1716705614
FJD presents: Business Bistro

Advertise on podcast: FJD presents: Business Bistro

This podcast has
30 episodes
Publisher
Moskito / FJD
Explicit
No
Date created
2023/11/15
Latest episode
2026/10/11
Average duration
82 min.
Release period
38 days

Description

D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.

Podcast episodes

Check latest episodes from FJD presents: Business Bistro podcast


FJD Business Bistro S3#9 - Gérard Thein
2026/10/11
Gérard Thein An dëser - vläicht leschter Episod vum FJD Business Bistro hu mir keen anere wéi den nach President vun der FJD am Studio: De Gérard Thein. Hien ass awer net nëmme ganz aktiv bei der FJD mee ass och nach bekannt fir säin onermiddlechen Enthusiasmus fir Esch. Donieft huet de Gérard awer och nach ee richtege Beruff an nach ganz vill aner méi oder manner professionell Beschäftegungen. Wéi hien dat mécht fir alles ënnert een Hutt ze kréien, ob hien den nächsten Escher Buergermeeschter gëtt a wat hien dann elo no senger Presidence maache wäert - dat alles a vill méi hu mir mam Gérard beschwat. Am Ufanks Catch Up geet et beim Georges a Carole des Kéier em den Developpement vum Immobilie Marché zu Lëtzebuerg. An zum Schluss gëtt et dann e bësse méi emotional wann et heescht: "Time to say Goodbye".  Lauschtert eran.
FJD Business Bistro S3#8 - Xin Yuan
2026/07/20
Xin Yuan Hannert d’Kulisse vun Amazon Lëtzebuerg Dëse Mount gëtt et ganz international beim FJD Business Bistro. Mir sinn immens frou d’Xin Yuan ob Besuch ze hunn – eent vun em déi 50 rare Lëtzebuerger déi bei Amazon zu Lëtzebuerg schaffen. Hatt ass Category Leader an gëtt eis een exklusive Bléck hannert d’Kulisse vum gréissten Employeur vum Kierchbierg. Wann Dir also wësse wëllt firwat PowerPoints out sinn oder awer firwat et an den eischten 10 Minutte vun engem internen Amazon Meeting ëmmer ganz roueg ass – da lauschtert eran. Am Ufanks Catch-Up bleiwe mer international an mir schwätzen iwwer 2 Léit déi de Georges an d’Carole impressionéiert hunn – ob déi eng oder aner Aart: d’Katy Perry an de Lenny Kravitz. Bei weem de Georges an der éischter Rei stoung an sech ee T-shirt kaf huet…alles wichteg Froen ob déi mir an dëser Episod äntweren. Et ass also wei ëmmer der Wäert fir eranzelauschteren. Enjoy!
S3#7 - Maxim Straus
2026/06/10
Maxim Straus Straus oder Strauss – that’s the question. Mir fänken dësen FJD Business Bistro mat der grousser Fro u firwat de Georges esou midd ausgesäit. Wann een da bis weess dass hien den Dag virdru réischt vum faméisen FJD Study Trip zeréck koum, da versteet een. E bësse Gossip gëtt natierlech och erzielt, ier de Georges an d’Carole e bësse mei philosophesch ginn an iwwer richtege Räichtum schwätzen a wat dëst eigentlech ausmëscht. Als smoothen Iwwergang fir bei eise Gaascht verréit de Georges eis och nach, waat hie fir d’lescht online kaf huet a wou. Zu Gaascht ass an dëser Episod de Maxim Straus -  CFO a Vice President vun der Cargolux. Mat him schwätze mer driwwer wéi hien ob déi Plaz koum, wei de Marché ausgesäit a wou en sech wäert hindeveloppéiren. Wat sinn d’Trends bei den Transportfligeren a ween wäert se als éischt ëmsetzen: Boeing oder Airbus. Eng immens interessant Episod wou jiddereen eppes bäiléiere kann. Definitiv der Wäert fir eranzelauschteren.
