1703257040
Déi gutt Mod

Advertise on podcast: Déi gutt Mod

This podcast has
46 episodes
Explicit
No
Date created
2023/08/18
Latest episode
2026/09/15
Average duration
46 min.
Release period
26 days

Description

Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leeden se gemeinsam e 78 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d'Lynn Warken an d'Melody Hansen an dësem Podcast. Dobäi schwätze si heiansdo mateneen, heiansdo mat Gäscht iwwer Female Leadership, den Alldag an enger Féierungspositioun an d'Learnings, déi een dobäi mathëlt.

Podcast episodes

Check latest episodes from Déi gutt Mod podcast


#45 E Virstellungsgespréich beim Grand-Duc feat. Isabelle Faber
2026/09/15
D'Isabelle Faber ass Directrice fir Ressources humaines, Kommunikatioun an Nohaltegkeet bei der Post. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours – vun enger Kandheet zu Schëtter iwwer d'Côte d'Azur, en ofgebrachent Medezinstudium an eng Karriär, déi hatt vum Radio iwwer en Job an engem vun de Big Four bis an de Cabinet vum Grand-Duc gefouert huet. D'Isabelle erzielt, firwat hatt sech selwer bei der Post als déi "timbréiert Madamm" bezeechent, wéi et war, als jonk Mamm ouni Congé parental ze schaffen a firwat eng Rees an de Bhutan säi Liewe verännert huet. Mir schwätzen iwwer Quotefraen, Sororitéit a firwat et heiansdo gutt ass, als éischt Jo ze soen an duerno eréischt ze iwwerleeën.
#44 Wann s de vergëss, wat s de kanns feat. Céline Zimmer
2026/08/04
D'Céline Zimmer ass Architektin, Fuerscherin an Entrepreneurin. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours – vu sengem Papp, deen hatt als Kand an e Corbusier-Klouschter matgeholl huet, iwwer e Studium zu Tréier an Hamburg bis bei en Doktorat iwwer d'Wunnengskris, deen hatt bal net gemaach hätt. D'Céline erzielt, firwat véier Stonne Fokuszäit schonn e gudden Dag sinn, wéi et ass, als jonk Fra mat neien Iddie géint Maueren ze lafen a firwat Entrepreneursgeescht och e Privileeg ass. Mir schwätzen iwwer Wunnkooperativen, iwwer d'Fro, ob ee muss wëssen, ob ee Kanner wëll an iwwer dee klenge Fësch, dee mat enger falscher Floss tëschent Haie schwëmmt.
#43: Nom Congé de maternité zréck op de Büro
2026/07/14
Mir si rëm zesummen um Mikro. Wéi war et no 5 Méint erëm op de Büro zeréckzekommen? A wéi huet sech déi Zäit virdrun ugespuert? Fir d’Lynn, dat fort war, awer och fir déi, déi an där Zäit seng d'Verantwortung iwwerholl hunn? Mir schwätzen iwwer déi éischt Wochen zréck, Brainfog, Zweifel, Vertrauen, nei Prioritéiten an d'Fro, wéi ee Verantwortung ofgëtt an erëm zeréckhëlt. Mee och doriwwer, wat et wierklech bedeit, e Betrib ze féieren a wéi dës Erfarung dem Melody en neien Abléck and'Entreprisenféierung ginn huet. Et geet ëm eis Learnings, Ängscht an d'Erkenntnis, dass dës 5 Méint eis als Ekipp verännert hunn.
#42 Ass eng Infirmière automatesch eng gutt Mod? feat. Anne-Marie Hanff
2026/06/24
