CFL Podcast

Advertise on podcast: CFL Podcast

This podcast has
21 episodes
Language
Date created
2021/02/19
Average duration
15 min.
Release period
51 days

Description

Dat si Blécker hannert d'Kulisse vun engem vun de gréissten Employeuren zu Lëtzebuerg – mir bréngen iech méi no un déi faszinéierend a villfälteg Welt vun der CFL.

Podcast episodes

Check latest episodes from CFL Podcast podcast


Coradia 2450
2023/12/11
Wëllkomm onboard, an der nächster Folleg vum CFL Podcast. Entdeckt d'Serie 2450 vun der CFL (Coradia Stream High Capacity) an esoumadder déi éischt vun eisen neien Automotricë mat 6 Këschte wärend hirer aktueller Testphase. Kuckt mat eis gemeinsam iwwert déi nei Funktionalitéiten a maacht Iech selwer e Bild doriwwer wat déi nei Maschinnen Iech an Zukunft bidde wäert kënne! Mir huelen Iech mat op d’Rees an d’Zukunft vun der Schinn zu Lëtzebuerg! 🚆✨ Méi an eisem Blog: https://blogcfl.lu/de/coradia-zuege/6-wagen-aus-denen-reisetraume-gemacht-sind
more
CFL Fundbüro
2023/10/18
An dëser Folleg vum Podcast entdecke mir zesummen de Fundbüro vun der CFL op der Gare Lëtzebuerg. Eng Platz wou sämtlech verluere Géigestänn zesumme kommen. Fir eis de Sujet méi no zebréngen, ënnerhale mir eis mam Nicole Rhein an dem Paul de Jager. Méi Informatiounen zum CFL Fundbüro fannt dir an eisem Blog: https://blogcfl.lu/fr/simplement-explique/passer-de-lobjet-perdu-au-bonheur-retrouve
more
Sensibiliséierungs- a Sécherheetscampagne: Ne soyez pas déplacé. Sur les quais, prenez votre trottinette à la main.
2023/09/22
Trottinetten : e beléifte Fortbeweegungsmëttel deen och seng Risike biergt. Mir hunn eis mam Doris Horvath iwwert déi nei Sensibiliséierungs- a Sécherheetscampagne ënnerhalen, déi déi richteg Benotzung vun den Trottinetten an a ronderëm Garen thematiséiert. 
more
Wou geet Är nächst Vakanz dann hin?
2023/09/13
Och wann d'Summervakanz op en Enn geet, gëtt et kee bessere Wee fir de "Vakanzblues" ze iwwerwanne wéi Är nächst Vakanz ze plangen. Mir hu mat der Martine Frieseisen, Gerante vun der CFL Evasion geschwat, déi eis net nëmmen Tipps ginn huet fir Är nächst Vakanz ze buchen, mee och Rotschléi fir op wat Dir oppasse sollt wann Dir déi nächst Kéier reest. https://www.cflevasion.luhttps://www.facebook.com/CFLEVASIONhttps://www.instagram.com/CFLEVASION
more
Fête de la Musique Luxembourg 2023
2023/06/13
De Freide 16. Juni 2023, ass et erëm esou weit, déi nächsten Editioun vun der Fête de la Musique fënnt statt an huet säin Optakt Moies beim Funiculaire (Arrêt: Pfaffenthal-Kirchberg). Duerch d’ganz Land, kann een Optrëtter, Concerten a verschidde musikalesch Genren entdecken. An dëser Ausgab vum CFL Podcast, schwätze mir mat der Präsidentin vun der Fête de la Musique asbl, Vanessa CUM iwwert d‘2023 Editioun vun dëser Veranstaltung.. Weider Infos fannt Dir hei:  https://www.fetedelamusique.lu/ #LXFDLM
more
Bornes SOS
2023/05/26
An dëser Ausgab geet et em d’Sécherheet dei CFL hieren Client’en op den Quai’en an Sous-Terrain’en bidd. Fir desem Thema op den Grond ze goen hu mir haut Mariana bei eis. T‘Mariana ass Agent de télésurveillance bei der CFL, a mir wäerten haut iwwert d’Bornes SOS schwätzen.
more
Mi-Vie - TER2N-ng