S3#6 - Caroline Mart
2026/05/14
Caroline Mart Wat huet Jurassic Parc mat FJD ze dinn? An dëser Episod vum FJD Business Bistro hu mir déi grouss Chance d’Grande Dame oder wéi si sech och mol selwer genannt huet, den Dinosaurier vun der Lëtzebuerger Télé zu Gaascht – d’Caroline Mart. An dat ob hirem éischte richtegen Dag vun hirer wuelverdéngter Pensioun. Een interessant Gespréich iwwer hir Ufäng an engem absolut Männerdominéierte Secteur, doriwwer firwat d’Politik fir si ni ee Reiz hat, wéi d’Zukunft vun de Medien a Journalismus ass an awer och wat hir Zukunftspleng sinn – an där huet si der nach vill. Roueg wäert et definitiv net ginn. D’Carole an de Georges ënnerhalen sech am Ufanks Catch-up iwwer d’Medie Welt, d’Aide à la presse déi zu Lëtzebuerg ausbezuelt gëtt a ginn och liicht nostalgesch wann si un hir Jugend respektiv Kandheets Erfarunge mat Schülerzeitungen zeréckdenken. Lauschtert eran.
S3#5 - Alexa Ballmann
2026/04/27
Alexa Ballmann Vum Manzilian bis zum Mindestloun – d’Kinnigin vun der Schéinheet zu Lëtzebuerg bei eis um Dësch. Dir wollt schonn ëmmer wëssen, wat e Manzilian ass? Oder éischter, wéi et der Schéinheetsindustrie zu Lëtzebuerg wierklech geet?  An dëser Episod vum FJD Business Bistro hu mir keen anere wéi d’Alexa Ballmann als Gaascht. Mir schwätze mat hir iwwer hire Wee an d’Selbststännegkeet, wéi ee vum “Garçon manqué” zur Cheffin vun zwee Schéinheetsinstituter gëtt, a firwat Entreprenariat heiansdo manner Glamour an éischter méi Excel ass - trotz gëllenen Tapéiten. Natierlech kucke mir och op hir vill aner Engagementer, op Visibilitéit, Kritik, an ob eng gewësse Expositioun engem Business hëlleft... oder éischter net. An jo: de Mindestloun kënnt och kuerz op den Dësch – well och an der Beauté-Welt ginn d'Käschten an d'Rechnungen net mat Hyaluron Crème bezuelt.  Am Ufanks Catch-up geet et dann ëm déi neiste Schéinheets-Trends. Vun Sephora Kids iwwer Baby Botox bis bei dat Thema, dat dem Georges einfach net mei aus dem Kapp geet: Manzilians. An wann dir och nach wësse wëllt wéi een Déier eis allen 3 am beschte beschreift da llauschtert eran – et gëtt wéi ëmmer: éierlech, witzeg an interessant.
S3#4 - Joé Schmit & Steve Vermeer
2026/03/27
Steve Vermeer & Joé Schmit Immobilien zu Lëtzebuerg —Vum Goldrausch zur Kaffispaus? Dir erënnert iech nach un déi Zäiten, wou all Gaarde-Schapp zu Lëtzebuerg fir eng Millioun Euro verkaaft gouf? Déi schéi gëllen Zäiten... Mä wat ass eigentlech geschitt zënter 2022? An dëser Episode vum FJD Business Bistro sëtze mir zesumme mat zwee Männer aus der Praxis: dem Joé Schmit vu Simpact a dem Steve Vermeer vun Investe Group & Lionstone Capital Management. Mir schwätzen iwwer agefruere Projeten, dem éischter negativen Image vum Promoteur oder wéi si elo haut heeschen: Développeur zu Lëtzebuerg, dem administrativen Albdram vum Bau, dem soziale Wunnengsbau an neie Forme vum Wunnengsdeveloppement, dem