D'Anne-Marie Hanff ass Infirmière, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg a Presidentin vun der Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren, der ANIL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours: Vun der Infirmièresschoul, wou d'Äntwert op all Fro "dat maache mer hei esou" war, iwwer eng Zäit an der Schwäiz, déi alles verännert huet, bis bei en Doktorat, deen hatt aus Protest gemaach huet. D'Anne-Marie erzielt, firwat hatt zu engem Moment alles wollt zréckloossen a Kächin oder Theater studéiere goen, firwat hatt sech bei der ANIL mat engem kompletten CV als Benevole gemellt huet – a firwat eng Infirmière net automatesch eng gutt Mod ass. Mir schwätzen iwwer Generatiounskonflikter am Fleegeberuff, iwwer falsche Respekt vis-à-vis vu Medezinner*innen, a wéi säin aachtjäregt Meedchen him gehollef huet, eng besser Work-Life-Balance ze fannen.
#41 De Wee fir anerer fräi maachen feat. Caroline Mart
2026/05/27
D'Caroline Mart ass laangjäreg Journalistin an eent vun de bekanntste Gesiichter vun RTL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwer säi Parcours: Vun enger Kandheet tëscht New York, Bréissel a Lëtzebuerg iwwer d'Europaschoul, e Studium zu Bréissel, bis bei eng Karriär, déi hatt als Quotefra an enger renger Männerredaktioun ugefaangen huet. D'Caroline erzielt, wéi et war, als jonk Fra an engem rauem Ëmfeld net eescht geholl ze ginn, firwat hatt dräi Kanner a véier Joer kritt an all Kéiers no kuerzer Paus erëm geschafft huet, a wéi chronesche Schlofmangel hatt iwwer Jore begleet huet. Mir schwätzen iwwer de Kloertext, iwwer d'Verantwortung vum Journalismus an Zäite vu Polariséierung, a firwat Literatur fir d'Caroline mental Hygiène ass.
#40 Wéi geréiert ee 4.000 Mënschen? feat. Dr Martine Goergen
2026/05/06
D'Dr Martine Goergen ass Chirurg a säit 2024 Direkter vum CHL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert hire Parcours - vum Lycée Michel Rodange iwwer d'Chirurgie-Formatioun zu Bréissel, Liewerchirurgie zu Madrid an Thoraxchirurgie zu Paräis bis bei d'Direktioun vun engem Spidol mat 4.000 Mataarbechter*innen. Si erkläert, firwat si gären Direkter an net Directrice genannt gëtt, firwat si trotz enger 60-Stonne-Woch als Direkter nach ëmmer operéiert - a firwat esou wéineg Chirurginnen sech déi Plaz huelen, déi hinne géif zoustoen. Zum Schluss schwätze mir iwwer Hyrox, Konscht an d'Fro, wéi een als Dokter léiert, eng schlecht Noriicht ze iwwerbréngen.
#39 Wann net just de Patron, mee de Papp ewechfält feat. Chris a Marielou Haentges
2026/03/31
"Een Haentges kennt seelen eleng", soen hier Kolleegen iwwert se. Ma esou waret och fir eise Podcast: D'Schwëstere Chris an d'Marielou Haentges waren zesummen am Podcast zu Gaascht. Si sinn Allenzwee an der Gerance vun der Familljebetrib Asport mat dran, déi hier Elteren an den 80er gegrënnt hunn. Mee well si och eppes Eegenes op d'Been stelle wollten huet d'Marielou de Kleederbuttek Stitch virun e puer Joer iwwerholl an d'Chris huet virun e puer Méint de Fitnessstudio Omonia um Houwald opgemaach. Am Podcast schwätzen si oppen iwwert déi haart Zäit nom dout vun hirem Papp, an där d'Entreprise huet misse weider dréien an sech nei opstellen. Doduerch si si als Famill awer nach méi enk zesummegeréckelt. Et geet em dat schlecht Gewëssen, dat een huet wann een net schafft a wat déi permanent Erreechbarkeet domat zedinn huet. An mir fannen eraus wat d'Chris besser kann ewéi d'Marielou – an ëmgedréint.
#38 Wéi ginn ech mat onfaire Situatiounen em? feat. Lis Fautsch
2026/03/10
