1731814095
Poterkëscht vum INLL

Advertise on podcast: Poterkëscht vum INLL

Rating
★★★★★
5
from
1 reviews
This podcast has
221 episodes
Language
English
Publisher
Poterkëscht
Explicit
No
Date created
2024/02/19
Latest episode
2026/10/22
Average duration
7 min.
Release period
7 days

Description

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Unlock Poterkëscht vum INLL podcast Email contact info,
Listeners & Audience details

Email contact information

Direct podcast contact details

Listeners

Audience numbers & engagement insights

Audience details

Podcast Insights

Podcast episodes

Check latest episodes from Poterkëscht vum INLL podcast


Am Kleederbuttek & Falsch Online-Bestellung (A2-B1)
2026/10/22
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger. Am éischten Dialog ass eng Persoun am Kleederbuttek a wëll eng nei Jackett kafen. Am zweeten Dialog ass eng Persoun an engem Guichet, well si e Problem mat enger Online-Bestellung huet. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Kleederbuttek Client: Moien. Ech wéilt gär eng Jackett an der Gréisst M umoossen.  Verkeeferin: Moien. Wat fir eng Jackett wéilt Dir gär umoossen?  Client: Déi schwaarz Jackett do. Hutt Dir se nach an der Gréisst M?  Verkeeferin: Waart, ech kucken no. Leider ass d'Gréisst M ausverkaf.  Client: Schued. Hutt Dir da vläischt nach esou eng Jackett an enger anerer Faarf?  Verkeeferin: Jo, mir hunn déi Jackett nach am Bloen.  Client: Hutt Dir se dann och nach an der Gréisst M?  Verkeeferin: Jo, si ass nach an der Gréisst M do.  Client: Kann ech se wgl. uprobéieren?  Verkeeferin: Natierlech. D'Kabinne sinn do hannen.  Client: Merci. … O, si passt gutt. Wéi vill kascht se?  Verkeeferin: Si kascht 59 Euro.  Client: Ok, da kafen ech se.  Verkeeferin: Gär. Wëllt Dir mat der Kaart oder boer bezuelen?  Client: Mat der Kaart, wgl.  Verkeeferin: Merci. Hei ass Är Quittung.  Client: Merci fir Är Hëllef!  Verkeeferin: Gär geschitt!  Eng falsch Online-Bestellung Client: Moien. Ech hunn e Problem mat menger Bestellung, déi ech online gemaach hunn.  Service: Moien. Wat ass da geschitt?  Client: Ech hunn d’Bestellung virun enger Woch gemaach. Haut ass de Pak ukomm, mee leider ass eppes falsch.  Service: Wat ass dann net an der Rei?  Client: Ech hat eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt. Am Pak ass awer eng blo Jackett an der Gréisst L.  Service: O, dat deet mir leed. Hutt Dir d’Bestellnummer dobäi?  Client: Jo, hei ass se. D’Nummer ass 45872.  Service: Merci. Ech kucken dat direkt no. Jo, ech gesinn, datt Dir tatsächlech eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt hat.  Client: Genee. Ech brauch d’Jackett fir d’nächst Woch, dofir ass et e bëssen dréngend.  Service: Ech verstinn. Mir kënnen Iech déi richteg Jackett nach eng Kéier schécken.  Client: Wéi laang dauert d’Liwwerung?  Service: Normalerweis zwee bis dräi Aarbechtsdeeg. Mir maachen d’Bestellung direkt fäerdeg.  Client: Dat wier super. A wat maachen ech mat der falscher Jackett?  Service: Dir kënnt se gratis zeréckschécken. Ech schécken Iech eng E-Mail mat engem Retourlabel.  Client: Muss ech de Porto bezuelen?  Service: Nee, natierlech net. Well de Feeler bei eiser Bestellung läit, ass de Retour gratis.  Client: Ok, dat ass gutt. A kréien ech eng Confirmatioun per E-Mail?  Service: Jo, Dir kritt direkt eng Confirmatioun mat allen Informatiounen.  Client: Super. Da waarden ech op d’E-Mail. Merci fir Är Hëllef!  Service: Gär geschitt. A nach eng Kéier Pardon fir de Feeler.  Client: Kee Problem. Äddi!  Service: Äddi an e schéinen Dag!
