
Advertise on podcast: News in Slow Luxembourgish
Rating
5from
This podcast has
6 episodes
Language
EnglishPublisher
Melusina MediaExplicit
No
Date created
2026/01/11
Latest episode
2026/04/25
Average duration
17 min.
Release period
22 days
Description
Maach emol lues! Stay up to date and improve your Luxembourgish language skills all at once. Learn Luxembourgish at your own pace with weekly news episodes. Däin Noriichteniwwerbléck op Lëtzebuergesch.
Unlock News in Slow Luxembourgish podcast Email contact info,
Listeners & Audience details
Email contact information
Direct podcast contact details

Listeners
Audience numbers & engagement insights

Audience details
Podcast Insights

Podcast episodes
Check latest episodes from News in Slow Luxembourgish podcast
006: Affaire à suivre
2026/04/25
Dës Woch schwätze mir fir d’éischt iwwert d’Energiekris. De Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden huet no laangem Hin an Hir elo eng Tripartite ugekënnegt, fir op d’ekonomesch Konsequenze vum Krich am Noen Osten ze reagéieren. Ausserdeem beschäftege mir eis mat der Energietransitioun am Grand-Duché. De Joresrapport vun der Klimaagenceweist, wat fir ee Potential am Ëmstig op erneierbar Energiequelle stécht. Duerno geheie mir nach e Bléck op d’Lëtzebuerger Kulturzeen an op zwee Kënschtler, vundeenen dës Woch vill rieds war.
Transkriptioun a Shownotes
Ënnerstëtzt de Podcast op Patreon
D'Theme vun haut:
(00:00) Intro(01:50) Tripartite fir Juni ugekënnegt(05:15) Energietransitioun zu Lëtzebuerg(07:10) CNA-Direkter trëtt zeréck(09:23) De Pe'l Schlechter feiert 105 Joer
005: Eng Visioun fir d'Zukunft
2026/04/18
Prospicere saluti civium. Dës Woch konzentréiere mir eis op Lëtzebuerg. Mir fänken u mat engem Wuert, dat dës Woch oft gefall ass: Tripartite. Wat genee versteet een zu Lëtzebuerg dorënner? A kann d’Tripartite eis wierklech aus der aktueller Kris hëllefen? Duerno zéie mir de Bilan vum europäesche Speedmarathon. Ausserdeem kucke mir eis un, wéi ee sech zu Lëtzebuerg op d’Zukunft virbereet: De Fluchhafen umFindel kritt ee Masterplang fir 2050 an et sollen 11 nei Lycéeën am Grand-Duché entstoen. Zum Schluss verrode mir iech nach, firwat dir onbedéngt en Ausfluch op Duelem maache sollt.
Transkriptioun a Shownotes
Ënnerstëtzt de Podcast op Patreon
D'Theme vun haut:
(00:00) Intro(02:02) Gëtt et Zäit fir eng Tripartite?(07:25) Vitesskontrollen uechter Europa(09:00) Ausbau um Fluchhafe Findel(11:07) Eelef nei Lycéeë geplangt(12:36) Duelem a seng réimesch Vergaangenheet
004: En helle Punkt um Mound
2026/04/11
Haut beschäftegt eis fir d’éischt d’Situatioun am Noen Osten, wou eng Wafferou tëscht den USA an dem Iran potenziell Verhandlungsgespréicher kéint erméiglechen. Ausserdeem kucke mir op Ungarn, wou muer um Sonndeg Parlamentswale stattfannen. Duerno geet et ëm en Insekt, dat e Risiko fir d’europäesch Biodiversitéit duerstellt, a mir schwätzen iwwert zwee wichteg Chantieren zu Lëtzebuerg. Zum Schluss gëtt et nach e Grond fir ze feieren: Déi éischt bemannte Moundmissioun a 54 Joer huet et an der Nuecht erfollegräich zeréck op d’Äerd gepackt.
Transkriptioun a Shownotes
Ënnerstëtzt de Podcast op Patreon
D'Theme vun haut:
(00:00) Intro(01:51) Eng onbestänneg Wafferou am Noen Osten(04:10) Walkampf an Ungarn geet an déi lescht Phas(06:16) Asiatesch Runne breede sech an Europa aus(08:58) Grousse Chantier op der Lëtzebuerger Schinn(11:48) De Projet Südspidol kritt weidere Retard(14:30) Artemis II zeréck op der Äerd
003: E klengt Stéck Hoffnung
2026/04/05
Fir déi drëtt Episod beschäftegt eis nach emol de Konflikt am Noen Osten, dee säit fënnef Wochen undauert. An eisem Bléck op Lëtzebuerg geet et ëm Diskussioune ronderëm de Mindestloun an eng Cyber-Attack op d'Parlament. Ma et ass net alles schlecht! Mir schwätzen och iwwer zwou gutt Neiegkeeten, déi allebéid op hir Manéier e klengt Stéck Hoffnung a sech droen: ee Konschtwierk, dat op eemol mat ganz aneren Ae betruecht gëtt, an eng spektakulär Missioun am Weltall, déi d'lescht Woch fir vill Jubel gesuergt huet.
Transkriptioun a Shownotes
Ënnerstëtzt de Podcast op Patreon
D'Theme vun haut:
(00:00) Intro(01:49) Fënnef Woche Krich am Iran(04:57) Sträit ëm de Mindestloun(07:56) Cyber-Attack op d'Chamber(09:04) Neit Bild vum Rembrandt opgedaucht(12:19) Artemis II um Wee a Richtung Mound
002: Looss viru blénken d'Fräiheetssonn
2026/01/16
Dës Woch beschäftegt eis besonnesch d’Lag an der Welt. Mir behandelen d’Onrouen am Iran a schwätzen iwwer Protester am US-Bundesstaat Minnesota. Ausserdeem kucke mir op d’Situatioun ronderëm Grönland, nodeems den Donald Trump kierzlech seng Fuerderung widderholl huet, datt d’Land vun den USA annektéiert sollt ginn. Zum Schluss geheie mir nach e Bléck op de Lëtzebuerger Gesondheetssystem, deen dës Woch nawell eng gutt Zensur ausgestallt krut.
Transkriptioun a Shownotes
Ënnerstëtzt de Podcast op Patreon
D'Theme vun haut:
(00:00) Intro(02:27) Onrouen am Iran(08:27) Kritik un US-amerikanescher Awanderungsbehörd(12:24) D'Zukunft vu Grönland bleift onsécher(15:13) De Lëtzebuerger Gesondheetsprofil um Préifstand
001: De Rutsch an d'Joer 2026
2026/01/09
An eiser éischter Episod kucke mir zeréck op déi éischt Deeg vum neie Joer. Mir schwätzen iwwert en tragescht Accident an der Schwäiz, dat international fir vill Betraffenheet gesuergt huet, a mir beschäftegen eis mat der Baussepolitik vun den USA. Duerno kucke mir eis un, wat fir eng Gesetzer a Reglementer mam Joreswiessel zu Lëtzebuerg a Kraaft trieden. Zum Schluss schwätze mir iwwert d’Wiederlag an Europa, déi och nach dëse Weekend e puer Iwwerraschunge mat sech bréngt.
Transkriptioun a Shownotes
Ënnerstëtzt de Podcast op Patreon
D'Theme vun haut:
(00:00) Intro(02:17) Nationalen Trauerdag an der Schwäiz (04:30) Geopolitesch Onsécherheet no US-Attack op Venezuela(09:29) Stéchdatum 2026: Dat ännert sech zu Lëtzebuerg(12:30) Wiederwarnung wéinst Frascht zu Lëtzebuerg an Europa
Podcast sponsorship advertising
Start advertising on News in Slow Luxembourgish relevant audience podcasts
You may also like to advertise on these Podcasts

4.6137791998
The Rubin Report
Dave Rubin

4.921801090
The Carl Jackson Podcast
Salem Podcast Network

4.922712003
First15 Devotional
First15

4.6313621086
Wow in the World
Tinkercast

4.3231082424
Joel Osteen Podcast
Joel Osteen, SiriusXM

4.549182000
The Daily Stoic
Daily Stoic | Backyard Ventures

4.6432771255
Verdict with Ted Cruz
Premiere Networks

4.8104502000
Steve Deace Show
Blaze Podcast Network

4.6619822000
The Dan Bongino Show
Cumulus Podcast Network | Dan Bongino

4.831571362
The Late-Round Fantasy Football Podcast
iHeartPodcasts