1588037785
1Komma5Grad

Advertise on podcast: 1Komma5Grad

Categories
Country
United States
This podcast has
7 episodes
Language
English
Explicit
No
Date created
2021/09/29
Latest episode
2021/12/10
Average duration
-
Release period
13 days

Description

Héichwaasser zu Lëtzebuerg, Polen di schmëlzen, Bränn am Süde vun Europa, Temperature vu bal 50 Grad Celsius a Kanada. Och ouni 6. Rapport vum Weltklimarot ass kloer: d Wiederextremer huelen zou. Virun allem sinn sech awer d'Experten eens a sécher, dass et eng mënschegemaachte Kris ass. Sou akut, dass d'Wuert Klimawandel net méi passt, awer Klima-Urgence. Am Podcast 1Komma5Grad diskutéieren d' Caroline Mart an de Pierre Weimerskirch iwwert eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir d' Politik an de kommende Joren.

Unlock 1Komma5Grad podcast Email contact info,
Listeners & Audience details

Email contact information

Direct podcast contact details

Listeners

Audience numbers & engagement insights

Audience details

Podcast Insights

Podcast episodes

Check latest episodes from 1Komma5Grad podcast


Episod 6 : “Lëtzebuerg war eng Insel”, 10/12/2021 17:29
2021/12/10
Wat huet Paleontologie mat Klimawandel ze dinn? De Bléck an d’ Vergaangenheet hëlleft eis ze verstoe wat haut geschitt, esou de Wëssenschaftler Ben Thuy. Am Naturmusée ass den Ament d’ Ausstellung “Lost Ocean”. D’ Ausstellung weist wei Lëtzebuerg virun 183 Millioune Joren ausgesinn huet. De Norde vum Land war Deel vun enger Insel. De Süde war Mier. Mir hu mam Paleontolog Ben Thuy iwwert d’ Welt vu virun 183 Millioune Joer geschwat a gekuckt wat een aus deem Wëssen notze ka, fir Phenomener vun haut besser ze verstoen. Hutt Dir Froen oder Ureegungen, maacht ee Mail op [email protected]
Episod 5 : Wandenergie aus de Mierer, 26/11/2021 16:40
2021/11/26
Wéi ee Potential huet d’ Wandenergie an der Ostséi fir Lëtzebuerg? An der Ostséi well sech d’ Lëtzebuerger Regierung un engem grousse Wandpark bedeelegen, fir dëse Projet, misst eng kënschtlech Insel matten an d’ Mier gebaut ginn an do sinn eng Partie Lëtzebuerger Betriber interesséiert matzeschaffen. Hutt Dir Froen oder Ureegungen, maacht ee Mail op [email protected]
Episod 4 : Grouss Erwaardungen u Glasgow, 11/11/2021 16:13
2021/11/11
Den Ament ass di 26. Weltklimakonferenz. D’ Erwaardungen un den Ofschlossrapport si grouss. Wei verlafen aktuell Verhandlungen? Wat ass ze erwaarde vun der COP26? A wou léien d’ Schwieregkeeten als Weltgemeinschaft ee globale Problem ze léisen? Hutt Dir Froen oder Ureegungen, maacht ee Mail op [email protected]
Episod 3 : Biodiversitéitsverloscht och zu Lëtzebuerg, 29/10/2021 15:07
2021/10/29
D’ Biodiversitéit geet iwwerall op der Welt zréck, och zu Lëtzebuerg riskéieren ëmmer méi Déieren a Planzen auszestierwen. An eisem Podcast 1komma5grad geet et dës Woch iwwert d’ Aartevillfalt an iwwert d’ Fro wat gemaach gëtt fir dëser Entwécklung entgéint ze wierken. [email protected]
Episod 2 : En Haus energetesch renovéieren, 15/10/2021 15:51
2021/10/15
Wéi kann ech en Haus energetesch renovéieren? A wat gëtt et u Primmen ? Am zweeten Episod diskutéieren d’ Caroline Mart an de Pierre Weimerskirch zesumme mam Sarah Juchems a Gilbert Théato vu myenergy doriwwer, wei ee Gebaier energetesch ka renovéieren, esou Sue spuere kann a seng Emissiounen erofsetzt.
Episod 1 : Firwat dëse Podcast?, 01/10/2021 15:49
2021/10/01
Froen an Ureegunge kennt Dir op [email protected] schécken. D’ Caroline Mart an de Pierre Weimerskirch diskutéieren iwwert d’ Iddi hannert 1Komm5Grad, de Parallellen tëscht der Corona- an der Klimakris an enger Table Ronde vum Institut Pierre Werner.
Episod 0: Podcast iwwer Klimawandel, 28/09/2021 16:15
2021/09/28
D'Experte si sech eens, de Klimawandel ass mënschegemaach. Am Podcast 1Komma5Grad diskutéieren d' Caroline Mart an de Pierre Weimerskirch all 2 Wochen iwwert eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir d' Politik an de kommende Joren.

Podcast reviews

Read 1Komma5Grad podcast reviews


0 out of 5
0 reviews

Podcast sponsorship advertising

Start advertising on 1Komma5Grad relevant audience podcasts


What do you want to promote?