Eleng Reesen (B2)
2026/10/20
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut geet et ëm d'Theema eleng reesen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Zwee Problemer am Restaurant (A2)
2026/10/15
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwou Situatiounen am Restaurant. Am éischten Deel kritt de Client déi falsch Bestellung. Am zweeten Deel gëtt et e Feeler mat der Rechnung. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkipt: Am Restaurant – Problem mat der Bestellung Serveuse: Gudden Owend! Wëllt Dir eppes drénken?  Client: Jo, wannechgelift. Ech hätt gär en hallwe Liter Spruddelwaasser.  Serveuse: Jo, gär. Wësst Dir schonn, wat Dir iesse wëllt?  Client: Jo. Ech huelen d’Geméiszopp als Entrée, wannechgelift.  Serveuse: An als Haaptplat?  Client: Ech hätt gär den italienesche Sandwich, mee ouni Ham, wannechgelift. Ech si Vegetarier.  Serveuse: Jo, kee Problem. Wëllt Dir nach eppes dobäi? Eng kleng Zalot, oder eng Portioun Fritten?  Client: Hmm … jo, eng kleng Zalot, wannechgelift.  Serveuse: Gären. Ech bréngen Iech d’Gedrénks direkt. (...) Hei ass d’Gedrénks. An hei ass Är Zopp. Gudden Appetit!  Client: Merci! Eh… Entschëllegt …  Serveuse: Jo?  Client: Ech mengen, dat ass net meng Zopp.  Serveuse: Oh, wierklech? Wat hutt Dir bestallt?  Client: Ech hunn d’Geméiszopp bestallt. Dat hei ass eng Tomatenzopp.  Serveuse: A jo … Dir hutt Recht. Dat hei ass d’Zopp vun engem anere Client. Et deet mer leed!  Client: Kee Problem.  Serveuse: Ech bréngen Iech direkt déi richteg Zopp. Ee Moment, wannechgelift. (...) Sou, hei ass Är Geméiszopp. Entschëllegt nach eng Kéier.  Client: Kee Problem. Merci!  Serveuse: Gudden Appetit! (...) Sidd Dir fäerdeg?  Client: Jo. D’Zopp war wierklech gutt.  Serveuse: Dat freet mech. Hei ass Ären italieneesche Sandwich ouni Ham, an Är Zalot.  Client: Merci.   Serveuse:  Kann ech Iech nach eppes bréngen?  Client: Nee, merci. Fir de Moment ass alles gutt.  Serveuse: Da wënschen ech Iech e gudden Appetit!  Client: Merci!    Eng falsch Rechnung am Restaurant  Cliente: Entschëllegt, ech mengen, hei ass e Feeler op der Rechnung.  Serveur: O, wierklech? Wat ass falsch?  Cliente: Mir haten zwou Zalote bestallt, awer hei stinn dräi Zaloten.  Serveur: A jo, Dir hutt Recht. Ech kucken direkt no.  Cliente: Merci. An de Jus ass och zweemol op der Rechnung.  Serveur: A jo, ech gesinn. Et deet mir leed.  Cliente: Kee Problem. Kënnt Dir d'Rechnung wgl. änneren?  Serveur: Natierlech. Ech maachen Iech eng nei Rechnung.  Cliente: Super, merci.  Serveur: Hei ass déi nei Rechnung. Kuckt wgl. nach eng Kéier, ob elo alles stëmmt.  Cliente: Jo, elo ass alles richteg.  Serveur: Ganz gutt. Wëllt Dir mat Kaart oder boer bezuelen?  Cliente: Mat Kaart, wann ech gelift.  Serveur: Gär. Hei ass Äre Reçu.  Cliente: Merci an e schéinen Dag!  Serveur: Merci, Iech och!
Ëffnungszäiten am Quartier (A2)
2026/10/13
