1752064815
Plottwist

Advertise on podcast: Plottwist

This podcast has
58 episodes
Publisher
Winmi
Explicit
No
Date created
2024/06/14
Latest episode
2026/10/11
Average duration
55 min.
Release period
17 days

Description

Plottwist ass e Podcast wou zwee Filmnerds iwwert eng vun hire gréissten Leidenschafte schwätzen. Klassiker oder nei Filmer, neicht ass vrun hinne sécher...

Podcast episodes

Check latest episodes from Plottwist podcast


Verity spalt eis! | Primetime, Sense and Sensibility & Star Wars
2026/10/11
Bei Verity si mir eis dës Kéier definitiv net eens! Wärend de Mike sech vum Katz-a-Maus-Spill gutt ënnerhale gefillt huet, huet de Film op där anerer Säit fir däitlech méi Frust gesuergt. Mir diskutéieren iwwer de Plot Twist, d'Charakteren, d'Inszenéierung an d'Fro, ob de Film wierklech esou clever ass, wéi en et wëll sinn. Duerno geet et ëm Primetime mam Robert Pattinson. E staarke Cast, eng spannend Ausgangslag an e Look, deen déi fréi 2000er perfekt afänkt – mee geet de Film kritesch genuch mat sengem Sujet ëm? Eng richteg Iwwerraschung gëtt et dogéint bei Sense and Sensibility, deen trotz éischter Skepsis vill méi Spaass mécht wéi erwaart. Ausserdeem schwätze mir iwwer East of Eden, Monster, déi méiglech nei Star-Wars-Trilogie, Daisy Ridley als Rey an d'Fro, ob Disney d'Skywalker-Saga net endlech sollt roueg loossen. An natierlech kucke mir och, wat an den nächste Wochen nach am Kino leeft. 🎬 Verity🎬 Primetime🎬 Sense and Sensibility📺 East of Eden & Monster⭐ Déi nächst Star-Wars-Trilogie🍿 An nach e puer Kino-Tipps
Hexerei, Horror a Videospill-Nostalgie: Practical Magic & Resident Evil
2026/09/27
An dëser Episod vu Plottwist schwätze mir iwwer Practical Magic: Huet de Film säi Charme behalen, oder mierkt een him säin Alter un? Mir diskutéieren d’Geschicht, d’Figuren an d’Nostalgie, déi drun hänkt. Duerno geet et ëm den neie Resident Evil Film. Wéi gutt bréngt en d’Gefill vun de Spiller op d’Leinwand, a funktionéiert en och als Horrorfilm? Donieft schwätze mir iwwer weider Filmer, Horror-Klischeeën an dat, wat mir als Nächst am Kino gesi wëllen.
Dinoen, Dating & déidlech Glace
2026/08/16
Dës Kéier gëtt et bei Plottwist eng skurril Mëschung aus Dinoen, Romantik an Horror: Am The End of Oak Street reest eng ganz Strooss zeréck an d’Zäit – mat Spielberg-Vibes, Logiklächer an enger iwwerraschend emotionaler Familljegeschicht. One Night Only vermëscht klassesch Rom-Com mat enger Prise Black Mirror, wärend The Ice Cream Man eis weist, datt Glace net ëmmer eng gutt Iddi ass.
The Odyssey ass Peak Cinema! – Spider-Man, Maspalomas & Kaulitz
2026/08/02
An dëser Episod schwätze mir iwwer Spider-Man: Brand New Day. De Peter Parker ass esou eleng an däischter wéi nach ni, mee leider sti sech Marvel mat onpassende Witzer an ze vill CGI nees selwer am Wee. Ass et trotzdeem ee vun de beschten MCU-Filmer zanter Endgame? Duerno gëtt et eng grouss Léifterklärung un The Odyssey. Fir eis ass dem Christopher Nolan säin neie Film net nëmme besser wéi Oppenheimer, mee méiglecherweis souguer säi beschte Film. Mir schwätzen iwwer déi gewalteg IMAX-Erfarung, de Sirene-Monolog, den Travis Scott an eis geckeg Pläng, de Film nach eng Kéier a 70 mm zu Bréissel ze kucken. Ausserdeem geet et ëm den emotionalen a wichtege Queer-Film Maspalomas, déi drëtt Staffel vu Kaulitz & Kaulitz, den Johnny Depp als Ebenezer Scrooge, en iwwerraschend villverspriechende Werewolf-Trailer an déi nei Staffel vun The Rings of Power. Zum Schluss stelle mir eis nach d’Fro, firwat ëmmer méi grouss Hollywood-Regisseuren den Asaz vun AI am Film begréissen – a firwat mir dat éischter problematesch fannen. Opgepasst: D’Episod enthält Spoilere fir Spider-Man: Brand New Day an The Odyssey.