2023/03/02
No 18 Joer ass elo déi éischt vun eisen TER2N-ng Motricen „generaliwwerholl“ ginn… Fir Iech dëst wichtegt Thema méi no ze bréngen, ass de Fränz Dording bei eis am Studio gewiergt fir eis méi driwwer ze zielen, wat d’CFL a Saachen Rullmaterial ënnerhëlt fir d’Qualitéit fir hir Cliente wieder ze erhéijen. 
more
Missions that rock - néi Employer Branding Campagne
2023/02/08
Missions that rock - dat ass de Slogan vun der CFL hierer néier Employer Branding. Mir schwätze mam Armelle Kails an dem Joya Blum aus dem Service Recrutement vun der CFL iwwert déi néi Campagne. Wann dir direkt méi iwwert der CFL hier Employer Branding wësse wëllt da lauschtert elo eran. Campagne Video: https://www.youtube.com/watch?v=xnatvufPdnw Weider Informatiounen: https://www.jobscfl.lu/ 
more
Rail Cool – Sécherheet, der CFL hier éischt Prioritéit
2022/11/29
D’Sécherheet ass der CFL hier éischt Prioritéit. Virun e puer Wochen hu mir mam Lëtzebuerger Rapper Maka MC e Lidd zu deem Thema erausbruecht. An dësem Podcast schwätze mir mat him an eise Kolleegen Doris Horvath a Patrick Schaack aus dem Service Sécurité, Sûreté et Environnement iwwer déi dacks ënnerschätzte Gefore bei de Gleiser.
more
Women In Rail: Laurence Zenner
2022/10/21
Säit 2018 ass d'Laurence Zenner Direktesch vun der CFL cargo. Fir den Erfolleg sti fir d‘Laurence Zenner dobäi keng Stereotyppen a Geschlechterrollen am Virdergrond, mee Kompetenz, Dialog a Leadership, fir déi beschte Léisung fir hir Clienten ze fannen. Och wann de Papp gestanenen Eisebunner war, war et net d’Famill, mee de professionellen Defi am Beräich vun den Infrastrukturprojeten, déi d‘Madamm Zenner bei d‘CFL bruecht hunn. En interessante Podcast mat enger staarker Fra mat villen Talenter iwwert de Gidderverkéier zu Lëtzebuerg, seng Plaz an Europa an iwwert aktuell Defien, z.B am Beräich vun der Energie.
more
Mat der CFL Lëtzebuerg erliewen – Mam Vëlo ënnerwee
2022/07/28
Et ass gutt Wierder, de Summer ass ukomm, an do ass ee jo och gäre mam Vëlo ënnerwee – mir ginn eise Nolauschterer e puer praktesch Tipps an Infos mat op de Wee ronderëm d’Thema „Vëlo an Zuch“. Mir wäerten och mat eisen Invitéen Anne Haag an Jeff Biever  iwwert de Vëlosummer schwätzen a wéi eng Tier een do alles entdecke kann. Wéider Infos:  Bike and Rail https://www.cfl.lu/fr-fr/evasion/genericcategory/bike-rail https://www.cfl.lu/fr-fr/news/detail/bike-rail  Vëlosummer 2022 https://www.velosummer.lu
more
Sensibiliséieren - fir méi Sécherheet bei de Schinnen (2022)
2022/06/09
Och wann den Zuch nach ëmmer ee vun de séchersten Transportmëttel ass, kann d’Kräizung tëschent Zuch, Gefier a Foussgänger e Risiko duerstellen, wann een sech net un de Code de la Route hält. Wéi d’CFL op dës Geforen opmierksam mécht a wéi een sech richteg verhält, fir Geforen aus dem Wee ze goen, gitt Dir an dësem Podcast gewuer. Weider Informatiounen: https://securite.cfl.lu https://www.ilcad.org
more

Podcast reviews

Read CFL Podcast podcast reviews


0 out of 5
0 reviews

Podcast sponsorship advertising

Start advertising on CFL Podcast & sponsor relevant audience podcasts


What do you want to promote?

Ad Format

Campaign Budget

Business Details