1577498502
E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir

Advertise on podcast: E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir

This podcast has
12 episodes
Language
Dutch
Date created
2021/07/21
Latest episode
2023/07/07
Average duration
43 min.
Release period
67 days

Description

Elteren an hir Kanner – ee staarkt Team – de Podcast vun der Eltereschoul, an deem där Villes gewuer gitt, iwwert d’Zesummeliewen an der Famill, d’Entwécklung vun de Kanner a wat si brauche fir stark, jonk Erwuessener ze ginn. Kanner erzéien ass duerch d’Entwécklungen an eiser Gesellschaft ëmmer méi komplex an eng grouss Erausfuerderung fir d’Eltere ginn. Tëschent de beruffleche Flichten an dem Liewen an der Famill, jongléieren d’Elteren fir hiren Alldag sou gutt wéi méiglech ze meeschteren. D’Eltereschoul gëtt an dësem Podcast Informatiounen ronderem déi wichtegst Aspekter vun där flotter Aufgab Elteren ze sinn.

Unlock E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir podcast Email contact info,
Listeners & Audience details

Email contact information

Direct podcast contact details

Listeners

Audience numbers & engagement insights

Audience details

Podcast Insights

Podcast episodes

Check latest episodes from E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir podcast


Ee staarkt Team Episod 11 - et gëtt een net als Grousseltere gebuer
2023/07/07
An der 11. Episod vun "Ee staarkt Team, de Podcast vun der Elteschoul", dréint sech alles ëm d'Grousselteren: Grousseltere sinn – gëschter an haut. Wéi eng Roll spille Grousselteren haut an eiser verännerter Gesellschaft, eng Gesellschaft mat neien, anere Familljestrukturen? Wat gëtt vun hinnen erwaart? Wat sinn hir Erwaardungen u sech selwer? Firwat ass d’Bezéiung zu den Enkelkanner esou wäertvoll? Fir d’Grousselteren? Fir d’Enkelen? Doriwwer schwätzen d' Jeannine Schumann an d'Tania Hemmer vun der Eltereschoul an dësem Podcast fir Grousselteren an Elteren.
Ee staarkt Team: Episod 10 - Geschwëster
2023/04/27
Nodeems et an den éischten Episode vun eisem Podcast ëm d'Entwécklung vum Kand goung, kucke mer lo op verschidden Aspekter vun de Familljekonstellatiounen. Am 10. Episod dréint sech alles ëm Geschwëster: wat ännert sech wann ee Geschwësterchen an d'Famill kënnt a wat hanno mécht d'Bezéiung ënnert de Geschwëster esou spannend? D'Véronique Nilles , Educatrice graduée an d'Nora van Daele, Sozialpädagogin, béid Mataarbechterinnen aus der Eltereschoul, sinn haut Invitéeën.
Ee staarkt Team Episod 9 - Manner Stress am Familljenalldag
2023/01/30
Manner Stress am Familljenalldag D’Eltereschoul erkläert an dëser Episod vum Podcast “ee staarkt Team”, wat Stress ass, wéi Stress entsteet, wéi een op Stress reagéiert, awer och wéi een dee ganz normalen Familljendag meeschtere kann, ouni dem Stress ze vill Plaz ze loossen. Ausserdeem gëtt et ee klengen Abléck an d’Methode vum MBSR an eng kuerz Klangschuelerees, fir esou mat méi Geloossenheet an den Alldag zréckzegoen.
E staarkt Team - Hors série: la méthode Janusz Korczak ?
2022/12/06