Nolan um Héichpunkt, Disney um Déifpunkt?
2026/07/19
Ass The Odyssey wierklech dem Christopher Nolan säi Meeschterwierk? De Mike kënnt aus dem IMAX a schwätzt vun engem moderne Klassiker, wärend de Yannick bei der Live-Action-Versioun vu Vaiana virun allem eng Fro huet: Firwat gouf dëse Film iwwerhaapt gemaach? Donieft kucke mir op Evil Dead Burn, dee mat staarkem Gore a gudden Iddien ufänkt, mee um Enn als bis elo schwaachsten Deel vun der Rei enttäuscht. Ausserdeem schwätze mir iwwer dem Robert Eggers säin neie Werwolf-Film, Regisseuren, déi ëmmer nees op déi selwecht Schauspiller zeréckgräifen, an d’Fro, ob een d’Konscht wierklech vum Kënschtler trenne kann. Eng Episod tëscht IMAX-Euphorie, Disney-Frust, Horror-Gore an enger Diskussioun, déi méi déif geet wéi geplangt.
Toy Story-Tréinen, Minions-Frust a Widow's Bay
2026/07/05
An dëser Episod vu Plottwist geet et nees quer duerch de Kino- a Streaming-Dschungel: Toy Story 5 iwwerrascht eis mat vill Nostalgie, Emotiounen an aktuelle Sujeten ewéi Social Media, FOMO a Cybermobbing. Donieft froe mir eis, ob Minions and Monsters nach wierklech méi ass wéi just Slapstick a Cashgrab. Mir schwätzen och iwwer Supergirl, déi nei Etapp am DCU vum James Gunn, mat enger staarker Haaptroll, mee enger Story, déi leider net vill Iwwerraschunge bitt. Donieft geet et ëm Sophie Passmann hir Pick Me Girls, Theater am Kino, feministesch Selbstreflexioun an d’Fro, firwat esou Formater net méi dacks zu Lëtzebuerg lafen. Zum Schluss gëtt et nach eng kloer Recommandatioun fir Widow’s Bay op Apple TV, e bëssen Apple-TV-Luef am Allgemengen, e queere Bléck op Jim Queen an eng kleng Virfreed op Evil Dead Burn.
YouTuber retten de Kino? Backrooms, Obsession & Masters of the Universe
2026/06/21
n dëser Episod schwätze mir iwwer eng spannend Woch am Kino: Scary Movie 6 huet eis bal komplett verluer, Disclosure Day weist nach ëmmer e bëssen Spielberg-Magie, mee bleift um Enn frustréierend oppen, an Backrooms beweist, dass aus engem Reddit-Mythos an YouTube-Kuerzfilmer richteg staarke Kino entstoe kann. Mir schwätze doriwwer, firwat Backrooms an Obsession grad esou vill Opmierksamkeet kréien, wisou jonk Filmemacher dem Kino frësche Wand ginn, an ob Hollywood endlech sollt verstoen, dass et net ëmmer 500 Milliounen Dollar Budget brauch. Zum Schluss geet et nach ëm Masters of the Universe, deen eis iwwerraschend vill Spaass gemaach huet: vill Nostalgie, e gudde Mix aus Seriositéit an Nonsens, an e Jared Leto als Skeletor, deen endlech mol richteg passt.
Zwësche Star Wars-Frust an totaler Obsession
2026/05/24
An dëser Episod vu Plottwist gëtt et waarm — net nëmme wéinst den Temperaturen, mee och wéinst de Meenungen. Mike an Yannick schwätzen iwwer de grousse Star-Wars-Retour mat The Mandalorian and Grogu, deen éischter no Sidequest wéi no groussem Kino-Event wierkt, an iwwer Passenger, deen esou vill Frust ausléist, dass een de Kino léiwer fréi verléisst. Am Mëttelpunkt steet awer Obsession: e Film, deen mat senger düsterer Inszenéierung, ongemittlecher Atmosphär an enger staarker Performance richteg ënner d’Haut geet. Dobäi geet et ëm Wënsch, Kontroll, toxesch Léift an d’Fro, wéi vill vun enger Persoun nach iwwreg bleift, wann eng Obsession alles iwwerhëlt. Donieft ginn et nach kuerz Andréck zu Swabbed an The Sheep Detectives — inklusive Kino-Rants, YouTuber-Regisseuren, Horror-Begeeschterung an der éierlecher Fro: Wéini ass e Film just schlecht, a wéini bleift en engem wierklech am Kapp?
