
Advertise on podcast: Méi wéi Sex
This podcast has
197 episodes
Language
EnglishPublisher
Méi wéi SexExplicit
No
Date created
2018/10/08
Latest episode
2026/10/09
Average duration
43 min.
Release period
17 days
Description
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Unlock Méi wéi Sex podcast Email contact info,
Listeners & Audience details
Email contact information
Direct podcast contact details

Listeners
Audience numbers & engagement insights

Audience details
Podcast Insights

Podcast episodes
Check latest episodes from Méi wéi Sex podcast
Rubrik – Eng gutt Fro: Masturbéieren ech ze vill?
2026/10/09
Ech gi moies wakereg, a muss gläich an d’Schoul oder op d’Schaff. Mee e puer Minutte vir séier nach ze masturbéieren hunn ech vläit nach.
Et ass 10 Auer Paus. Séier op d’Toilette masturbéieren.
Mëttesstonn? Grad eppes giess, a lo nach Zäit vir ee Kaffie? Nee, de skippen ech léiwer a rubbele mer nach een.
Ze vill? Ze oft?
Dorëm geet et an dëser Rubrik.
Voll dobäi oder voll dernieft? – Sex a (keen) Alkohol
2026/10/02
Egal ob een*t selwer drénkt oder net, Alkohol ass e feste Bestanddeel vun eiser Feier- a Rausgokultur. Den Afloss vun dësem Rauschmëttel op eis sozial Dynamiken ass dobäi net ze ënnerschätzen. An der Episod erzielen den Elie, d'Ella a Robin iwwer hire Erfahrungen mat Alkohol - souwuel mat drénken wéi och mat niichter sinn. Si ginn drop an, wéi Alkohol eis Sexualitéit verännere kann, an wourop een*t beim Mix vun Alkohol a Sex oppasse sollt.
D'Rubrik ass net wéi gewinnt um Enn, mee kënnt d'nächst Woch :)
Studie zu Alkohol a Konsens
d'Pëll an Alkohol
Ask for Angela - Secherheet beim Rausgoen
RUBRIK Come Together (Kapitel 4): Dain Emotional Floorplan notzen
2026/09/25
An der läschter Rubrik (Kapitel 3 vum “Come Together") huet Kelly iwwert den Emotional Floorplan geschwat: däin emotionale Grondrëss, deen aus 9 verschiddenen Raim besteet. An dëser Rubrik geet et drëm, wei den Emotional Floorplan dir (an denger Bezéiungspersoun) kann dobai hëllefen erausfanne, wéi's du/dir méi oft an déi Raim kenns/kommt, wou Loscht a Pleséier stattfënnt!
Weiderféierend:
– Beispill fir en Emotional Floorplan: https://www.emilynagoski.com/erika-moens-emotional-floor-plan-comic
Quelle: Kapitel 4 vu "Come Together" vum Emily Nagoski
Vu Myspace zu Tiktok – Éischt Social Media Notzungen
2026/09/18
Ob een*t lo mat myspace oder Tiktok grouss ginn ass, den Internet bleift den Internet - a Social Media e grousse Bestanddeel vum Liewe vu ville Leit. De Joël an den Elie diskutéieren an dëser Episod, wéi sech sozial Medien an hire Liefzäite verännert hunn, a wéi eng Risiken an Avantagen déi selwecht bliwwe sinn. A natierlech gi si och op déi géigewäerteg Diskussiounen zum potentielle Social Media Verbuet vu Jonker an.
Resourcen:
Dem Joël seng Recherche iwwer Social Media fir d'Woxx
Opklärung iwwer Scams
BeeSecure fir Hëllef an Opklärung
D'Rubrik ass net wéi gewinnt um Enn, mee kënnt d'nächst Woch :)
Och bei Eis Leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun
2026/07/10
Menstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heterosexueller Reproduktioun. Dobäi mécht dee Framing awer d’Erliefnesser vu queere Fraen, trans an inter Persounen onsiichtbar.
De Lëtzebuerg City Museum, Rosa Lëtzebuerg a Méi Wéi Sex hunn den 11. Juni dofir op eng Table ronde mam Titel Och bei eis leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun invitéiert. D’Ekipp vu Méi Wéi Sex a Rosa Lëtzebuerg hunn hir Gäscht mat op eng Rees duerch queer Menstruatiounserfarungen geholl. D’Diskussiounsronn gouf opgeholl an gëtt um Radio ARA an op de Plattforme vu Méi Wéi Sex ausgestraalt.