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer d'Ëffnungszäite vu verschiddene Plazen an hirem Quartier schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Ëffnungszäiten (A2)  Nora: Ech muss iech eppes froen. Wéini ass bei iech eigentlech d’Post op? Ech wollt gëschter nach e Bréif fortschécken, mee wéi ech um fënnef Auer dohinner komm sinn, war se schonn zou.  Sophie: Um fënnef Auer? Dat ass komesch. Bei mir ass d’Post méindes bis freides vun hallwer néng bis zwielef op. An nomëttes ass se vun hallwer zwou bis sechs op.  Nora: Jo, genee! Bei mir mécht se och um hallwer zwou op, mee ech mengen, se ass just bis véier Auer op.  Marc: Bei mir ass d’Post nach méi laang op. Moies ass se vun aacht bis zwielef op an nomëttes vun zwou bis siwen.  Sophie: Bis siwen Auer?  Marc: Jo. Dat ass ganz praktesch, well ech dacks eréischt um sechs heemkommen.  Nora: Dat ass wierklech praktesch. Bei mir muss een d’Ëffnungszäite scho kennen, soss steet een einfach virun enger zouener Dier.  Sophie: Dat ass mir och scho geschitt. Ech war eng Kéier samschdes bei d’Post an hunn net dru geduecht, datt se zou ass.  Marc: Samschdes ass se bei iech zou?  Sophie: Jo, de Weekend ass se zou.  Nora: Bei mir och.  Marc: Bei mir ass d’Post samschdes moies vun néng bis zwielef op. Dat ass praktesch.   Sophie: A wéi ass et mat der Bäckerei bei iech?  Marc: Meng Bäckerei mécht ganz fréi op. Ëm sechs Auer. Ech ginn heiansdo virun der Aarbecht dohinner, fir Bréidercher ze kafen.  Nora: Bei mir mécht d’Bäckerei och um sechs op. A samschdes ass se och op. Vun aacht Auer moies bis sechs Auer owes.  Sophie: Bis sechs Auer? Bei mir mécht se samschdes schonn um eng Auer zou.  Nora: Dat ass awer e groussen Ënnerscheed!  Sophie: Jo. An ech hunn et schonn e puer mol vergiess. Ech wollt samschdes nomëttes nach e Kuch kafen. Ech war um dräi do – an d’Dier war zou.  Marc: Dat ass nerveg.  Sophie: Du sees et! Ech hunn du missen an de Supermarché goen.  Nora: An ass däi Supermarché de Weekend op?  Sophie: Jo, de Supermarché ass all Dag op. Méindes bis samschdes ass en zimlech laang op, bis aacht Auer. Sonndes mécht en awer méi fréi zou, um eng Auer.  Marc: Bei mir ass et ähnlech. Mee ech mengen, mäi Supermarché ass sonndes guer net op.  Nora: Seriö?  Marc: Jo. Ech war e Sonndeg do an hunn eréischt virun der Dier gemierkt, datt zou ass.  Nora: A Sonndes – wéi ass et do mat de Bäckereien?  Sophie: Meng Bäckerei ass sonndes zou.  Marc: Meng och.  Nora: Bei mir ass déi kleng Bäckerei am Quartier och zou. Mee et gëtt eng aner, e bëssen ausserhalb, déi Sonndes moies op ass.  Sophie: Dat ass gutt ze wëssen. Wéi laang?  Nora: Ech mengen, vu siwen bis zwielef.  Marc: Dat ass jo perfekt fir sonndes gemittlech mat frësche Bréidercher a Mëtsche Kaffi ze drénken.  Sophie: Jo, wann een net ze spéit opsteet. (laacht)  Nora: An de Metzler? Wéi ass et bei iech?  Marc: Bei mir ass de Metzler méindes zou. Dënschdes bis samschdes ass en op. Samschdes awer nëmme moies.  Nora: Bei mir ass de Metzler all Dag op, ausser sonndes.  Sophie: Bei mir ass et genee ëmgedréint: méindes ass en op, mee sonndes ass en zou. Samschdes ass en de ganzen Dag op.  Marc: Dat ass jo interessant. Also huet zu Lëtzebuerg jidderee seng eegen Ëffnungszäiten.  Sophie: Jo, ech hat eigentlech geduecht, datt d’Geschäfter hei all ongeféier déi selwecht Zäiten op- an zou wieren.  Nora: Ech och. Mee anscheinend ass dat guer net esou.  Marc: Et hänkt wuel och dovun of, wou ee wunnt.  Sophie: An dovun, wéi grouss d’Geschäft ass.  Nora: Jo. Mäin Supermarché ass zum Beispill vill méi grouss wéi deen am Nopeschduerf, an en ass vill méi laang op.  Marc: Dat stëmmt. Ech mengen, et ass wierklech an all Uertschaft e bëssen anescht.
