1572601793
Gamer Things

Advertise on podcast: Gamer Things

This podcast has
132 episodes
Language
English
Date created
2021/06/16
Latest episode
2026/10/07
Average duration
71 min.
Release period
16 days

Description

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

Unlock Gamer Things podcast Email contact info,
Listeners & Audience details

Email contact information

Direct podcast contact details

Listeners

Audience numbers & engagement insights

Audience details

Podcast Insights

Podcast episodes

Check latest episodes from Gamer Things podcast


Episod 132 - GTA 6 News a STAR WARS Galactic Racer ass peak?
2026/10/07
Et gi weider News zum Summer Blockbuster GTA 6, Star Wars: Galactic Racer ass schonn dat zweet gutt Star Wars-Spill hannerteneen, a WoW 4eva ass den Dram vun alle Gamer iwwer 30. Ass dat wierklech alles esou? Där Fro ginn d'Jonge vu Gamer Things op de Fong an natierlech hunn si och nach ganz vill aner Theeme behandelt.
Episod 131 - Blizzcon 2026 weist wéi et geet! Do kann Nintendo just staunen
2026/09/23
D'Jungs kënne just schwäermen iwwert wéi d'Blizzcon dëst Joer einfach de Leit d'Strëmp ausgedoen huet matt enger gudder Noriicht no der anerer. WoW Forever, Diablo 3, Starcraft FPS an Warcraft 3 DLC. Do staunen de Kirby an de Link nawell net schlecht!
Episod 130 - GAMESCOOOM a GTAAA
2026/09/08
De Mike war op der Gamescom an huet vun do ganz vill Infos an Andréck matbruecht. Ausserdem ass et souwäit, mir liewe lo an enger Welt déi GTA 6 Gameplay gesin huet. Wat eis Nerds dozou soen an nach villes méi, wi gewinnt an dëser Episod.
Episod 129 - Vum Summerlach bis GTA 6
2026/08/26
D’Hëtzt dréckt, d’PCe blosen an de Gaming-Kalenner fëllt sech: mir kucken, wat eis an de nächste Méint nach alles erwaart. Vun Blood of the Dawnwalker, Onimusha a Silent Hill: Townfall iwwer Marvel’s Wolverine, Nivalis an dat neit Castlevania bis bei de groussen Elefant am Raum - GTA 6 - ass fir jiddereen eppes dobäi. Dobäi schwätze mir iwwer Star-Wars-Spiller, de kollektiven Ubisoft-Hate, eis verluere Gedold bei schwéiere Games an déi gutt al Zäiten, an där een dat selwecht Level honnertmol gespillt huet. Ausserdeem: Gaming am Altersheem, eis Léift fir Rocky, de Problem mat Biopics an Dungeons & Dragons am World of Warcraft-Universum.
Episod 128 - Netflix Preview fir 6 Stonnen
2026/08/12
Am Summerlach koum dach trotzdeem nach eng ganz ënnerhalsam News zum groussen Titel GTA6: nämlech, dass Netflix ee ganz gudden Deal gemaach huet a sechs Stonne laang ee Virrecht op de Contenu huet dee Rockstar eisubitt. Wow! Plus: d'Gamescom steet un a wat mécht ee soss nach am Summerlach? Lauschter eran, kuck eran a schwätz mat!
Episod 127 - Assassin's Creed Black Flag a lauter RED FLAGS
2026/07/29
No e bësse Gepotert iwwert Assassins' Creed Black Flag a Resident Evil, maachen d'Jonge vu Gamer Things sech Gedanken iwwert d'Zukunft an de Fait, dass an noer Zukunft keng physesch Kopië vu Spiller méi an de Regaler ze fanne wäerte sinn. Wat bréngt dat mat sech? Kann een et stoppen a wien ass Verantwortlech? Dat a villes méi an dëser neier Episod vu Gamer Things.
Episod 126 - GTA, Steam Machine a Memberships
2026/07/01
Et geet deier hier an der Industrie! Egal ob et 1.000 Euro fir eng Steam Machine sinn oder 100 Euro fir GTA6, ee GTA Premium Membership fir Multiplayer oder den normalen Online Abo. Also ëmmer fläisseg Suen an d'Spuerbéchs leeën! Ass dann alles wierklech elo ëmmer nëmme méi schlecht oder gëtt et awer nach Hoffnung?Lauschter eran a schwätz mat an der neitster Episod vu Gamer Things!
Episod 125 - NEE3 SEASON ASS DOOO
2026/06/17