Rôle vum Staat, dem Impakt vun der Kris ob d'Lëtzebuerger Ekonomie an awer natierlech och iwwert potentiell Léisungen. Beim Carole a Georges hirem Ufanks Catch Up geet et och em Zuele vum Lëtzebuerger Wunnengsmaart a firwat d'Carole u sech d'Cause vun der aktueller Logementskris ass. an awer och em e puer méi locker Theme wéi verschidden aktuell Werbecampagne fir nei Moudenhaiser, Starcrushs, Sport um Sonnden, Benefiz-Hyrox oder awer nach, wéi flott et ass an de Bësch spadséieren ze goen. Vill Spaass domat.
S3#3 - Chris Haentges
2026/03/13
Episod 4 vum FJD Business Bistro zesumme mam Chris Haentges vum Asport an Omonia. Des Episod huet d’Carole an de Georges richteg un d’schweesse bruecht. Si hunn et sech net huele gelooss fir den Omonia selwer testen ze goen. Si hunn hir feshsten Gym Kleeder ausgepak an hu souwuel de Spinning wei och de BootCamp fir Iech getest. Den Outcome gesitt dir am FJD Afterwork Channel. Mee ier si mam Chris schwätzen, haten de Georges an d’Carole natierlech rëm hire klenge CatchUp an do goung et iwwert gestagte Photoe, dem Beach Body oder de Man Butt bis zu dem Georges sengem neie Protein Hype. An natierlech hunn si och schonn den Terrain preparéiert fir alles wat Sports Retail ass, Trends am Fitness Club Beräich a dir gidd natierlech och gewuer wei sportlech déi 2 ënnerwee sinn (oder net). E puer Bicher Recommandatioune fannt Dir an de Shownotes. Mam Chris Haentges schwätzen déi 2 iwwert säi Parcours zu München ob der Uni wou hatt net nëmmen de Sport an d’Sport Community sou richteg fir sech entdeckt huet, mee wou hatt och wärend 6 Joer an der Rüstungsindustrie geschafft huet. Firwat hatt zeréck ob Lëtzebuerg koum, seng Entrepreneur’s Gene, d’Schaffen an engem Famillje Betrib, d’Idée hannert dem Omonia an d’Challenge vun engem neie Betrib, sinn nëmmen e puer vun de ville Themen déi an dëser Ronn ugeschwat goufen. An wann Dir elo och Loscht hutt fir iech um Vëlo wärend 45 Minutten oofzestrampelen, iech et zoutraut ee Bootcamp Cours beim Chris ze maachen oder awer et éischter gemittlech beim Yoga Flow ugoe wëllt, hu mir ee Code fir Iech wou dir 1 x gratis teste kennt. Einfach ob eversports.com goen – den Omonia sichen an do de Code FJD2026 aginn an da kennt dir gratis 1 Cours an den Omonia teste goen. Falls dat net klappe sollt- schreift einfach dem Chris: [email protected]
S3#2 - Laurent Loschetter
2026/02/06
D’Saison 3 vum FJD Business Bistro gëtt ënnerstëtzt vun der FJD hiren 3 Gold-Partner: Arnold Kontz Group, Félix Giorgetti a Goeres Horlogerie. D’ Saison 3 vum FJD Business Bistro geet weider wéi se ugefaang huet – mat staarke Geschichten, witzegen Anekdoten an natierlech e puer Insights a Gossip deen een definitiv néirens aneschters nolauschtere kann. Ausser vläicht live am richtege Bistro. Mir fänken u mam Georges senger Visite vu Shenzhen a wat hien do alles sou gesinn an erlieft huet a wat dovunner hien sech och hei zu Lëtzebuerg gutt virstelle kéint. Vun Shenzhen geet et riicht weider bei eise Gaascht – kengem anere wei “The Men of the Men(s) vu Lëtzebuerg” – dem Laurent Loschetter. Keen huet