Gebraddels a Gesabbels

Advertise on podcast: Gebraddels a Gesabbels

Categories
Country
This podcast has
26 episodes
Language
Publisher
Explicit
No
Date created
2020/11/17
Average duration
57 min.
Release period
96 days

Description

Zwee jonk Männer an der Bléi vum Liewen , schnëssen iwwert déi alldeeglech an einfach Saachen aus dem Lëtzebuerger Alldag.

Podcast episodes

Check latest episodes from Gebraddels a Gesabbels podcast


Do haten der zwee Zeit
2024/01/15
Dem Bob an dem Mathis ass einfach op gefall datt Sie an hirem Alldaag ëmmer missen drun denken, hei dat do dat wier dach eppes fir de Podcast . An wie soll et och anescht sinn, hu Sie et sech net huele gelooss, endlech Zeit ze fanne fir datt et nees konnt weider goen, an iech mat enger neier Episod ze beglécken . Domadder bleift nëmmen nach eppes ze soen, an zwar vill Spaass beim lauschteren!
more
After Ouschteren
2022/05/24
Oh méi do war wuel den Wuerm am Internet oder wei nennt een dat, leider ass am Ufank Soundqualiteiet méi gelungen, mee no der paus koum nees alles an aler Pracht zeréck. Chaos an Egypten , Avocado an Katzen klappt nett, och iwert den James Bond hun mer eis gedanken gemach an Eldoradio... naja lauschtert selwer. Eng wonnerbar Episod wou mer rem vill  gelaacht hunn. Ameséiert iech gutt an op dësem Wee soen mir iech villmols Merci fir Ären Support an är Gedold mat eis.
more
Eddie vidercie
2022/04/28
Hallo dir léif Leit, mir hoffen dir hat flott Ouschteren. Hei eis nei Episode, den Mathis flitt an Ägypten dowéinst steet Thema Vakanz um Programm. Mir hunn vill gelaacht, an sou hoffen mir datt ech iech och ergeet. Vill Spaass beim lauschteren.
more
Corona am Réck
2022/04/03
Hallo an wëllkomm an der Krankeschäin Episod vu Gebraddels a Gesabbels. Den Mathis huet Corona am Haus an den Bob gouf gëscht mam Réck operéiert. Des Episod dauert iwwert 1 Stonn, an kënnt wie an engem Goss frësch fir iech aus der Podcast Schmelz. Vill spaass beim lauschteren.
more
et mécht näicht wann et schnell geet
2022/02/15
Hallo léif Nolauschterer vum Kult Podcast Gebraddels a Gesabbels. Mat vill Verspéidung kennt des Episod an är Podcast Stream Déngscht. Et ass net ëmmer einfach wann et soll gutt gi, mee wei dir eis kennt, bleiwen mir fir iech um Ball. Vill spaass beim lauschteren vun dëser Episod.
more
alles Guddes am neien Joer
2022/01/09
Halli Hallo, lo ganz genau mir sinn nees do. Prett fir neit Joer schmäissen den Bob an den Mathis nees hier Podcast trommel un. Hoffentlech sidd der eis net all ze vill béiss datt dir soulaang näischt méi vun eis héieren hutt, trotz allem wënschen mir iech vill Spaass beim lauschteren vun eiser neisten Episode.
more
Dik Dik Dag
2021/04/05
Dass Ouschterméinden an den Bob an de Mathis setzen am Bongert, des kéier als Invitée hu se den Generator mat da bei. Verhör ass ee Verhéier op Lëtzebuergesch, wien huet Poubelle erfonnt, Evergiven ass frei an wei ëmmer eng Good News wou den Mathis scho net méi weess wou en drun ass am Land. De Bob erzielt iech wei säin Ouschterweekend ass respektiv wäert ginn, a vill Zéit spreng huet des Episod iech ze bidden. Vill Spaass beim Ulauschteren
more
Méi oder manner witzeg
2021/03/29
Ola Ola dir léif Leit, de Bob an den Mathis hunn sech nees zesummen gesat, an hunn rëm hier Woch Revue passéieren gelooss. An dëser Episod ass och definit net mat Sounds geknausert gin, ma dat kennt da bei raus wann der op emol zwee an der Zopp réieren, op desst elo méi oder manner witzeg ass , dat bleift eleng iech iwwerlooss.  Vill Spaass beim ulauschteren a bleift gesond
more
Dem Petz sein Dag aka Saint Patrick´s Day
2021/03/22
Et ass St Patrick´s Day an den Bob an Mathis mussen als Whisky Drénker a Pub lovers natierlech mateneen prosten an hu bei där Occasioun eng Episod fir iech opgeholl. Ui ui ui ui. Irland, Whisky, an sou munch Geschichten vun fréier hunn mir fir iech Parat. Är zwee lieblings Kléiblieder wenschen iech vill Spaass beim ulauschteren.
more
-Zu spéider Stonn - (den zweete Deel) Interview mam V.I.C.
2021/03/19
Endlech ass et sou weit, prett fir den Weekend sin de Lëtzebuerger hier zwee léifsten Braddeler a Sabbeler sinn nees um start. Des kéier a Form vun engem Interview, an zwar extra no Verëffentlechung vu sengem éischten Album -Bic a Blat-, an lo opgepasst léif Nolauschterer a Frënn vum Lëtzebuerger Hip-Hop, mat kengem geréngeren wei dem  V.I.C. Dowéinst entschëllegt eis d´Verspéidung vum zweete Deel vun der Epsiod -Zu spéider Stonn- a mir wënschen iech wei ëmmer Vill Spaass beim ulauschteren. Bob an Mathis
more
Mea Culpa dir léif Leit
2021/03/15
No enger gezwongener Paus starten déi zwee Sabbeler endlech rëm mat enger neier Episod. Den Mathis leet direkt erem mat 100 à l´heure lass an zielt vun sengen neisten Impressiounen aus Hamburg, den Bob deelt seng méi oder manner flott dreem mat iech, wisou waren mir esou lang fort a wei ass et mat der Episod "Zu speider Stonn Deel 2"? Lauschtert am beschten selwer eran. Vill Spaass!
more
-Zu spéider Stonn- (éischten Deel)
2021/02/28
D´Fréijoer ass ugepaff! De Bob an de Mathis starten des Woch mat enger duebel Episod. Am éischten Deel kommen mir nach eng kéier kuerz op dem Bob seng Vakanz ze schwätzen, déi erfollegräich Lëtzebuerger Serie Capitani däerf och natierlech net feelen an eng kleng Rees an Vergaangenheet zum Ursprong vum Bob an Mathis senger Frëndschaft an enger SNJ Kolonie ass och derbäi. Am zweeten Deel hu mir dann mol nees eng kéier Invitée´n bei eis. Sidd gespaant op den éischten Deel vun den Epsioden -Zu spéider Stonn- a virun allem, vill Spaass beim ulauschteren.
more

Podcast reviews

Read Gebraddels a Gesabbels podcast reviews


0 out of 5
0 reviews

Podcast sponsorship advertising

Start advertising on Gebraddels a Gesabbels & sponsor relevant audience podcasts


What do you want to promote?

Ad Format

Campaign Budget

Business Details