La méthode éducative selon Janusz Korczak : surtout pas de méthode! Discussion avec Eliza Smierzchalska Comment ce grand pédagogue polonais a-t-il repensé l’éducation et le statut de l’enfant ? Comment ce responsable d’un orphelinat a-t-il organisé un internat avec l'idée directrice de rendre l’enfant autonome ? Basée sur l'observation et respectant l'individualité de chaque enfant, qu’est-ce qui caractérise la pédagogie chez Janusz Korczak ? Dans cet épisode hors-série, Eliza Smierzchalska qui a retraduit et illustré le livre-culte de Janusz Korczak 'Le roi Mathias 1er' discute de manière informelle avec l’équipe de l’Ecole des parents. Bien que les conditions de prise de son ne soient pas idéales, nous avons décidé de partager cet échange libre, spontané, parfois émouvant avec toutes celles et ceux qui s’intéressent à l’éducation.
E staarkt Team Episod 8 - De Burn-out parental verstoen
2022/10/13
An dëser Episod vum Podcast beschäftege mer eis mat engem Phenomen, deen et warscheinlech scho méi laang gëtt, mee deen awer eréischt an de leschten 20 Joer besser erfuerscht ginn ass. Wat ass de Burn-out parental? Wéi kënnt de Burn-out zustan a wat kann ee maachen fir en ze prevenéieren oder rëm erauszekommen? Wat si Konsequenze vun engem Burn-out parental fir d’Elteren a fir d’Kanner. D’Tania Hemmer, Mataarbechterin an der Eltereschoul an Expertin am Burn-out parental ass eis Invitee
E staarkt Team Episod 7 - Schlof Këndche schlof
2022/06/27
De Schlof vum Kand, eent vun deenen Theemen, dat villen Eltere besonnesch um Häerz läit.. Iwwert de Schlof vum Kand gëtt vill diskutéiert an debattéiert, an am Laf vun de Joerzengten sinn do eng Rei Mythen, Wourechten an Onwourechten entstanen. Fir e bëssen opzeraumen an deem Sujet an eis op de neiste Stand vun der Fuerschung ze bréngen, hunn ech haut d’Tania Hemmer, eis Spezialisten zum Thema Kanner an hire Schlof, invitéiert.
Ee staarkt Team Episod 6 - Ech kann dat schon eleng
2022/05/02
Eltere vu klenge Kanner stelle sech ëmmer erëm d’Fro, wéini muss mäi Kand wat kënnen a wat ass, wann et dann eppes nach net sou gutt fäerdeg bréngt? Äntwerten op dës Froen an nach villes méi, héiert Dir lo an engem Gespréich tëschent dem Jeannine Schumann an dem Ana Luisa Carrilho vun der Eltereschoul. De Podcast dréint sech ëm folgend Punkten: Wat heescht dann eigentlech Autonomie? Wéini muss mäi Kand wat kënnen? Wéini riskéieren ech et ze iwwserfuerderen oder awer och z’ënnerfuerderen? Wat sinn do d’Richtlinne vun der Wëssenschaft? A wa mäi Kand net an d’Norm passt? E puer Tipps an Tricks vun eiser Säit
Ee staarkt Team Episod 5 - Pubertéit ass...
2022/02/16
Pubertéit ass, wann Elteren ufänke schwiereg ze ginn, esou heescht de 5. Episod vun eisem Podcast iwwer d'Erzéiung. D’Haapttheeme sinn: D’Gehier vum Jugendlechen ass wéi ee grousse Chantier Wat geschitt mat dem Jugendlechen an der Pubertéit? Firwat déi staark Oppositioun? Brauch dee Jugendlechen nach Reegelen a Grenzen? Lassloossen, ouni falen ze loossen Eng gutt Bezéiung mat dem Jugendleche behalen
Ee staarkt Team Episod 4 - A wann et dann awer mol schwiereg ass....
2021/12/03