d’Lëtzebuerger Concerts Zeen esou geformt wéi hien. Mee mir schwätzen net nëmmen iwwert den Atelier mee och wat de Laurent dann esou an der Schoul gemaach huet, wei hie mat knapps 18 Joer seng éischte Firma konnt grënne, firwat hien ob d’Iddi komm ass eng Concertshaal ze lancéieren, ween vu senge Copainen och haut nach mat him zesumme schafft an natierlech – a mir wëssen dir waart all drop – wéi et eigentlech zur grousser Show vum Trounwiessel koum. Wann dir elo och wësse wëllt wat nom Trounwiessel als nächst usteet, da lauschtert eran.
S3#1 - Benji Kontz
2025/12/17
D'Saison 3 vun dësem Podcast gëtt ënnerstëtzt vun der FJD hiren 3 Gold-Partner: Arnold Kontz Group, Félix Giorgetti a Goeres Horlogerie. Endlech si mer zeréck mat der Saison 3 vum FJD Business Bistro - de Podcast fir déi bësse mei locker Gespréicher iwwert Business zu Lëtzebuerg. Dëst Joer dréit sech bei der FJD alles em de berühmte Lëtzebuerger Slogan: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn. Oder besser em d’Fro: kenne mir bleiwe wat mir sinn. An dëst probéiere mir natierlech och an de Podcast afléissen ze loossen. Mir fänken d’Saison un mat enger Persoun déi sech sot – nee mir bleiwen net wat mir sinn – mir änneren. Mir schwätze mam Benji Kontz – Administrateur Délégué vum Arnold Kontz Group. Eng Firma déi aus dem Lëtzebuerger Autosmarché net ewech ze denke war an trotzdeem huet de Benji fir d’éischt d’BMW Aktivitéit verkaf an e puer Joer méi spéit och de Recht vun der Auto’s Aktivitéit vum Grupp fir sech elo verstäerkt op déi 2 Vëlos Geschäfter ze konzentréieren. Wei et dozou koum, wat engem do duerch de Kapp geet a wat Yoga mat deem ganzen ze dinn huet- doriwwer schwätzen de Georges an d’Carole haut mam Benji. Am Intro schwätzen de Georges an d’Carole iwwert Konscht, natierlech iwwer Autoen an iwwert wat et bei hinne fir Chrëschtdag z'iesse gëtt. Wann Dir also nach eng Inspiratioun fir Chrëschtdag sicht -lauschtert eran (Spoiler: Dem Georges säin Menu ass net wierklech Veggie friendly).
S2#9 - Catherine Wurth
2025/10/15
Déi lescht Episode vun der Saison 2 fir den FJD Business Bistrot Podcast. Eng lescht Episode am Kader vum Thema “Navigating Extremes”. Des Kéier geet et em Extreme Job Changes zesumme mam Catherine Wurth. D’Catherine huet virun engem Joer decidéiert seng Karriär als Head of Sustainability an enger grousser Finanzinstitutioun opzeginn an an ee komplett aneren Domaine ze wiesselen – dee vun der Economie Sociale. Hatt ass haut Directrice Adjointe vu Co-Labor. Wat Co-Labor ass, wei säin Alldag changéiert huet, firwat hatt wollt eppes ganz Neies maachen, wat seng Kanner dovun haale a wat Stol mat deem ganzen ze dinn huet, dat gitt dir an dëser Folleg gewuer. Am Intro schwätzen de Georges an d’Carole iwwer d’Jobcalypse, den Impakt vun AI ob den Aarbechtsmarché, dem Georges säin neie Meeting Outil an natierlech geet et och em den Trounwiessel an d’Monarchie souwéi dorëm dass 2 vun de 4 Chambellane Membere vun der FJD sinn. Lauschtert eran a mir freeën eis iech an der Saison 3 rëmzefannen.
S2#8 - Claude Wagner
2025/09/11
