1893935681
Wat s de net sees!

Advertise on podcast: Wat s de net sees!

Categories
This podcast has
50 episodes
Publisher
Radio 100,7
Explicit
No
Date created
2026/04/16
Latest episode
2026/10/29
Average duration
-
Release period
12 days

Description

Sprooch, Méisproochegkeet, Lëtzebuergesch ... Eng Emissioun fir all sproochbegeeschtert Persoun

Podcast episodes

Check latest episodes from Wat s de net sees! podcast


Hues de een iwwer den Duuscht gedronk?
2026/10/29
Dës Kéier sti keng Wierder am Fokus, mee Ausdréck a Spréch, déi Persoune beschreiwen, déi ze vill Alkohol gedronk hunn. Den Armand Becker erzielt, wéi eng Zort Ausdréck een hei fënnt a wéi se zum Deel opgebaut sinn. Hie liwwert ausserdeem eng Hellewull vu Beispiller, déi eng alkoholiséiert Persoun beschreiwen.
Ech gi kuerz bis aus ... bei Webesch Cam.
2026/10/22
An dëser Episod schwätzt d’Nathalie Entringer iwwer déi verschidden Ausdréck fir eppes, dat dacks bäileefeg a verstoppt, virun allem awer op verschidde Manéieren thematiséiert gëtt: d’Toilette respektiv de Wee dohin.
Eng nei hybrid Ausstellung vum ZLS
2026/10/15
Den ZLS huet seng Ausstellungsoffer ronderëm „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ mat enger neier, hybrider Ausstellung erweidert. D’Soziolinguistin Sarah Muller gëtt Erklärungen zu der neier Ausstellung, déi aus zwee Deeler besteet: enger physescher Ausstellung an engem digitalen Deel. De Site fënnt een ënner www.sproochen-expo.lu.
Maja! Majo! A wien hätt dat geduecht?
2026/10/08
Se gi vill gebraucht, mee keen denkt bewosst iwwer hir Bedeitung no. Gemengt sinn hei déi kleng Wierder „maja“ a „majo“, déi an allméigleche Situatiounen opdauchen a ganz ënnerschiddlech Emotioune kënnen ausdrécken. Wéi eng dat sinn, erkläert d’Josiane Boever vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch.
D’Famill op Lëtzebuergesch
2026/10/01
An dëser Episod vu „Wat s de net sees!“ erkläert den Alex Gillander, wéi een op Lëtzebuergesch déi Leit nennt, mat deenen ee meeschtens ganz besonnesch frou ass an en enke Kontakt huet: nämlech d’Famill!
Ass de Kabel an an an der Rei?
2026/09/24
D’Schreifprogrammer gesi Widderhuelunge vu Wierder an engem Saz heiansdo als méigleche Feeler, obwuel se dacks Sënn maachen. Den Alexandre Ecker beschreift e puer där Fäll méi am Detail.
Schwätz kee Kabes, du domm Noss!
2026/09/17
An dëser Episod vu „Wat s de net sees!“ mam Sarah Hess a mam Christopher Morse vum ZLS geet et ëm Uebst- a Geméisausdréck, déi benotzt ginn, fir een op eng méi oder manner léif Aart ze beleidegen.
Virwëtz mat Äppelschnëtz
2026/07/16
"Virwëtz mat Äppelschnëtz“ a "Véierel op kal Ierbessen“: An dëser Episod mat der Sara Martin vum ZLS geet et ëm Ausdréck, déi een heiansdo ze héiere kritt, wann een ze virwëtzeg ass, oder déi als witzeg Äntwert geduecht sinn, wann een zum Beispill no der Auerzäit freet.
Eppes mat Schweppes
2026/07/09