Dësen Event gouf am Kader vun der Ausstellung Et Leeft organiséiert. D'Ausstellung ass nach bis de 19. Juli 2026 am Luxembourg City Museum ze gesinn.
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer den emotional Floorplan.
Spiers de schonn eppes? – Psychopharmaka a Sex(ualitéit)
2026/06/26
Mir hunn a Méi Wéi Sex scho vill iwwer Sexualitéit a verschiddenen Zoustänn geschwat, mee wat ass amfong matt engem Thema wat vill Leit betrëfft, a grad queer Mënschen iwwerduerchméisseg ugeet: Psychopharmaka. Dës Medikamenter, déi fir psychesch Diagnosen verschriwwen ginn, si wäit verbreedt a wierken sech op d'chemesch Balancen an eise Gehirer a Kierperen aus. Mee wéi ass et amfong, fir sou Medikamenter ze huelen, a wéi affektéiert dat d Bezéiung zu Sexualitéit a Kierper?
Den Elie, Lynn a Robin ginn an dëser Episod op dës Themen an a verzielen vun hiren Erfahrungen mat hire respektive Medikamenter.
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Neuro Kink.
„Et ass just Sex“ – Wat menge mir domat?
2026/06/12
Et ass ee Saz, deen nawell dacks am Podcast fält: „Et ass just Sex!“ Mä wat menge mir eigentlech genee domadder, wa mir dat soen? D*e Robin an de Joël ginn där Fro op de Grond. Hir Diskussioun fänkt an hirer Jugend un, wou d'Gefill, een*eng „Nachzügler*in“ ze sinn, fir vill Drock gesuergt huet. Et geet weider iwwert Net-Monogamie bis hin zu Feststellung, datt Sex heiansdo eben dach net „net just“, mä éischter méi wéi Sex ass.
An der Rubrik erkläert d'Ella eis, wat d'ILGA Rainbow Map ass a wisou de Ranking vu Lëtzebuerg sech an deene leschte Jore verschlechtert huet.
Shownotes
ILGA Rainbow Map
ILGA Bericht iwwert d'Situatioun vun LGBTIQA-Mënschen zu Lëtzebuerg (Annual Review)
Reaktioun vun Rosa Lëtzebuerg
Zur Transparenz: D'Ella schafft bei Rosa Lëtzebuerg, dat huet awer keen Afloss op den Inhalt vun der Rubrik.
Vu Wäit zu No an Ëmgedréint – Plënneren a Bezéiungen
2026/05/29
Bezéiungen a Plënneren si sou eng Saach: wann eng Persoun plënnert, kann dat gäre mol villes op de Kapp stellen. Dobäi kann et sech natierlech ëm zwee Szenarioen handlen: entweder gëtt eng Fernbezéiung zur Nobezéiung, oder eng Nobezéiung zur Fernbezéiung. De Joël huet aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung gemaach, an Robin huet mat senger leschter Plënneraktioun net nëmmen aus senger Nobezéiung eng Fernbezéiung gemaach, mee och aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung. An dëser Episod diskutéieren si, wéi een*t dës Plënnerdécisiounen zesummen oder alleng maache kann, wat dat mat enger Bezéiung maache kann a wéi een*t déi Transitioun eventuell manner schwéier mëcht.
An der Rubrik erklärt den Elie, wat Figging ass a wéi een*t dat am beschten ugeet.
Jo zum Jo-Soen – Sech verloben
2026/05/15
Op den éischte Bléck klengt et ganz einfach: Wien sech bestuede wëll, muss sech als éischt verloben. Dofir muss een*t een Antrag maachen. Am beschten ee grousse Geste, wou een*t dann um Enn op d'Knéie geet an um Enn vill Tréine fléissen. Muss dat alles sou sinn? A ginn et eigentlech gutt Grënn, sech ze bestueden, ausser manner Steiere bezuelen ze wëllen? Zum Gléck gëtt et eng Persoun am Méi wéi Sex-Team, déi eis aus eegener Erfarung erziele kann, wéi dat bei hir war. De Joël a Kelly schwätzen an dëser Episod iwwert Anträg, déi net ganz esou lafen, wéi een sech dat virgestallt hätt, iwwert Réng an natierlech iwwert ee grousse Kuch.
An der Rubrik gi mir vum Kelly gewuer, wisou mir eise Pleséier an enger Bezéiung zentréiere sollten – een Thema, wat grad fir Koppelen, déi sech bestuede wëllen, wichteg ass
Shownotes
LA Times: 20 years of data on same-sex marriage
Ëmfro zu de Grënn wisou Leit sech bestueden
Vice: Why Queer Couples Don’t Marry as Young as Straights