D’Summerpaus ass eriwwer a mir sinn zeréck. Des Kéier mam “archétype du multi-entrepreneur” – dem Claude Wagner. Ir et bei de Claude geet, geet et beim Georges a Carole iwwert all méiglech Sujet - vum Axl Rose iwwert Sportswear bbis zu Cargo Bikes an der Staat a an de Gemenge. Dono schwätzen si mam Claude iwwert seng Escher Hierkonft, seng vill Betriber, säi Wee dohinner, d’Challenge a wei een et mécht fir iwwer 1100 Léit ze managen an trotzdeem nach bal all Mënsch mam Numm ze kennen. Mir schwätzen awer och iwwert dem Claude seng Passioun fir Ultratrails a wéini hien nach Zäit fënnt fir ze trainéieren. Ee sympatheschen an immens inspiréierende Business Talk deen een net verpasse soll. Als kleng Recommandatioun gëtt de Georges iech des Kéier dëst Buch mat ob de Wee: https://www.ernster.com/en/detail/ISBN-9782073061195/Chapoutot-Johann/Les-irresponsables---Qui-a-porté-Hitler-au-pouvoir-?bpmctrl=bpmrownr.1%7Cforeign.276570-1-0-0
S2#7 - Luc Frieden
2025/07/21
Déi lescht Episode virun der Mini-Summer Paus an des huet et natierlech a sech. Mir schwätze mat kengem anere wéi mam wichtegste Mann vu Lëtzebuerg – eisem Premier Minister Luc Frieden. De Georges an d’Carole goufen ob d’Place Clairefontaine invitéiert wou si mam Mann vun der Natioun iwwer d’Aktualitéit schwätzen: Pensioune, Depense, Spuermesure, Lëtzebuerg am international Kontext an d’Zukunft vun der Politik. Natierlech hu mir et eis awer och net huele gelooss fir bësse mei locker Themen unzeschwätzen a wann dir wësse wëllt wat dem M. Frieden seng kleng Caprice sinn, wei eng kleng Saachen hie frou maachen oder ween hien an eng Rees an de Weltall mathuele géing, da lauschtert eran. Am Intro Deel – schwätzen de Georges an d’Carole des Kéier net iwwer Statistike mee iwwer Iechternach, wei een ee Kaweechelchen ob Iechternachech nennt an iwwert hir Lecture vum Summer. Vill Spaass a schéine Summer iech all.
S2#6 - Anne Kaiffer
2025/06/12
1 Carnivore, 1 Metzler an 1 Vegetarier an engem Raum ob engem Méinde Moien – dat kann nëmmen interessant ginn. Haut als Gaascht: Anne Kaiffer**: Metzlermeeschtesch (déi eenzeg aus dem Land), Patronne vu Boucherie Kaiffer – engem Familljebetrib a 4ter Generatioun – Mamm, Jeeër, Presidentin vun der Liewensmëttel Federatioun an och nach politesch aktiv an der Stater Gemeng. Eng absolut Powerfra also.
S2#5 - Carole Muller
2025/05/22
Mir sin ganz frou fir d’Carole Muller och nach bekannt als “la personnalité économique la plus influente de l’année” bei eis am Studio ze begréissen an schwätzen mat him iwwert de Retail zu Lëtzebuerg, de Discours iwwert d’Öffnungszäiten oder awer och nach iwwer seng verschidden Kaapen.
S2#4 - Jean-Paul Olinger
2025/04/30
Alles wat dir schonn ëmmer iwwert är Steiererklärung wësse wollt a villes méi... dorëm geet et an der neier Episode vum FJD Business Bistrot.

Podcast reviews

Read FJD presents: Business Bistro podcast reviews


0 out of 5
0 reviews

Podcast sponsorship advertising

Start advertising on FJD presents: Business Bistro relevant audience podcasts


What do you want to promote?

You may also like to advertise on these Podcasts