Wat fréier E3 geheescht huet, ass haut op lauter verschidde Präsentatiounen opgedeelt: Sony State of Play, Summer Games Fest, Xbox Showcase an Nintendo Treehouse. Mir hunn eis dës all ugekuckt a schnëssen iwwer alles wat eis opgefall ass: déi gutt an déi schlecht Saachen. Wat häls du da vun all deene Präsentatiounen?
Episod 124 - JAMES BOND: First Light a PARALIVES
2026/06/03
Ass Modern Warfare eng nei Luucht um Enn vum Tunnel vun onbeléifte Call of Doodies? Kann ee jonken James Bond d'Fans iwwerzeegen, dass et och emol anescht goe kann? Wéi ass et een James Bond-Film ze spillen?Ausserdeem huet "Paralives" am early Access alle Sims-Spiller frësche Wand ugebueden. Dat a villes méi gëtt et an dëser Episode GamerThings! Kuckt eran, lauschter eran a schwätzt mat!
Episod 123 - UFOS! Ah jo a Saros a Forza Horizon 6
2026/05/20
Ongescript, onzenséiert an ongeplangt! D'Jonge vu Gamer Things schwätzen an der neitster Episod iwwer Ufoen. Iergendwann hunn si sech awer erëm drun erënnert wéi de Podcast eigentlech heescht an et gouf nees op Gaming-Theeme geswitcht. De Marc huet Saros duerchgespillt a gëtt säi Review. An de Mike iergert sech iwwert déi neitste Money-Tricks vu Microsoft bei Forza Horizon 6. Dat alles a villes méi, wéi gewinnt am Podcast Gamer Things.
Episod 122 - SAROS ass do an AC BLACK FLAG kënnt zeréck!
2026/05/06
Saros ou Saros pas? De Rahul Kohli Simulator vun Housemarque ass endlech do an de Marc huet villäicht spicy Take zum Spill? Mir freeën eis all iwwert d'Annonce vun Assassins Creed Black Flag Resynced an dem Remake vum Franchise-Libling. Dat bréngt eis zu enger, mëttlerweil reegelméisseger Diskussioun ronderëm Ubisoft a seng Lamentéierungen. Alles dat an erstaunlech vill Filmdiskussiounen erwaart dech an dëser Episod vu Gamer Things.
Episod 121 - CRIMSON DESERT a PRAGMATA... mir iesse gutt!
2026/04/22
De Petz huet fir sech en neit Doheem a Crimson Desert geschaf a wëll do net méi fort. Kuerz huet e säi Wee dann awer bei eis fonnt fir ze schwäermen. Dann ass mat Pragmata och en neie Banger um Marché an de Mike huet sech dat da mol intensiv ugekuckt. A fir Battlefield 6 goufen et mol erëm eng Kéier keng sou schlecht Norichten, si hunn eng Roadmap presentéiert, déi de Marc ënnert d'Lupp geholl huet. Dat a villes méi an dëser Episod vu Gamer Things. Vill Spaass a good game!
Episod 120 - Ass Crimson Desert gutt? Ass DLSS5 een AiSlop?
2026/03/25
D'Jonge vu Gamer Things hunn dat laang erwaarte Crimson Desert gespillt a rätselen doriwwer, ob et dann esou gutt ass, wéi säi Ruff. Des Weideren hunn si sech d'Froe gestallt, wisou dann ëmmer méi Leit an der Gaming-Industrie endlos ginn an ob DLSS5 dann esou skandaléis ass, wéi jidderee seet. Wat denks du iwwert déi Saachen? A fënns du, dass den Hype ronderëm Crimson Desert berechtegt ass?
Episod 119 - High Guard geet a MIDNIGHT kënnt
2026/03/11
Komplett onerwaart, wéi aus heiterem Himmel, e reegelrechte Schock... si Sätz, déi een net wierklech mam Enn vun High Guard a Relatioun bréngt. World of Warcraft bréngt do dergéint mat Midnight eng nei Erweiderung eraus, Resident Evil 9 schléit a wéieng Bomm a Marathon fënnt méi Uklang wéi erwaart. Vill Spaass a good game wënschen d'Jonge vu Gamer Things mat der neitster Episod.
Episod 118 - PHIL SPENCER, STATE OF SONY a CRIMSON DESERT
2026/02/25
De Phil Spencer geet an d'Pensioun an d'XBox a Richtung AI-Hell? Sony huet op der éischter Editioun vun hirem State of Play vun 2026 eng Rei Spiller gewisen a fir déi eng an aner Iwwerraschung gesuergt. A mat Crimson Desert kënnt ganz geschwë vläit schonn de Main Contender fir d'Game of the Year eraus. Dat a villes méi, wéi gewinnt bei eise low-cortisol Gamer vu Gamer Things.

Podcast reviews

Read Gamer Things podcast reviews


0 out of 5
0 reviews

Podcast sponsorship advertising

Start advertising on Gamer Things relevant audience podcasts


What do you want to promote?