An dëser Episod kucke mer wéi een als Elteren duerch méi schwiereg Momenter kënnt, wann et eemol net esou gutt klappt mat der Erzéiung, wéi ee sech dat virgestallt huet. Dëst erwaart iech an der Episod: - Wat huet Eltere sinn an Erzéiung mat enger Faarwepalett ze dinn? - Wéi kënne systemesch Familljeberodung an Triple P eng Ënnerstëtzung sinn? - Alternativen zum klengen Klapps op den Hënner - Wéi kann ech d'Verhale vun mengem Kand besser verstoen? - Wat erwaart mech an engem Triple P Cours? - Beispiller aus dem Alldag vun Grondschoulkanner - En klengen Exercice a flott Recommandatiounen vu Bicher Vill Spaass beim Nolauschteren Spring by Ikson @ikson Music promoted by Audio Library youtu.be/5WPnrvEMIdo Réalisation Légendes Urbaines
Ee staarkt Team Episod 3 - Modern Erzéiung
2021/10/27
An dëser Episod gidd Der gewuer wat d’Elteren a Kanner mat enger Sportsekipp an hirem Coach ze dinn hunn. Mir kucken eis d'Grondiddien an Prinzipië vun enger "moderner" Erzéiung un Dëst erwaart iech am 3. Episod: - Wat huet sech an der Covidzäit fir d'Eltereschoul an hirer Aarbecht verännert? - Besoinë vun eisn Kanner fir staark Erwuessener ze ginn - Wat huet Erzéiung mat enger Sportsekipp an hirem Coach op sech? - Réckbleck ob verschidden Erzéiungsstiler - Wéi klappt e gutt Zesummeliewe mat eise Kanner? - Wéi eng Elementer gehéieren zu enger gudder Kommunikatioun? - Zwee kleng Exercicer fir doheem mat Äre Kanner ze maachen Vill Freed beim Nolauschteren Spring by Ikson @ikson Music promoted by Audio Library youtu.be/5WPnrvEMIdo Réalisation Légendes Urbaines
E staarkt Team Episod 2 - Et gëtt een net als Eltere gebuer
2021/09/29
An eiser zweeter Episod schwätze mer doriwwer wéi d'Eltereschoul ob d'Iddi komm ass e Cours fir d'Maternitéen ze organiséieren a wéi dëse Cours ofleeft. Mir ënnerhalen eis iwwer d'Erausfuerderung fird' Famill an awer och fir d'Koppel, déi Gebuert vun engem Puppelchen mat sech bréngt. Froen ob déi mer am Podcast agi sinn: - Firwat sollen Elteren sech scho virun der Gebuert Gedanken zum Theema Erzéiung maachen? - Wéi ass d'Eltereschoul ob d'Iddi komm an Maternitéen ze goen? - Wat sin d'Theemen vum Cours? - Changementer déi ob d'Koppel no der Gebuert duerkommen - Wou kann ech mech umellen? An zum Schluss kritt der nach en flotten Exercice an en klenge Buchtipp mat op den Wee.. Spring by Ikson @ikson Music promoted by Audio Library youtu.be/5WPnrvEMIdo Réalisation Légendes Urbaines
Ee staarkt Team Episod 1 - D'Eltereschoul stellt sech vir
2021/07/09
Am éischten Deel geet et ënner anerem drëms firwat et iwwerhaapt eng Eltereschoul gëtt, an ob et dann iwwerhaapt wichteg ass Kanner ze erzéien. An dëser Episod gin mer ob folgend Froen an: - Wéi ass d'Eltereschoul 2002 entstanen? - Geet Erzéiung net einfach esou? - Wou kann een d'Eltereschoul iwerall fannen? - Wéi schaffe mir an der Eltereschoul? - Wéi gesäit d'Eltereschoul Erzéiung? Ob all dës Froë kritt Der an dësem Podcast eng Äntwert ,souwéi e klengen Exercice fir doheem. Spring by Ikson https://soundcloud.com/ikson Music promoted by Audio Library https://youtu.be/5WPnrvEMIdo Réalisation Légendes Urbaines

Podcast reviews

Read E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir podcast reviews


0 out of 5
0 reviews

Podcast sponsorship advertising

Start advertising on E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir relevant audience podcasts


What do you want to promote?