1787899822
Moiesstudio

Advertise on podcast: Moiesstudio

Categories
Country
United States
This podcast has
50 episodes
Language
English
Publisher
radio 100,7
Explicit
No
Date created
2024/12/30
Latest episode
2026/10/23
Average duration
-
Release period
1 days

Description

Besser informéiert an den Dag

Unlock Moiesstudio podcast Email contact info,
Listeners & Audience details

Email contact information

Direct podcast contact details

Listeners

Audience numbers & engagement insights

Audience details

Podcast Insights

Podcast episodes

Check latest episodes from Moiesstudio podcast


Antibiotiquen: Konsum zu Lëtzebuerg méi héich wéi am EU-Duerchschnëtt
2026/10/23
Dat ass den Haapt-Constat an engem Rapport iwwer de Verbrauch vun Antibiotika, deen dës Woch erauskoum. Explikatioune vum Stéphanie Saleh aus der Direktioun vun der Santé.
Mat 1 PS duerch de Bësch
2026/10/23
Wann een dëser Deeg am Bësch ënnerwee ass, dann héiert ee manner d’Villercher päifen, mee éischter d’Geknadders vu Motorseeën – op ville Plaze sinn d’Bëschaarbechter amgaang mat schaffen. Deels mat schwéiere Maschinnen, deels awer och mat Hëllef vu Véierbeeneger: D’Ardennerpäerd ginn nees ëmmer méi dacks agesat, fir de Mënsch bei den Aarbechten am Bësch ze ënnerstëtzen. De Kompetenzzenter fir Schaffpäerd op der Robbesscheier zu Munzen suergt dofir, datt dat joerhonnertenaalt Wëssen iwwer d’Schaffe mat de Kalblidder virugi gëtt. Den Haaptresponsabele Charel Braquet huet d’Paule Rodesch op der Robbesscheier mat bei d’Päerd geholl, fir déi Aarbecht méi genee ze erklären.
Première zu Lëtzebuerg: D'Volleyballfederatioun féiert eng Fantasy Liga an
2026/10/23
Reell Spiller:inne virtuell kafen, opstellen an transferéieren: Esou funktionéiere Fantasy-Ligaen am Sport. Elo huet och e Lëtzebuerger Verband esou eppes op d'Bee gestallt. Mir hu bei der FLVB nogefrot, wat et mat där Iddi op sech huet, a wat ee sech vun der Fantasy-Liga erwaart.
Presserevue vun 08:15
2026/10/23
Wat den Emweltministére ze verstoppen huet, Personalfroen op der UNI Lëtzebuergan d'Stat Lëtzebuerg an d'Mobilitéit, dat sinn d'Themen an der Presserevue
D'Scholdfro bei Phishing-Virfäll soll gekläert ginn
2026/10/23
De Retail Banking Cluster vun der Bankenassociatioun ABBL huet gëschter op seng alljährlech Pressekonferenz invitéiert. An deem Cluster sëtzen déi Banken, déi am Geschäft mat de Privatclienten täteg sinn. Et goung bei deem Rendez-vous ënner anerem em Online-Bedruch a Logement.
Paul Philipp, President vun der Fussball-Federatioun
2026/10/23
De Paul Philipp ass muer um Kongress zu Wëntger den eenzege Kandidat fir seng eegen Nofolleg als President vun der FLF. Et gëtt säi 7. Mandat un der Spëtzt vum Verband.
Neit Gesetz suergt fir Opreegung
2026/10/23
Kuerz virun der Summervakanz huet d'Chamber dat neit Gesetz zur Missioun vum Fonds national de la Recherche gestëmmt. Mee d'Envergure vun dësem Text war villen Akteuren aus der Fuerschungswelt bis viru kuerzem guer net bewosst. Am Gespréich mam 100,7 weise sech eng ganz Partie Unis-Proffe schockéiert.
Presserevue vun 07:15
2026/10/23
Reform vum Wahlrecht, d'Suergen vun der CSV an de Lycée Ermesinde an der Kritik, dat sinn d'Themen an der Presserevue
Filmtipp: "Franz"
2026/10/22
Der Agnieszka Holland hire Kafka-Biopic setzt sech mam historesche Personnage mee och der Ikon vun der Massekultur auserneen - et ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinotipp.
40 Joer Initiativ Liewensufank: Et hu vill Tabuë misse gebrach ginn
2026/10/22
Zesumme mat der Direktesch vun der Initiativ, Maria Eudier, kucke mer op d'Geschicht vun der Asbl. zréck.
(Firwat) Léisst den Trump d'Ukrain falen?
2026/10/22
Den US-President gëtt an der Lescht ëmmer méi Russland- a Putin-frëndlech - zum Nodeel vun der Ukrain. De Prof. Stephan Bierling vun der Uni Regensburg gett méiglech Erklärungen.
Presserevue vun 08:15
2026/10/22
Back on track fir de Sozialdialog, d'Landwirtschaft an de Klimawandel a staatlech Resilienz, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
AfD-Visioun fir d’EU: Just nach eng Optioun fir "Raus aus dem Euro"
2026/10/22
“A new Deal for Europe” - ënner deem engleschen Titel huet d’AfD an enger Pressekonferenz am Europaparlament zu Stroosbuerg hir Visioun fir d’Europäesch Unioun virgestallt. D’Partei, déi vum däitsche Verfassungsschutz als “geséchert rietsextreemistesch” agestuuft gëtt, geet dobäi net zëmperlech mat der EU ëm: Hiert Zil ass et ënner anerem, d’Europawahlen ofzeschafen an d’Roll vun der Europäesch Kommissioun staark ofzeschwächen. D’Danièle Weber doriwwer, wat sech d’AfD fir d’EU vu muer wënscht.
Martine Deprez, CSV-Sozialministesch
2026/10/22
No der Hierscht-Quadripartite vu gëscht: Wat gëtt gemaach, fir de chroneschen Defizit vun der CNS an de Grëff ze kréien?
Polen depenaliséiert Avortement - a bestëmmte Fäll
2026/10/22
Dat polnescht Parlament huet dës Woch d'Depenaliséierung vum Avortement gestëmmt fir all déi Fäll, wou et beim Foetus staark gesondheetlech Schwieregkeete ginn. Fir Fraerechtler gëllt dëst als e grousse Fortschrëtt an engem vun den europäesche Länner mat de strengsten Anti-Ofdreiwungsbestëmmungen.

Podcast reviews

Read Moiesstudio podcast reviews


0 out of 5
0 reviews

Podcast sponsorship advertising

Start advertising on Moiesstudio relevant audience podcasts


What do you want to promote?