Um Knuedler & Memberskaart fir d'Bibliothéik (A2)
2026/10/08
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune sech iwwer déi verschidde Plazen um Knuedler ënnerhalen. Duerno héiere mir, wéi eng Fra eng Memberskaart fir d'Bibliothéik maache wëll. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Weebeschreiwung Gare & Am Guichet (A2)
2026/10/06
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun Hëllef brauch, dee richtege Bus fir op d'Gare ze fannen. Duerno héiere mir, wéi d'Persoun op der Gare e Billjee fir op Amsterdam kafe wëll. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Weebeschreiwung op d’Gare  A: Entschëllegt, kënnt Dir mir hëllefen?  B: Jo, natierlech. Wat sicht Dir?  A: Ech sichen de Busarrêt fir de Bus Nummer 6.  B : Hmm… de 6 fiert mengen ech do hannen.  A: Do, bei der rouder Luucht?  B: Jo, genee. Dir gitt einfach riichtaus, an dann no riets.  A: Riets? (e bëssen erstaunt)  B: Jo, mee, ee Moment… ech kucke léiwer nach eng Kéier kuerz op der Mobilitéit-App no.  A: Merci.  B: O, ech gesinn, den Arrêt ass haut suppriméiert.  A: O nee… ech muss awer op d’Gare. Wéi kommen ech dann elo dohin?  B: Hmm, ech kucken op der App. Also, dir kënnt och eng Véierelstonn zu Fouss goen, an dann um Hamilius den Tram huelen. Deen hält direkt op der Gare.  A: O, eng Véierelstonn zu Fouss, am Reen… Fiert da kee Bus bis op den Hamilius?  B: Ech kucken… Nee, mee dir kënnt 5 Minutten zu Fouss bei d’Kierch goen, do kënnt an 10 Minutten den 12, deen hält op der Stäreplaz. Do kënnt Dir an den Tram ëmsteigen an direkt bis op d’Gare fueren.   A: O, ech hoffen dat geet duer. A wéi kommen ech bei d’Kierch?  B: Dat ass net komplizéiert. Dir gitt elo hei iwwer d’Strooss, an dann ongeféier 200 Meter riichtaus. De Busarrêt ass direkt vis-à-vis vun der Kierch.  A : Ech gesinn. An a wat fir eng Richtung muss ech de Bus huelen?  B: Richtung Kierchbierg. Dir klammt da bei der Stäreplaz eraus, gitt iwwer d’Strooss an huelt den Tram Richtung Stadion.  A: An der Rei, ech mengen, ech fannen dat. Villmools Merci fir Är Hëllef!  B: Et ass gär geschitt! Ech hoffen, dir kritt Ären Zuch nach!  - En Zuchbilljee op Amsterdam kafen  Client: Moien. Ech hätt gär e Billjee fir op Amsterdam, wannechgelift.  Verkeefer: Moien. Jo, natierlech. Wéini wëllt Dir fueren?  Client: Muer de Mëtteg.  Verkeefer: Jo. Et gëtt en Zuch um 14 Auer.  Client: Wéi laang dauert d'Rees?  Verkeefer: D'Rees dauert ongeféier sechs Stonnen. Dir musst zu Bréissel ëmsteigen. Dir hutt ongeféier eng Stonn Waardezäit.   Client: A wéi vill kascht de Billjee?  Verkeefer: Den Ticket kascht 160 Euro.  Client: 160 Euro? Dat ass zimlech deier. Gëtt kee méi bëllegen Ticket?  Verkeefer: Dach, et ginn och nach aner Verbindungen, mee déi dauere méi laang.  Client: Nee, dann huelen ech léiwer dësen Zuch um 14 Auer. Ech wëll net ze laang ënnerwee sinn.  Verkeefer: Gär. Reest Dir léiwer éischt oder zweet Klass?  Client: Zweet Klass, wannechgelift.  Verkeefer: An der Rei. Dat mécht dann 160 Euro.  Client: Kann ech mat der Kaart bezuelen?  Verkeefer: Natierlech. Gitt wannechgelift Äre Code an. (…) Merci. Hei ass Ären Ticket.  Client: Merci! A wou muss ech den Zuch huelen?  Verkeefer: Den Zuch fiert normalerweis um Quai 4 fort. Kontrolléiert awer muer nach eng Kéier um groussen Ecran.  Client: Super, merci fir d'Informatioun!  Verkeefer: Gär geschitt. Ech wënschen Iech eng gutt Rees!  Client: Merci, an nach e schéinen Dag!
