
Advertise on podcast: Kultur
This podcast has
50 episodes
Language
EnglishPublisher
radio 100,7Explicit
No
Date created
2017/10/16
Latest episode
2026/10/23
Average duration
-
Release period
1 days
Description
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Unlock Kultur podcast Email contact info,
Listeners & Audience details
Email contact information
Direct podcast contact details

Listeners
Audience numbers & engagement insights

Audience details
Podcast Insights

Social media
Check Kultur social media presence
Podcast episodes
Check latest episodes from Kultur podcast
Ukranian Lessons
2026/10/23
Wat geschitt mat der Konscht, wann de Krich ausbrécht? Schaffe Kënschtler a Kënschtlerinnen weider, an ënnert wéi engen Ëmstänn? Fir Äntwerten ze fannen, ass déi brittesch Journalistin Chalotte Higgins iwwer dréi Joer ëmmer rëm an d‘Ukraine gereest. D‘Claire Barthelemy huet hiert neit Buch gelies.
Filmkriticken: "Coward" + "Karma"
2026/10/23
De belsche Realisateur Lukas Dhont setzt a sengem Drama "Coward" d'Léift tëschent zwee Zaldote virum Hannergrond vum Éischte Weltkrich an Zeen. Eng Mamm, déi sech an hir Kanner virun enger Sekt wëll retten, ass de Sujet vum Guillaume Canet sengem Thriller "Karma". De Michel Delage huet déi zwee Filmer gesinn.
De Prix Marcel Duchamp 2026 fir Brognon-Rollin vu Lëtzebuerg
2026/10/23
Gëschter owend ass am Musée d’Art Moderne zu Paräis de Kënschtlerduo Brognon-Rollin, vu Lëtzebuerg, mam Prix Marcel Duchamp ausgezeechent ginn. Dat hutt dir eventuell scho bei eis an den Neiegkeeten héieren. Mee woufir steet eigentlech de Präis an eben och den Duo Brognon-Rollin? Dat erkläert iech elo d’Kerstin Thalau.
South Park
2026/10/22
Déi legendär Serie geet elo schonn an déi 29. Staffel. De Simon Larosche huet sech déi éischt Episoden ugekuckt an erzielt eis, ob de legendären Humor an d'Gesellschaftskritik nach ëmmer do ass.
No 3.000 Autoportraite konnt d’Véronique Kolber nees schlofen
2026/10/22
Virun engem Mount hate mir iech mat an der Véronique Kolber hier nei Foto-Expo am Konschtzentrum Dominique Lang zu Diddeléng geholl. Ënnert dem Titel “Deceptively quiet - d’Rou täuscht” thematiséiert d’Fotografin hier posttraumatesch Erfarung: 1 Joer nodeems hier Duechter ganz uerg blesséiert gi war, konnt si 6 Méint laang net méi schlofen. Fir sech ofzelenken, huet si Selfië gemaach; um Enn hat si eng 3’000 Opnamen zesummen, op deenen net si, ma bal apathesch bal gerëselt Francis-Bacon- bis David Lynch änlech Fratzen an der Däischtert ze erkenne sinn. Gëschter owend hat d’Véronique Kolber de Psycholog Sacha Bachim fir eng Konferenz an hier Expo invitéiert. D’Kerstin Thalau war do an ass méi iwwert d’Relatioun Trauma a Konscht gewuer ginn.
CinEast-Festival Kompetitioun (4)
2026/10/22
Zwou Schwësteren zerstreiden sech ëm d'Ierfschaft an der kroatescher Drama-Komedie "Honey Bunny". An der georgescher Tragi-Komedie "Guria", eng Lëtzebuerger Co-Produktioun, geet et ëm déi chaotesch Sich vun engem Witmann no eng neier Fra. Kriticke vum Michel Delage a Valerija Berdi.
Franziska Gänsler - ORCA
2026/10/22
Wéi wäit geet een fir engem anere Mënsch ze gefalen a fir en net ze verléieren? E Coming-of-age Roman iwwer toxesch Frëndschaft an onbegrenzt Bereetschaft zu Gewalt ass der Franziska Gänsler hire Roman „Orca“, deen am Verlag Kein & Aber erauskomm an och op der Shortlëscht fir den däitsche Buchpräis stoung. D‘Valerija Berdi huet d‘Buch gelies.
CinEast-Festival Kompetitioun (3)
2026/10/21
D'Zwangssteriliséierunge vu Roma-Fraen an der deemooleger Tschechoslowakei ass de Sujet vun "Only beautiful things to look at". Aus der Perspektiv vun engem jonke Meedchen erzielt "Dua" déi politesch Kris Enn den 90er Joren an der fréierer südserbescher Provënz Kosovo.
Prix Goncourt: "Le fabuleux piano" vun der Sonia Devillers