D'Lis Fautsch ass eemoleg Fechterin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert d’Schwieregkeeten an d'Ongerechtegkeeten, déi hatt a senger Fecht-Karriär erlieft huet, d'Olympesch Spiller, fir déi hatt wärend senger Schwangerschaft trainéiert huet a säi Bezuch zu Sport haut - wou hatt net méi Profi-Fechterin ass. D'Lis Fautsch huet duerch eng Optioun am Lycée d'Passioun fir d'Fechten fir sech entdeckt. No der Première zitt et déi jonk Fra op Wien fir de Studium, ma dono decidéiert hatt sech awer dozou, et nach eng Kéier mat der Profi-Karriär ze probéieren a gëtt Sportzaldotin. Haut ass d'Lis Fautsch Responsabel vun der Kommunikatioun vum COSL an huet dräi Kanner.
#37 Wat verbënnt Lëtzebuerg mat Brasilien? feat. Dominique Santana
2026/01/26
D'Dominique Santana ass Fuerscherin, Historikerin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwer genee dës Rollen an d'Fro, wéi hatt et fäerdegbréngt, se am Alldag ze vereenen. D'lëtzebuergesch-brasilianesch Fuerscherin kënnt gebierteg vun Diddeleng a schafft haut am C2DH (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History) um Unicampus Belval. Hatt ass net nëmmen duerch seng Originne mat Brasilie verbonnen; eng Zäit laang huet hatt Rio de Janeiro säin Doheem genannt an den Dokumentarfilm A colônia luxemburguesa iwwer d'lëtzebuergesch Minnenaarbechter a Brasilie realiséiert. Aktuell ass d'Dominique schonn um nächste Projet beschäftegt. Wéi hatt dem Melody erzielt, funktionéiert säin Alldag – trotz wéineg Schlof wéinst engem klenge Kand – mat der Hëllef vu Yoga, Meditatioun a Matcha. Ernimmten Artikelen: Social Media am jonken Alter De Projet vum Dominique Santana “A colônia luxmeburguesa” : https://colonia.lu/de Radio Lëtzebuerg: https://radio.lu/en/
#36 Wéi soen ech mengem Patron, dass ech Mamm ginn? feat. Hanna Meyer
2026/01/07
D’Hanna Meyer war wärend senge Studiejoren als dat bekannt, wat oft a vill Stagë mécht. No engem Stage an den USA wärend der Finanzkris 2008, verschléit et déi geléiert Kommunikatiouns-Expertin awer rëm zeréck op Lëtzebuerg. Mëttlerweil ass d'Hanna d'Directrice vum Kommunikatiouns-Departement vun der Chambre des Métiers an ass Mamm vun zwee Kanner. An dëser Episod schwätze mir iwwert säin akademesche Wee, deen hatt bis a Südfrankräich a South Carolina gefouert huet, d'Valorisatioun vum Handwierk a wéi hatt mat nëmme véier Stonne Schlof trotzdeem funktionéiert.
#35 Muechtmëssbrauch an d'Wichtegkeet vu Feminismus feat. Jessika Rauch
2025/12/17
Jorelaang huet d'Jessika Rauch an der Privatwirtschaft geschafft, ier hatt de Courage hat, ze kënnegen an de Sprong an d'Selbststännegkeet gewot huet. Déi gebierteg Saarlännerin war scho beim SWR, Beiersdorf a Villeroy&Boch ugestallt. No engem hallwe Joer an Italien huet hatt dunn d'Decisioun geholl, Independant ze ginn. Haut lieft a schafft hatt zu Lëtzebuerg am PR-Beräich. An dëser Episod schwätze mir iwwert Iwwergrëffegkeeten op der Aarbecht, firwat de Fluchmodus heiansdo ganz hëllefräich ass a wéi d'Jessika domat ëmgeet, kee Moiesmënsch ze sinn, an dat an enger Aarbechtswelt, déi dorop ausgeluecht ass.
#34 Onsiichtbar Care-Aarbecht am Betrib feat. Bérengère Beffort
2025/11/26
Journalismus, Politik a Kommunikatioun – d’Bérengère Beffort huet a senger Carrière an all deene Beräicher Erfarung gesammelt. Hatt war Journalistin an enger Zäit, an där et nach keng sozial Medie goufen, a Redaktiounskonferenzen, an deenen hefteg diskutéiert gouf, waren seng léifste Momenter. Haut ass hatt Head of Communications vun der Chambre de Commerce, wou hatt déi dräi Welten zesummebréngt. An dëser Episod erzielt hatt, firwat et sech lount, dem Rouegsten am Raum d’Wuert ze ginn, wéi seng Aarbecht um Ministère de l’Égalité des genres hatt laangfristeg gepräägt huet an, datt et onsiichtbar Care-Aarbecht och an Entreprisë gëtt.