Sequel-Saison & Serien-Drama: Prada 2, Kombat 2 a méi
2026/05/10
An dëser frëscher Plottwist-Episod sprange mir duerch déi aktuell Film- a Serien-News, wou et gefillt iwwerall no „2“ richt: The Devil Wears Prada 2 steet am Raum – mir schwätzen doriwwer, wat eng Fortsetzung iwwerhaapt muss kënnen, fir net just Nostalgie ze sinn. Dono geet et mat voller Wucht an d’Arena: Mortal Kombat 2 – méi Fatalities, méi Spektakel, mee och d’Fro, ob et dëst Kéier wierklech e gudde Film gëtt (oder „just“ e geilen Event). Op der Serien-Säit huele mir eis Euphoria Staffel 3 vir: Wou kann d’Geschicht nach higoen, a wat erwaarde mir tonal a personell? Duerno gëtt et däischter a krabbeleg mat Infested – e Film, deen eis iwwer Horror, Spannungsopbau a „Nope“-Momenter schwätze léisst. A fir ofzerënnen kucke mir op Half Man: wat d’Prämiss versprécht, wat eis drun triggert, a firwat mir gespaant sinn, ob dat e Geheimtipp gëtt oder e komesche Curveball.
Zwou Legenden, zwee Filmer: The Mummy & Michael
2026/04/26
An dëser Episod vu Plottwist, ärem Filmpodcast op Lëtzebuergesch, schwätze mir iwwer zwee vun de spannendste Releases: Lee Cronins *The Mummy an _Michael_ (2026), de Film iwwert Michael Jackson. Mir kucken, wat The Mummy moderniséiert, wéi gutt d’Atmosphär a Spannung fonctionnéieren, an ob d’Neiinterpretatioun dem Mythos wierklech e frësche Kick gëtt. Duerno gi mir op Michael* an: Wéi wierkt d’Biopic-Erzielung, wéi gëtt eng Welt-Ikon op der Leinwand agefaangen, a wat heescht dat fir Fans an Filmfrënn?
The Drama ronderëm Mario, eng zweet Ronn Hide-and-Seek an d'Serie Rooster
2026/04/12
Wat hu Super Mario, d'Zendaya, eng brutal Ronn Hide-and-Seek an de Steve Carell gemeinsam? Si sinn alleguer Deel vun eiser neier Episod hei bei Plottwist! Dës Woch hu mir nees e richtege Mix aus Animatioun, psycheschem Thrill, Horror an HBO-Comedy fir iech zesummegesicht. Hei ass eise Programm fir dës Episod: The Super Mario Galaxy Movie: Mir huelen iech mat an de Weltraum a kucken, ob den Nintendo-Held och a sengem zweeten animéierten Deel iwwerzeege kann. The Drama: Eng schwaarz romantesch Komedie vun A24. De Robert Pattinson an d'Zendaya liwweren sech kuerz virun hirer Hochzäit eng psychesch Achterbunnfaart, déi et wierklech an sech huet. Ready or Not 2: Fir all eis Horror- a Gore-Fans geet d'Bluttbad weider! D'Samara Weaving ass zréck a muss sech mat neie Famillen am nächste stierwlechen "Hide-and-Seek" moossen. Ass de Sequel den Hype wäert? Rooster: Ze gudder Lescht geheie mir nach e Bléck op déi nei HBO-Serie mam Steve Carell. Bréngt dës nei Campus-Komedie de richtege Vibe an Humor mat sech?Lauschtert eran a gitt mat eis op d'Sich nom nächste grousse Plottwist! Loosst eis och gären an de Kommentare wëssen, wéi ee vun dëse Release äre Favorit ass.
Vun den Oscars bis an de Weltraum mat Project Hail Mary
2026/03/29