2026/10/21
Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht. “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois huet de Jeff Schinker scho rezenséiert, an haut ass hie beim Marc Clement am Studio, fir Le fabuleux piano vun der Sonia Devillers ze beschwätzen.
Festival du Film Italien zu Villerupt - Mon père, le héros...?
2026/10/21
Iwwermuer Freideg, den 23. Oktober fänkt an eiser franséischer Nopeschstad Villerupt den 49. Festival du Film Italien un. A Kinossäll zu Villerupt, mee och zu Diddeleng an Esch gëtt d’Crème de la Crème vum neien - a vum alen - italienesche film gewisen, gefeiert, an natierlech a Competitioun gesat – well Festivalauszeechnungen décidéieren och, wéi eng Filmer um Enn distribuéiert ginn. Ee vun deene jonken Universtairen, déi Enn 1976 de Festival an d’Liewe geruff hunn ass den Oreste Sacchelli, Prof op der Uni zu Nanzeg an Auteur vu Bicher iwwer déi italienesch Realisateuren Benigni, Giordana an Nichetti. Och dir sidd invitéiert, op dir lo, wéi vill Leit an eiser Regioun, italienescht Blutt hutt, oder net. An engem Gespréich mam Oreste Sacchelli gouf de Marc Clement de muere méi gewuer.
“Shapes”: Dialog tëscht Konscht a Wëssenschaft
2026/10/20
Dräiecker, Quadrater, Linnen...fënnt een iwwerall, sief et an der Natur, de Wëssenschaften oder der Konscht. Mee wat soen all di Formen iwwert d’Liewen, di Welt ronderëm eis aus? “Shapes – Beyond Geometry” ass eng nei Expo am Ratskeller vum Cercle Cité, an däer Wëssenschaft a Konscht matenee dialogéieren, fir de Visiteuren di subtil Logiken an Transformatiounsprozesser hannert de Forme méi gräifbar ze maachen. Di 24 Wierker vu 14 internationale Kënschtler:innen a Wëssenschaftler:innen si vu 4 Curatricen a Curateure selektionéiert ginn. Dat kléngt elo schonn nees komplex? Keng Angscht, d’Kerstin Thalau huet ENG Curatrice selektionéiert, fir iwwert d’Expo ze schwätzen: d’Anna Loporcaro.
CinEast-Festival Kompetitioun (2)
2026/10/20
Onsécherheeten an der Koppel, dat ass de Sujet, deen déi zwee Filmer vun haut verbënnt. De Michel Delage schwätzt iwwer den tschechesche Film "Everything as it should be" an de rumänesche Bäitrag "A Safe Place".
Nei am Kino
2026/10/20
De Michel Delage mat den neie Filmer déi dës Woch ulafené
Open Air Belval
2026/10/19
D'Rockhal huet op enger Pressekonferenz hiren Open-Air-Programm fir de Summer 2027 virgestallt. Dorënner de brittesche Museker Sting deen de 15. Juni op de Belval kënnt. Déi belsch Popsängerin Angèle steet den 20. Juni op der Bün, an de 25. Juni suergen déi däitsch Hip-Hop-Legenden Die Fantastischen Vier fir Stëmmung Op der grousser Plaz virun der Rockhal. Nächste Méindeg gëtt dann nach e weidere groussen Numm annoncéiert.
CinEast-Festival Kompetitioun (1)
2026/10/19
Am Sozialdrama "Shame and money" kritt eng Koppel vu Baueren an der kosovarescher Haaptstad Pristina déi sozial Klassenënnerscheeder voll ze spieren. De polneschen Drama "Tell me what you feel" kombinéiert eng "boy meets girl"-Geschicht mat engem sozial-therapeuteschen Usaz. Zwou Film-Kriticke vum Michel Delage.
Podcast reviews
Read Kultur podcast reviews
Podcast sponsorship advertising
Start advertising on Kultur relevant audience podcasts
You may also like to advertise on these Podcasts

4.8160141996
Watch What Crappens
Ben Mandelker & Ronnie Karam

4.639031163
Modern Wisdom
Chris Williamson

4.66201307
True Crime with Kendall Rae
Mile Higher Media & Audioboom Studios

4.73423781
The Ancients
History Hit

4.89130312
The Why Files: Operation Podcast
The Why Files: Operation Podcast

51088171
Middle Children
Jessie Jolles and Chris Burns

4.8265112000
Morning Wire
The Daily Wire

4.518778373
American Scandal
Audible

4.689371215
Get Sleepy: Sleep meditation and stories
Slumber Studios

4.79026375
Life is Short with Justin Long
Audible