Vogue: Am I a Bad Queer for Getting Married?
Vu Neigebuerenen a neien Elteren - Gebuerten
2026/05/01
Gebuerten si mat ville gesellschaftlechen a perséinlechen Erwaardunge verbonnen. Oft bedeiten se eng Mëschung vun dausende vu Gefiller, schéinen an deelweis awer och schlëmme Momenter. Eppes ass sécher: all Gebuert ass anescht an och wat duerno kënnt leeft fir keen Elteren a Beebee(n) Team selwecht. Des Woch schwätzt Ella mat senger Mam Monique iwwer hier villfälteg Gebuertserfarungen. Dobäi komme Birthplans, Gebuertstechniken, lëschteg Anekdoten a nach villes méi op den Dësch.
Quellen an interessant Artikelen:
Medizinische Informationen zur Peridural Anästhesie in der Geburtshilfe - CHL
Quality of maternal and newborn care around the time of childbirth in Luxembourg during the COVID- 19 pandemic - Maryse Arendt, Barbara Tasch, Francesca Conway, Aline Lecomte, Benedetta Covi, Ilaria Mariani, Emanuelle Pessa Valente, Marzia Lazzerini
Beyond autonomy: Care ethics for midwifery and the humanization of birth - Elizabeth Newnham, Mavis Kirkham
Obstetric and gynaecological violence in the EU - Silvia Brunello, Magali Gay-Berthomieu, Beth Smiles, Eneidia Bardho, Clémence Schantz, Virginie Rozee
Self-determination: an increasingly important aspect of childbirth - Isabell Spilker
Hypnobirthing: Schmerzfreie Geburt unter Hypnose?
Heated Rivalries — Sports Smut (Spicy Books #3)
2026/04/17
Sports Smut huet et vun der Fankultur an de Mainstream gepackt! De Joël a Kelly hunn natierlech Heated Rivalry gekuckt, gelies an eng Meenung dozou. Ausserdeem froe mer eis: Firwat fanne Frae schwule Smut esou extrem gutt? Wat gëtt et sos nach fir Sports Smut? An wei klengt et wann d’Schauspiller vum Heated Rivalry Audioporn maachen?
Quellen
Bicher:
- Game Changers Serie (Band 1-6) & “Time to Shine” vum Rachel Reid
- “Pucking Around” vum Emily Rath
- “Deep End” vum Ali Hazelwood
- “Sweat” vum Jonah Yorke
- “Cleat Cute” vum Meryl Wilsner
Filmer:
- Personal Best (1982)
- Water Lilies (2007)
- Challengers (2024)
Artikelen:
- “A Brief History of Slash Fiction. The horny girls who walked so Heated Rivalry could run.” vum Bethy Squires (am New York Magazine).
- “Heated Rivalry and the erotics of equality Masculinity, care and love under late capitalism” vum Yalda Keshavarzi (am shado magazine).
- “He's the voice of romantasy audiobooks' biggest heartthrobs. He's never been busier” vum Vanessa Romo (bei npr).
Real-life lesbian heated rivalries:
- Julie Chu & Caroline Ouellette
- Savolainen & Anna Kjellbin
Weider Quellen, déi mer am Hannerkapp haten:
- “What’s up with the Heated Rivalry houses?” vum Kendra Gaylord op Youtube
- “Heated Rivalry x The Puritanical Eye with Hope Rehak” vum Material Girls Podcast
Bröööööscht - (K)ee Kierperdeel wéi all aneren?
2026/04/03
Huet d’Thema vun dëser Woch bei dir en “hehe😏” oder eng änlech Reaktioun ausgeléist? Da bass du net eleng. Fir di meescht si Brëscht keen neutrale Kierperdeel an tatsächlech ginn se och gesellschaftlech net esou ugesinn. Firwat? Brëscht kënne leider eng éischter ongemittlech Affär sinn. Nieft Réckwéi suergen och erdréckend Schéinheetsidealer, ongewollte Sexualiséierung oder Geschlechternorme fir onschéi Gefiller. Wisou däerft Robin als Kand zum Beispill op emol net méi ouni T-shirt dobausse spillen? A wouhier koum dem Ella seng Iddi am 6. Schouljoer dass seng Broscht sech ab elo net méi fräi beweegen däerf? Dës a nach vill weider Froen diskutéiere Robin an Ella an dëser Episode.
An der Rubrik erkläert Elie wéi gutt Bezéiungen eis op laang Dauer frou a gesond halen.
Sinn ech ee Feld oder wat? – (On)Fruchtbarkeet
2026/03/20
