ze kréien.
Mat der CFL Lëtzebuerg erliewen – Parc Merveilleux & CNA
2022/04/04
Mat der CFL Lëtzebuerg erliewen. Ganz no dësem Motto, si mir an dëser Folleg ennerwee an den Süden vum Land, dës Kéier am Parc Merveilleux zu Beetebuerg & am CNA (Centre national de l’audiovisuel) zu Diddeleng.
Weider Informatiounen:
www.parc-merveilleux.lu
www.cna.lu
Stëmme vun der Schmelz (Exposition au Pomhouse du 26.03.22 au 01.01.23)
https://cna.public.lu/fr/events/2021/svds.html
www.cfl.lu
Podcast reviews
Read CFL Podcast podcast reviews
Podcast sponsorship advertising
Start advertising on CFL Podcast relevant audience podcasts
You may also like to advertise on these Podcasts

4.45041446
The Twenty Minute VC (20VC): Venture Capital | Startup Funding | The Pitch
Harry Stebbings

4.8176413
CarEdge Live
Ray and Zach Shefska, Bleav

3.91522013
New Books in Critical Theory
Marshall Poe

4.867294
Severed: The Ultimate Severance Podcast
Allen Stare

4.619140
Daf Yomi Shiur by Rabbi Shalom Rosner
[email protected]

512214
Scouting for Growth
Sabine VanderLinden

4.7260347
DUST
Gunpowder & Sky

4.810633
Journey to Jannah
Naushin

4.82414740
White Coat Investor Podcast
Dr. Jim Dahle of the White Coat Investor

4.51811963
Daf Yomi for Women - Hadran
Michelle Cohen Farber