Eng 32-Stonne-Schaffwoch? (B1)
2026/10/01
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir e puer Argumenter vir a géint eng 32-Stonne-Schaffwoch. Ausserdeem héiere mir, wéi eng Persoun vun hirer Erfarung domat erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
E Kannerzëmmer ariichten (B1)
2026/09/29
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwee Elteren iwwer d'Kannerzëmmer vun hirem Puppelche schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - E Kannerzëmmer ariichten (B1) Mamm: Ech freeë mech scho richteg op eise klenge Butz.  Papp: Jo, ech freeë mech och. Mee mir mussen endlech d'Kannerzëmmer ariichten.  Mamm: Komm mir kucken eis Lëscht, déi mir gemaach hunn. Da vergiesse mir näischt.  Papp: Dat ass eng gutt Iddi. Wat brauche mir als éischt?  Mamm: Mir brauchen definitiv e Bett fir de Puppelchen.  Papp: Jo, an eng Matrass an e puer waasserfest Houssen, falls d’Pampers ausleeft.  Mamm: Effektiv! Mir brauchen och e Wéckeldësch.  Papp: Meng Schwëster huet nach e Wéckeldësch. Hatt sot, datt mir säi kënne kréien. Hatt an de Pit kréie jo keng Kanner méi.  Mamm: Dat ass super! Da musse mir keen neie kafen. Mir brauchen och nach onbedéngt sou eng speziell Poubelle fir d’Pamperssen, soss richt et net immens gutt am Zëmmer.  Papp: O, jo! Wéi ass et mam Bett? Solle mir en neit kafen?  Mamm: Mir ass et egal, et gëtt och gutt Second Hand Saachen.  Papp: Ech fanne Second Hand gutt, wann d'Bett nach sécher an an engem gudden Zoustand ass.  Mamm: Ech och. Da spuere mir alt do.  Papp: Wat steet nach op eiser Lëscht?  Mamm: E Kleederschaf fir seng Kleeder.  Papp: An e klengt Regal fir Bicher a Spillsaachen.  Mamm: Jo, a vläicht och e gemittleche Stull.  Papp: E Stull fir hien oder fir eis?   Mamm: (laacht) E Stull fir eis. Wann ech zum Beispill stëllen oder wa mer him eng Geschicht virliesen.   Papp: Brauche mir och eng Luucht?  Mamm: Jo, eng kleng Nuetsluucht wier flott. Et gëtt speziell Luuchte fir Puppelcher, déi net ze vill liichten an de Bëbee beim schlofen net stéieren.  Papp: Jo, esou eng hunn ech schonn am Online-Shop gespäichert. So, e Babyphone däerfe mir och net vergiessen.  Mamm: Richteg.   Papp: Wou solle mir d'Bett histellen?  Mamm: Ech géif et nieft d'Fënster stellen.  Papp: Ech weess net. Do kënnt vill Sonn eran.  Mamm: Dat stëmmt. Da stelle mir et léiwer un déi aner Mauer.  Papp: Dat ass eng besser Iddi.  Mamm: De Wéckeldësch kënnt niewent d'Dier stoen.  Papp: Jo, do hu mir genuch Plaz.  Mamm: An de Kleederschaf kënnt an den Eck.  Papp: Perfekt. Da bleift nach vill Plaz an der Mëtt vum Zëmmer.  Mamm: Do kënne mir, wann e méi grouss ass, eng Spilldecke leeën.  Papp: Dat wäert eisem Jong sécher gefalen.  Mamm: Wat fir Faarwe wëlls du am Zëmmer hunn?  Papp: Blo!  Mamm: Ech wosst et.. Ech fannen dat sou typesch. Ech géing gär eppes Aneres maachen. Zum Beispill hellgréng an da kënne mer ee froen, fir eis e puer léif Biller vun Déieren ze molen.  Papp: O, jo, dat kléngt ganz schéin. Dem Gilles seng Fra mécht dat jo, mir kënnen hatt jo froen.  Mamm: Jo! Hatt mécht ganz flott Saachen.   