Einfach Kanner kënnen ze kréien – oder eben och net – ass fir vill Leit ee wichtegt Thema. Mä „Sinn ech fruchtbar?“ ass keng Fro, déi sech einfach beäntwerte léisst, well vill Faktore mat era spillen. Am Podcast schwätzen d*e Robin an den Elie iwwert hir Erfarungen a Gedanken zum Thema. Zum Beispill doriwwer, datt Onfruchtbarkeet als „Schold“ vun der Fra ugesi gëtt,, obwuel sech dat an de Statistiken net néierschléit. Wien wéi fruchtbar ass, huet awer och gesellschaftlech a sozioekonomesch Grënn. Een Thema, dat enk domadder verbonnen ass, si medezinesch Methoden, déi een*t an Usproch kann huelen, wann et op natierlechem Wee net klappt – an dem Kader gi mir dann och doriwwer opgekläert, wéi sënnvoll et ass, an den Tifküler ze jitzen.
An der Rubrik erkläert d'Ella, wat den LEQGF ass a wat fir eng Etüd deen iwwert queer Mënschen zu Lëtzebuerg gemaach huet.
Put a ring in it – Verhütung mamm Nuva Réng
2026/03/06
D'Ella huet zu quasi all Dages- a Nuetszäit e Rank un, wéi dann dat? D'Ella gebraucht de Nuvaréng fir ze verhüten! Vaginalrénger sinn en hormonellt Verhütungsmëttel an der Form vun engem Réng deen an d Vagina agefouert gëtt an dann do verbleift. Obwuel de Nuvaréng, als eischten Vaginalréng um Marché, säit 25 Joer zougelooss ass, si Vaginalrénger manner bekannt wéi aner Verhütungsmëttelen. An dëser Episod erzielt d'Ella vu sengen Erfarungen mamm Nuvaréng, firwat hatt sech fir dat Verhütungsmëttel entscheed huet a wat him heinsdo op de Nerv geet.
Dës Episod ass dann och Deel vun eiser Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op [email protected] oder kontaktéier eis iwwer social media. :)
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Hormoner a Psychedelica.
Shownotes:
Addendum zum Thema "Nuvaréng wärend dem Sex raushuelen": D'Ella sot an der Episod, dass een*t de Nuvaréng während dem Sex fir 3 Stonnen ka raushuelen, an dass all Keiers 24h tëscht dem Raushuele leie sollten. Et sollt een*t dat allerdéngs net all Dag maachen, oder et zur Sëcherheet mat sengem Doktor ofklären.
Fachinformation Nuvaring Bundesamt für Sicherheit im Gesundheitswesen (DE)
mengverhuetung.lu: Vaginalring
Ënnert engem Dach – Zesumme wunnen
2026/02/20
Zesumme mat anere Persoune wunnen ass fir vill vun eis kee Choix, mä eng Noutwendegkeet. Vill Leit wunne ganz selbstverständlech mat hirer Partner*innenpersoun zesummen. Dat ka schéi sinn, mä bréngt awer vläicht och seng ganz eege Problemer mat sech. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod vun hiren Erfarunge mat funktionalem Wunnen, onsexy Dreckskëschten a méi oder manner fräiwëllegem Zesummenplënneren. Si schwätzen natierlech awer och iwwert déi grouss Fro: Schléift een*t zesummen an engem Bett oder dach léiwer getrennt?
An der Rubrik erkläert d'Ella alles, wat dir iwwert Diskussioun ëm genderneutral Toilettë wësse musst.
Podcast reviews
Read Méi wéi Sex podcast reviews
Podcast sponsorship advertising
Start advertising on Méi wéi Sex relevant audience podcasts
You may also like to advertise on these Podcasts

4.947711411
The Shawn Ryan Show
Shawn Ryan

4.5185359
Who, When, Wow!
Tinkercast | Wondery

4.6687701115
Armchair Expert with Dax Shepard
Armchair Umbrella

4.9554072194
The MeidasTouch Podcast
MeidasTouch Network

4.639655
Only Murders in the Building Podcast
Straw Hut Media

4.7830518
The Home Service Expert Podcast
Tommy Mello: $200 Million Founder|Forbes, Inc., Entrepreneur Columnist

4.443461356
Something You Should Know
Mike Carruthers | OmniCast Media

4.7906254
Everything is Fine
Jennifer Romolini and Kim France

4.610836573
Serialously with Annie Elise
Annie Elise & Audioboom Studios

4.41171483
The Outlier Health Podcast
Matt Frazier, Matt Tullman, Isabelle Caputo, and Doug Hay