Unlock Speakeasy Podcast podcast Email contact info,
Listeners & Audience details
Email contact information
Direct podcast contact details

Listeners
Audience numbers & engagement insights

Audience details
Podcast Insights

Podcast episodes
Check latest episodes from Speakeasy Podcast podcast
En Ausbléck op 2026 mam Petz Bartz
2026/01/04
En Ausbléck op 2026 mam Petz Bartz
Wat ginn di wichtegst Events vun 2026? Ech hunn den Journalist Petz Bartz getraff, fir mat him ze kucken, op wat dëst Joer sollt/kéint oder misst oppassen. E puer Stonnen virdrun ass en Diktator entfouert ginn, wat da schonn an di relevant Kategorie kéint falen. Am Gespréich war et op alle Fall en Thema.
Opfer oder Täter?
2025/11/12
Opfer oder Täter? – Wann Moral op Gehorsam trefft…
Wann ech an enger Diktatur opwuessen, do endoktrinéiert ginn, an duerno schrecklech Verbriechen am Numm vu mengem Diktator beginn – weem seng Schold ass dat dann?
Sinn ech en Opfer vum System – oder trotzdeem verantwortlech fir dat, wat ech gemaach hunn?
Kann een sech mat „Ech hunn just Befeeler ausgefouert“ aus der Affär zéien?
A wéini ziele mir zu deenen Gudden, a wéini zu deenen Béisen?
Wéi solle mir deene Leit gedenken, déi fir Nazi-Däitschland gestuerwen sinn?
En Interview mam Benoît Niederkorn, Direkter vum Musée National d’Histoire Militaire zu Dikrech.
Den Lustgarten - botanescht Symbol vum Klassekampf?
2025/09/30
Exotesch Planzen, komplex Waasserfäll, romantesch Landschaften – den Lustgarten ass eng Spillplaz vir den selbstbewossten Räichen, dee weisen wëll, ween di décksten Palm am Gaart huet. Mee den “parc municipal”, deen fir all Mënsch do ass, ass och vläicht just Beschäftegungsthérapie fir den Pöbel…Wat stécht hannert der Loscht um Spazéieren, den groussen Stadt-Parken, den deieren Privat-Gäert? Méi wéi der denkt!
Haut gi mer op d’Promenade mam Historiker Marc Schoellen, „expert en patrimoine paysager“.
Op Facebook ass en Album mat den (meeschten) Platzen, di mer an dëser Episod diskutéieren, falls der e Bild fir bei den Audio wëllt, hei ass de Link: https://www.facebook.com/media/set/?set=a.1326049952617245&type=3
D'Idée vu Lëtzebuerg
2025/07/31
Lëtzebuerg – e Land, eng Stad, eng (auslännesch) Provënz... oder just eng Iddi?
Firwat hu mir e Nationalfeierdag – an net einfach en "Dag vum Siegfried" oder "Dag vum Caesar"?
Wéini gëtt eng Iddie zum Fakt? A wien huet iwwerhaapt entscheet, datt mir eng Natioun sinn?
Mam Historiker Pit Peporte sichen ech no de Wuerzelen vun eiser Nationalerzielung.
Hei den Link zum "À propos" :https://luxembourg.public.lu/fr/publications/ap-histoire.html
Haut stierft de Bambi - Äddi a Merci #15
2025/06/30
Wat passéiert mam Jeeër, wann hien en Déier ëmbréngt ? Wéisou mécht een dat ? Wat fillt een dobäi? A wéi een Bléck huet den Jeeër op seng Beute?
An der Episod 15 vun der Serie „Äddi a Merci – e Liewen mam Doud“ schwätze mer mam Ryan Shepherd iwwert säin déidlechen Hobby.
Where's the money, Kohnen? - Triple K #01
2025/06/01
Where's the money, Kohnen? Wéisou si mer net all scho laang ultra-räich?
Trotz Zënsen, Kapital a Spuerbuch ginn et nach ëmmer Armer a Räicher.
Déi Räich ginn ëmmer méi räich – an déi Aarm ëmmer méi vill.
Dobäi sinn eis Gesellschaften nach ni esou produktiv gewiescht,
an de weltwäite Räichtum war nach ni esou grouss wéi haut.
Wat leeft schief? Oder wat hu mir net verstanen?
Haut geet de Philosoph bei d’Economisten –
an eraus kënnt de Triple K fir eisen Podcast:
En Interview mam Mich a mam Paul Kohnen.
Äddi a Merci #14 - Deng läschte Kéier!
2025/05/02
Wat seet den Doud iwwert eis aus?
D’Art a Weis, wéi mir iwwert den Doud schwätzen oder nodenken, seet dacks méi iwwert eis selwer aus wéi iwwer den Doud selwer.
Ech diskutéieren an dëser Episod mam Marc Schoellen doriwwer, wat eis Approche zum Doud iwwert eis Approche zum Doud verroden – doppelt hält besser!
Léisunge ginn et wéi gewinnt keng, mee dofir bleiwe mir entspaant an diskutéieren eng läschte Kéier iwwert den Doud.
Wéi geet Konsens?
2025/03/23
Konsens – Wéi geet dat? Geet en Nee duer, oder muss et ëmmer e kloren Jo sinn? Wéi gesäit dat an der Praxis aus? A wou läit d’Grenz tëscht Mëssverständnis a Verstouss?