Wëllkomm zréck bei enger neier Plottwist Episod! Dës Kéier huele mir déi aktuell Filmwelt komplett auseneen an diskutéieren iwwer dat, wat am Moment jidderee beweegt. Mir schwätzen iwwer d'Oscars, dozou gëtt et all d'Infos an eis Meenung zum mega Sci-Fi-Projet Project Hail Mary. Fir d'Horror-Fans hu mir They Will Kill You am Gepäck, an et gëtt richteg emotional mat der Verfilmung vu Reminders of Him. Theemen an dëser Episod: D'Oscars: Wien hëlt d'Trophäe mat heem? Project Hail Mary: Alles wat der iwwer de Sci-Fi-Hit wësse musst. They Will Kill You: Ass dat deen neien Horror-Highlight? Reminders of Him: Vum Buch op d'Leinwand.Vergiesst net e Follow do ze loossen fir keng weider Episod ze verpassen! Schreift är Meenung zu de Filmer gären an d'Kommentaren oder loosst eis am nächste Livestream driwwer schwätzen.
E Roadtrip duerch d'Emotiounen – De Lukas Grevis an "Apples & Pears"
2026/03/22
Dës Kéier ass et eppes ganz Besonnesches: Den talentéierte lëtzebuergesche Regisseur Lukas Grevis ass zu Gaascht a stellt eis säin neiste Wierk vir – de Coming-of-Age Roadmovie "Apples & Pears". Am Film begleede mir d'Sofia, eng 18-järeg jonk Fra, op engem emotionalen an onberechenbaren Trip duerch Europa. Mat nëmmen engem Rucksak am Gepäck fänkt eng ongewëss Rees un, déi si op d'Sich no sech selwer schéckt. Et ass e Film iwwer d'Erwuesse ginn, flüchteg Momenter an déi vill ënnerschiddlech Facettë vum Liewen. Wat iech an dëser Episod erwaart: Hannert de Kulissen: Wéi de Lukas op d'Iddi fir dëse ganz perséinlechen a poetesche Projet komm ass. D'Dréiaarbechten: Wat d'Erausfuerderunge sinn, e Film mat sou villen ënnerschiddleche Locations an Europa op d'Been ze stellen. De Vibe vum Film: Firwat "Apples & Pears" eng onvergiesslech filmesch Rees ass, op déi ee sech onbedéngt aloosse muss.Maacht iech prett fir e spannenden Abléck an déi lëtzebuergesch Filmwelt a gitt gewuer, firwat dir dëse Film op ärer Watchlist musst hunn. Lauschtert eran a loosst iech inspiréieren!
Vun Indie-Hype bis Horror-Ikonen: Marty Supreme & The Bride
2026/03/15
An dëser neier Episod vu Plottwist tauche mir nees déif an d'Welt vum Kino an! Mir kucken eis d'News an d'Erwaardungen zu deene neiste Projeten un, déi d'Filmwelt grad bewegen. Haut um Programm: Marty Supreme: Wat kënne mir vum Josh Safdie sengem neie Film mam Timothée Chalamet erwaarden? The Testament of Anne Lee: Mir analyséieren d'Hannergrënn vun dësem mysteriéise Projet. The Bride: Eng frësch Interpretatioun vun engem Klassiker – packt d'Maggie Gyllenhaal et, eis ze iwwerzeegen
Vun der grousser Léift bis zum puren Horror
2026/02/15
Wëllkomm bei enger neier Episod vum Plottwist! Haut hu mir e programmatesche Mix preparéiert, dee vun emotionalen Abgrënn bis hin zu purem Horror geet. Mir huelen dës dräi Filmer genee ënner d'Lupp: Wuthering Heights: Mir kucken eis dës nei Adaptatioun vum Emily Brontë sengem Klassiker un. Ass d'Atmosphär esou düster wéi am Buch? Rental Family: E faszinéierenden Abléck an d'Welt vun de geléinte Relatiounen. Emotionalen Déifgang oder just skurril? Return to Silent Hill: Mir ginn zeréck an déi niwweleg Stad. Kann de Reboot de Charme an den Horror vun de Spiller an den éischte Filmer erëm opliewen loossen?Egal ob s du e Fan vu klassescher Literatur oder Psychothriller bass, an dëser Episod ass fir jiddereen eppes dobäi. Vill Spaass beim Nolauschteren!

Podcast reviews

Read Plottwist podcast reviews


0 out of 5
0 reviews

Podcast sponsorship advertising

Start advertising on Plottwist relevant audience podcasts


What do you want to promote?

You may also like to advertise on these Podcasts