D’Sara Martin schwätzt an dëser Episod iwwer “eppes mat Schweppes“ an déi verschidde Variante vum Sproch, deen een als Kand méi dacks ze héiere krut, wann ee gefrot huet, wat et ze iesse gëtt. Fir déi eng ass de Sproch esou ofgeschloss, fir déi aner kënnt nach eppes hannendrun – an do geet et vu bis: … an Äppelkompott, … a Gebeess, … a Gromperenzalot, … a Méckefett gebroden. Nieft “eppes mat Schweppes“ geet et an der Episod och nach ëm änlech Spréch, déi am ale Luxemburger Wörterbuch dokumentéiert sinn.
Za huet gedanzt wéi d’Fatz um Bengel! E klenge Pronome ganz grouss
2026/07/02
Am Fokus vun dëser Episod steet e klengt awer immens interessant Wuert: "za“ oder och "d’Sau“. D’Nathalie an d’Cally ënnerhale sech doriwwer, wat et mat deem Pronomen op sech huet, wou en hierkënnt a wéini e benotzt gëtt.
Wat huet deen eng Nues! Eng sproochlech Wäiprouf
2026/06/25
Dës Kéier sti Wierder am Fokus, mat deenen een op Lëtzebuergesch d’Eegenschafte vun engem Wäin erkläert. Wat schmaacht een, wat richt een? An dësem Episod geet den Armand Becker op vereenzelt Wierder an an erkläert, wat se bedeiten.
Elo nei: Liicht Sprooch op Lëtzebuergesch!
2026/06/18
Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet e Buch geschriwwen. Vill Leit hunn dem ZLS gehollef. D’Buch heescht: “Liicht Sprooch Lëtzebuergesch”. D’Josiane Boever vum ZLS erkläert: Wiem hëlleft Liicht Sprooch? Wat ass Liicht Sprooch? An dëser klenger Intro krut Dir en éischten Androck vun der Liichter Sprooch. Lauschtert den Episod, wann Dir nach méi wëllt gewuer ginn! Hei kann de Guide vun der Liichter Sprooch erofgeluede ginn.
Ech, de Jëwwi a meng Wéinegkeet
2026/06/11
D’Sara Martin vum ZLS schwätzt iwwer déi verschidde Méiglechkeeten, déi een am Lëtzebuergeschen huet, fir vu sech selwer ze schwätzen, an erzielt, wat et z. B. mat Ausdréck wéi "de Jëwwi“ a "meng Wéinegkeet“ op sech huet.
Idiolekter: Jiddereen huet een
2026/06/04
An dëser Episod erkläert d’Sarah Muller de linguistesche Begrëff “Idiolekt“. Dëst Wuert setzt sech aus de griicheschen Elementer “idio“ a “lektos“ zesummen an heescht esou vill wéi engem seng perséinlech Aart a Weis fir ze schwätzen. All Persoun huet hire ganz eegene Sproochgebrauch, dee vun hirem Liewenswee gepräägt ass a sech mat der Zäit och ka veränneren.
Vun „Taschenueren“ a „Kratzeren“
2026/05/21
An dëser Episod erzielt den Daniel Wagener vum ZLS eis, firwat d’KI sech deelweis nach mam Lëtzebuergesche schwéierdeet. Unhand vun enger KI-generéierter Geschicht gi mer gewuer, datt sech Toole wéi ChatGPT zum Beispill gär mol Wierder ausdenken, déi et esou am Lëtzebuergeschen eigentlech net gëtt. Den Daniel Wagener verréit eis, wourunner dat läit: nämlech un engem Mangel un Daten. Well där brauch eng KI méiglechst vill an am beschten aus verschiddene Quellen. Ma firwat ass grad dat fir d’Lëtzebuergescht eng Erausfuerderung a wat gëtt gemaach, fir d’KI an Zukunft nach méi fit am Lëtzebuergeschen ze maachen?

Podcast reviews

Read Wat s de net sees! podcast reviews


0 out of 5
0 reviews

Podcast sponsorship advertising

Start advertising on Wat s de net sees! relevant audience podcasts


What do you want to promote?

You may also like to advertise on these Podcasts