Dës Froen hunn ech mam Claire Schadeck an mam Esin Göksoy vum CID Fraen a Gender diskutéiert.
Den Trump-Faktor: Wat bedeit dat fir eis?
2025/02/24
Firwat gouf den Donald Trump erëm gewielt? Wat huet hie wëlles? Gëtt et e System hannert sengem Chaos? A wat bedeit dat fir eis an der EU?
Déi Froen diskutéieren ech mam Journalist Petz Bartz.
Äddi a Merci #13 - Wou spukt et zu Letzebuerg?
2025/02/09
Wou spukt et zu Lëtzebuerg ? Wee spukt ? Firwat iwwerhaapt ? D’Land ass voll mat Geschichten iwwert Geeschter, den Däiwel, mee Zombies, Vampiren, asw. Fënnt een keng.
Haut schwätze mer net mat Léit, di am Beräich „Doud a Stierwen“ schaffen, mee haut schwätze mer iwwert di Ondoudeg.
Den Historiker Marc Schoellen erkläert eis, wou et hei am Land -angeblech – spukt
Wou spukt et zu Lëtzebuerg? Wee geet als Geescht ëm? A firwat iwwerhaapt? Eis kleng Land ass gefëllt mat Geschichten iwwert Geeschter an den Däiwel – mee wou sinn d’Zombien a Vampiren?
An dëser Episod schwätze mer net mat Leit, di professionell mam Beräich „Doud a Stierwen“ ze dinn hunn, mee iwwer dat, wat net sollt do sinn: di Ondoudeg.
Den Historiker Marc Schoellen hëlt eis mat op eng Rees duerch déi lëtzebuergesch Spukgeschichten – vun de bekanntste bis bei déi vergiess.
Lauschtert eran, fir erauszefannen, wou et am Land angeblech keng Rou angeblech spukt!
PhiloFlow Fir GSO #01 - Aféierung an d'Fach
2025/01/31
Erklärungen zum Fach "Questions Philosophiques" fir d'Première Générale (GSO, GSN, A3D, ...)
Wat ass Philo, wat muss ech do maachen? An firwat ass et gutt?
PhiloFlow Fir GSO #02 - Dossier Epistemologie & Philo Des Sciences
2025/01/31
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier „Épistémologie les sciences“ geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg !
Wat ass Philo des sciences, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng philosophesch Froen stelle sech héi am Dossier? Dat kucke mer am Vidéo!
00:00 - Em wat geet et?
02:09 - Konzepter an Notiounen
16:41 - Offiziell Froen vum Programm
19:45 - Aner philosophesch Froen
PhiloFlow Fir GSO #03 - Den Karl Popper
2025/01/31
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Karl Popper geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo!
00:00 – Intro
02:05 – Irrwege
02:50 – Deduktioun
04:15 - Induktioun
06:12 – Induktiounsproblem
11:32 - Examensfroen
PhiloFlow Fir GSO #04 - Den Rudolf Carnap
2025/01/31
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Rudolf Carnap geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo!
00:00 – Intro a Biografie
02:32 – Experimentell Method
05:50 – Naturwëssenschaften
07:55 – Sozialwëssenschaften
10:30 – Tipp: Informed Consent
15:07 – Résumé
PhiloFlow Fir GSO #05 - Aféierung an d'Ästhetik
2025/01/31
Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier „Esthétique - au-delà de la beauté" geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat ass Ästhetik, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng philosophesch Froen stelle sech héi am Dossier? Dat kucke mer am Video!
00:00 – Intro
01:45 – l’art
02:55 – l’artisanat
04:23 – l’oeuvre d’art
08:06 – la nature
09:39 – le quotidien
11:05 – la morale
14:00 – Résumé
14:50 – Examens-Froen
15:17 – Ass an der Konscht alles erlabt?
20:45 – Mat wat däerf ech Konscht hierstellen?
22:50 – Ënnerscheed art-artisanat
Podcast reviews
Read Speakeasy Podcast podcast reviews
Podcast sponsorship advertising
Start advertising on Speakeasy Podcast relevant audience podcasts
You may also like to advertise on these Podcasts

4.913115412
WHOA That's Good Podcast
Sadie Robertson Huff

4.715892001
The Beet: A Podcast For Plant Lovers
Epic Gardening

4.8542550
Ongoing History of New Music
Curiouscast

4.83237500
The Curbsiders Internal Medicine Podcast
The Curbsiders Internal Medicine Podcast

4.8459405
How to Spanish Podcast
How to Spanish Podcast

4.661972000
The Dr. Laura Podcast
Dr. Laura Schlessinger & SiriusXM

4.6220682000
Mark Levin Podcast
Cumulus Podcast Network

4.547192000
The Daily Stoic
Daily Stoic | Backyard Ventures

4.51356812
Somewhere in the Skies
SpectreVision Radio

4.71474958
Establish The Run Fantasy Football
Fantasy Football