Papp: Mengs de mir brauchen en Teppech?  Mamm: Jo, ech denke schonn, dann ass et och méi mëll ënner der Spilldecken. Mir kéinten och e puer Stären un de Plaffong pechen.  Papp: O, nee, dat fannen ech Kitsch. Vläicht kënne mir einfach eng kleng Girland iwwer d'Bett oder de Wéckeldësch ophänken.  Mamm: Stëmmt, dat kléngt méi gemittlech.  Papp: Wou kënne mir déi Saachen da kafen?  Mamm: Komm mir ginn de Weekend mol an dee Buttek zu Féiz kucken an dann decidéiere mir ob mir et sur place oder online kafen.  Papp: Du hues Recht. Mir kënne jo och mam Buttek kucken, wéi dat funktionéiert, fir eng Wonschlëscht bei hinnen ze maachen, da kënnen eis Frënn a Famill sech do eppes eraussichen, wat se eis schenke sollen.  Mamm: Jo voilà, well mir brauche jo awer nach genuch Saachen, wéi eng Poussette, e Stull, eng Dro an ech si mir sécher, wa mir bis am Buttek sinn, dass eis dann nach aner Saachenafalen.  Papp: Bestëmmt! Ech géing just net iwwerdreiwen, well dono steet eis Wunneng voll mat Saachen, wéi dee Klenge mol net brauch.  Mamm: Jo, du hues Recht. Dat wëll ech och net.
Vun enger Summervakanz erzielen (A2) & Akafe goen (A1)
2026/09/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwou Persoune vun hirer Summervakanz erzielen. Duerno lauschtere mir, wéi zwou Persounen zesummen akafe ginn. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (⁠klick⁠!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch
2026/09/22
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir en Interview mat dem Directeur adjoint vum INLL, dem Luc Schmitz, an dem Kulturminister, dem Eric Thill, am Kader vum Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch. Vill Spaass beim Nolauschteren! Link: www.dag.letzebuergesch.lu
De Biergerpakt (B1-B2)
2026/09/16
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir mam Anne Franziskus vum Biergerpakt. Hei fannt dir méi Informatiounen zum Biergerpakt: https://biergerpakt.zesummeliewen.lu Vill Spaass beim Nolauschteren!
MOVLA-Coursen am INLL
2026/09/14
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut erziele mir iech vun de MOVLA-Coursen am INLL. Vill Spaass beim Nolauschteren!
Tipps fir eng nei Sprooch ze léieren (A2)
2026/08/26
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Tipps a Strategië schwätzen, fir eng nei Sprooch ze léieren. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Dem Chloe seng Liewensgeschicht (B1)
2026/08/12
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Interview mam Chloe. Hatt erzielt eis vu senger Liewensgeschicht. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Tipps an der Hëtztwell (A2)
2026/07/29
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mat iech iwwert de Phenomen vun der Hëtztwell. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Tipps an der Hëtztwell  A: Salut Pol, du bass awer scho fréi ënnerwee !  B : Moien Aurélie ! Jo, ech gi séier e puer Saachen akafen, éier déi déck Hëtzt kënnt.  A: Dat ass gutt! Et sinn elo scho bal 30 Grad, an et ass eréischt 9 Auer!  B: Du hues Recht. D’Hëtztwell dauert elo schonn eng Woch. Et ass wierklech ustrengend.  A: Jo, immens. Ech schlofen esou schlecht. Nuets ass et vill ze waarm am Schlofzëmmer.  B: Dat kennen ech. Dofir maachen ech owes all d’Fënsteren am Haus op. Dat hëlleft e bëssen.  A: Ech maachen dat och. Mee dagsiwwer bleiwen all d’Fënstere bei mir zou.  