#33 Grenzen zéien an iwwerwannen feat. Thorunn Egilsdottir
2025/11/11
An dëser Episod schwätzt d’Melody mam Thorunn Egilsdottir, Expat Service Manager bei der Spuerkeess. Et geet ëm dem Thorunn seng Carrière – vun der Bank an d’Medien, erëm zréck an d’Bank – an em seng Motivatioun, sech stänneg weiderzebilden. Wéi fir eng Wikingerin ob hirem Schëff, muss et fir d’Islännerin ëmmer virugoen. D'Thorunn erzielt, wéi hat et gepackt huet, nieft engem Vollzäitjob als Marketingcheffin vun engem Medieverlag an als elengerzéiend Mamm, och nach e Master ofzeschléissen. Am Gespréich geet et och ëm seng Teenagerjoeren an Island an déi wichteg Roll, déi staark Frae schonn ëmmer an sengem Liewe gespillt hunn. Hei d'Artikelen déi an dëser Episod erwäänt goufen: https://journal.lu/de/die-vergessenen-50-prozent https://journal.lu/de/wie-toxische-maennlichkeit-und-queerfeindlichkeit-die-schule-erobern
#32 Paus: Déi aner Säit vun der Medaille
2025/10/29
De Congé de Maternité steet virun der Dier, d’Preparatiounen am Betrib komme sou lues op en Enn an déi éischt Upassungen droen hir Friichten. Eng Fro vun enger Nolauschterin stéisst eng Diskussioun un doriwwer, ob esou eng Paus de beruffleche Wee verännert, wou se bremst, wou se e Neiufank méiglech mécht, a firwat Gläichstellung nach ëmmer net selbstverständlech ass.
#31 Leadership a Famill: Tëscht Paus a Perspektiven feat. Maxi Pesch
2025/09/17
An dëser Episod schwätze mir iwwert eis Erfarungen, wéi eng Féierungspositioun organiséiert ka ginn, wann ee vun eis an de Congé de Maternité geet. Am Gespréich geet et ëm déi temporär Ëmstrukturéierung am Betrib, d’Learnings aus dëser Zäit an d’Chance fir d’Weiderentwécklung vun der Ekipp. Mir diskutéieren och, wéi vill Fräiheet entsteet, wann ee säi Poste selwer verdeele kann an decidéiert, wéi genee déi Struktur soll ausgesinn. Eng aner wichteg Dimensioun si Virurteeler géint Fraen an hiren 30er an d’Virstellung, si kéinte “schwanger ginn“. Wéi beaflossen esou Gedanken a Musteren d’Karriärweeër? Et kann och anescht goen: Eng bewosst Ëmgestaltung vun der Aarbechtsplaz an eng oppen Diskussioun iwwer Rollen a Verantwortung kënnen d’Betribskultur stäerken an d’Zesummenaarbecht verbesseren.
 Zousätzlech schwätze mir mat der Journalistin Maxi Pesch iwwer säi Podcast 1000 Deeg. Am Mëttelpunkt steet d’Fro, wat Kanner an den éischten 1000 Deeg fir hir Entwécklung brauchen, a wéi dat mat der Iddi vun enger nohalteger Zukunft zesummenhänkt. D’Maxi deelt seng Erfarunge beim Opbau vu senger eegener Mark, enger engagéierter Community, erkläert, firwat hat de Podcast lancéiert huet, a weist op Sujeten hin, déi nach méi staark nobausse gedroe musse ginn. Hei geet et bei de Podast: 1000 Deeg: https://open.spotify.com/show/0qdq91nqa2PzmRDBOpADRP?si=8fc5c4b6d12a4c57

Podcast reviews

Read Déi gutt Mod podcast reviews


0 out of 5
0 reviews

Podcast sponsorship advertising

Start advertising on Déi gutt Mod relevant audience podcasts


What do you want to promote?

You may also like to advertise on these Podcasts