B: Wierklech? Firwat?  A: Ma, datt déi waarm Loft dobausse bleift. Wann d’Rollluede ganz erof sinn, bleift d’Wunneng méi kill.  B: Ok, dat stëmmt och erëm.  A: An ech hunn e Ventilator. Deen hëlleft och.  B: Ech hu kee Ventilator méi am Buttek kritt. Et ass zënter e puer Deeg iwwerall „Rupture de stock‘‘. Mee dofir hunn ech eng kleng mobil Klimaanlag vu mengen Eltere geléint, déi hëlleft e bëssen, mee just a klengen Zëmmere wéi am Büro.  A: Dat ass dach gutt! Drénks du och genuch?  B: Jo, natierlech. Ech drénken op d’mannst zwee Liter Waasser den Dag, heiansdo och méi.  A: Ech vergiessen dat heiansdo, mee dofir stellen ech mir dës Deeg ëmmer eng grouss Fläsch Wasser op den Dësch.  B: Dat ass eng gutt Strategie. Ech drénke wann et esou waarm ass och gär Kaffi – kal a mat Äis, natierlech!  A: Ech drénke léiwer Téi. Ech kachen en owes, loossen en ofkillen a stellen en dann iwwer Nuecht an de Frigo. Moies ass mäi kalen Téi prett, fir ze drénken.  B: Dat muss ech och emol testen. A wat ëss du an där Hëtzt? Ech hunn net vill Honger, wann et esou waarm ass.  A: Ech och net. Mee ech iesse vill Uebst – Waassermeloun, Äerdbier, Drauwen – dat ass liicht an huet och vill Waasser!  B: Dat ass richteg! Ech iessen den Ament moies e bësse méi, an dofir mëttes just eppes Klenges, wéi e puer Stécker Meloun oder eng Zalot aus Kornischongen an Tomaten.  A: Mmh, dat kléngt gutt! Ech maachen et och esou änlech. Owes iessen ech dann erëm e bësse méi, mee eréischt no 20 Auer, wann et net méi esou waarm ass.  B: A wéi méchs du et mat dengem Hond? Gees du bei deem Wieder vill spadséieren ?  A : Nee, guer net. Mir gi moies um 7 Auer an owes um 21 Auer spadséieren, an dotëscht loossen ech hie just kuerz op d’Wiss, fir datt hie säi Geschäft maache kann. Et muss een oppassen, wann een an därHëtzt mat Hënn eraus geet. Wann et iwwer 30 Grad sinn, huet de Buedem oft iwwer 50 Grad, an d’Hënn kënne sech hir Patte verbrennen!  B: O mei, dat wousst ech net, mee dat mécht Sënn. Ech ginn och heiansdo owes spadséieren, mee wéi s du sees, eréischt no 21 Auer. Virdrun ass et nach ze waarm.  A: A wéini gees du lafen?  B: Jo, dat ass de Moment och net esou einfach. Ech gi léiwer moies wéi owes lafen. Dofir stinn ech e bësse méi fréi op. Um 7 Auer geet et meeschtens nach.  A: Ech gi muer schwammen. Dat ass herrlech bei deem Wieder.  B: O, flott! Wuer gees du dann an d’Schwämm?  A: Op Gréiwemaacher. Do gëtt et eng oppe Schwämm fir Kanner mat enger Rutschban, awer och e Baseng fir Leit, déi richteg schwamme wëllen. Owes ass et do immens!  B: Jo, dat gleewen ech. Vläicht ginn ech de Weekend mat de Kanner dohin. Mee et wäerte bestëmmt vill Leit do sinn.  A: Jo. Et ass besser, du gees géint der Owend, also no 17 Auer. Dann ass net esou vill lass.  B: Merci fir den Tipp!  A: Gär! A so Bescheed, wann s de gees – vläicht gesi mer eis!  B: Maachen ech!

Podcast reviews

Read Poterkëscht vum INLL podcast reviews


5 out of 5
1 reviews
★★★★★
Dncnlltt 2024/10/30
Hello from Texas
Hi, I just want to drop you a line to let you know that I enjoy listening to your podcast. I grew up in Echternach, Luxembourg and have been living i...
check all reviews on apple podcasts

Podcast sponsorship advertising

Start advertising on Poterkëscht vum INLL relevant audience podcasts


What do you want to promote?