
Werben im Podcast: Minett Mash-Up: De Podcast
Dieser Podcast hat
53 Episoden
Sprache
GermanHerausgeber
Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUARExplizit
Nein
Erstellt am
2021/11/03
Neueste Episode
2026/09/25
Durchschnittsdauer
45 min.
Veröffentlichungsintervall
31 Tage
Beschreibung
Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt! All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land. Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen. Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht). Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).
Freischalten Minett Mash-Up: De Podcast Podcast E-Mail-Kontaktdaten,
Hoerer- und Zielgruppendetails
E-Mail-Kontaktinformationen
Direkte Podcast-Kontaktdaten

Hoerer
Zielgruppenzahlen und Engagement-Einblicke

Zielgruppendetails
Podcast-Einblicke

Podcast-Episoden
Neueste Episoden von Minett Mash-Up: De Podcast Podcast ansehen
Episod 53: Pascal Plein X Pompelhaus (Metzeschmelz)
2026/09/25
Kontaktéiert eis
Wéi erzielt een d’Geschicht vun enger Regioun, déi vum Eisen, vum Stol a vun de Leit gepräägt gouf, déi hei geschafft a gelieft hunn? Am 53. Episod vum Minett Mash-Up hëlt de Pascal Plein eis mat op eng Plaz, wou d’industriellt Ierwe vum Minett nach ganz konkret ze spieren ass: an d’Pompelhaus op der Metzeschmelz. Tëscht klasséierte Monumenter, perséinlecher Passioun a kollektiver Erënnerung geet et ëm d’Fro, wéi dëst Patrimoine haut erzielt, gedeelt an erhale ka ginn.
Eis “Minett Location” vum Mount : Pompelhaus (Metzeschmelz)
Fir dësen Episod huet de Pascal Plein d’Location erausgesicht: d’Pompelhaus op der Metzeschmelz. Dës Plaz steet symbolesch fir déi industriell Vergaangenheet vum Minett a mécht däitlech, wéi enk Technik, Aarbecht, Waasser, Stolproduktioun a regional Identitéit matenee verbonne sinn.
D’Pompelhaus an de Waassertuerm si klasséiert Monumenter. Am Gespréich geet et dofir net nëmmen ëm d’Geschicht vun dëser Plaz, mee och ëm d’Fro, firwat esou Zeie vun der industrieller Entwécklung fir déi nächst Generatioune sollen erhale bleiwen.
Eise Gaascht: Pascal Plein
De Pascal Plein ass keen, dee selwer an de Galerie geschafft huet oder um Héichuewen aktiv war. Awer hie lieft de Minett, seng Geschicht, seng Industrie a seng Traditiounen. Seng Passioun fir d’industriell Kultur weist sech net nëmmen a sengem Wëssen, mee och a senger Sammlung an a sengem Engagement a verschiddenen Organisatiounen am Zesummenhang mam industrielle Patrimoine – hei am Land, am Saarland an a Frankräich.
Am Episod schwätze mir mat him iwwert seng perséinlech Verbindung zum Minett, iwwer manner bekannt Plazen, iwwer déi helleg Bärbel, Veräiner, Fräiwëlleger, d’Aarbechtskonditiounen am fréien 20. Joerhonnert an iwwer d’Roll vun Traditiounen an Erzielunge fir d’Erhale vun dësem kollektive Gediechtnes.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 52: Doris Thilmany X Schifermusée Maartel
2026/08/28
Kontaktéiert eis
Schifer, Aarbecht an Erënnerung
D’Geschicht vun der Aarbecht ënner Dag féiert dës Saison vum Minett Mash-Up net nëmmen an d’fréier Eisenäerzminnen am Süde vum Land. Och am Éislek gouf ënnerierdesch geschafft – an dat an engem Ëmfeld, dat op seng ganz eege Manéier zur Lëtzebuerger Industriegeschicht gehéiert. An dësem Episod geet et ëm d’Leekëpperten, ëm de Schifer, ëm d’Liewen an d’Aarbecht zu Maartel an ëm eng Plaz, wou dëst Ierwen haut nach konkret erliefbar ass.
Eis „Minett Location“ vum Mount: Musée de l’Ardoise zu Maartel
Dës Kéier verléisst de Minett Mash-Up fir eng “Vakanz” den industrielle Süde vum Land a mécht Statioun um Site vum Musée de l’Ardoise zu Uewer-Maartel. Et ass eng aussergewéinlech Plaz: eng bal komplett erhalen Industrieanlag, wou ee gesäit, wéi de Schifer ofgebaut, verschafft a fir de Bau benotzt gouf. Hei gëtt d’Geschicht net nëmme mat Ausstellungsstécker erzielt; si ass an de Gebaier, an de Galerien, an de Maschinnen an an der Atmosphär vum Site nach ze spieren.
De Site weist, wéi villfälteg d’Aarbecht ronderëm d’Lee war: vum Ofbau ënner Dag iwwer d’Veraarbechtung bis bei déi sozial Realitéit vun de Leit, déi hei geschafft a gelieft hunn. D’Leekëpperten hu mat Fiichtegkeet, Keelt, Stëbs a kierperlech schwéierer Aarbecht gelieft – an awer ass aus dëser haarder Aarbechtswelt eng staark lokal Identitéit entstanen.
Genee esou Detailer maachen de Musée de l’Ardoise zu méi wéi enger Kuliss fir e Podcast: et ass eng Entrée an eng industriell Vergaangenheet, déi sech mat där vum Minett vergläiche léisst, ouni mat hir identesch ze sinn. Wéi an de Minnen am Süde geet et och hei ëm Aarbecht, Technik, Stolz, Gefor, Solidaritéit an d’Fro, wéi een esou e Patrimoine fir déi nächst Generatioune lieweg hale kann.
Eise Gaascht: Doris Thilmany
Eise Gaascht an dësem Episod ass d’Doris Thilmany, d’Directrice vum Musée de l’Ardoise. Mat hir schwätze mir doriwwer, wat de Site zu Maartel esou besonnesch mécht, wéi d’Leeproduktioun hei funktionéiert huet a wéi sech d’Plaz no der industrieller Aktivitéit an e Musée verwandelt huet.
D’Gespréich geet awer net nëmmen ëm Gebaier a Maschinnen. Et geet virun allem ëm d’Mënschen, déi hei geschafft hunn: ëm hir Aarbechtskonditiounen, ëm d’Entwécklung vun der Technik, ëm d’Fro vun der Sécherheet, ëm sozial Versécherungen a Betribskrankekeessen, mee och ëm déi laangfristeg gesondheetlech Risiken, déi mat enger Aarbecht ënner Dag verbonne waren.
Dofir geet et am Gespréich och ëm d’Fro, wéi een esou eng Geschicht haut erzielt, ouni hir Authentizitéit ze verléieren. Wéi gëtt engem industrielle Site iwwer an ënner dem Buedem nees Liewen agehaucht? Wéi erzielt een de Jonken eng Aarbechtswelt, déi si selwer net méi kannt hunn? A wéi kann e Musée dozou bäidroen, datt Industriekultur net nëmmen erhalen, mee och verstane gëtt?
En anere wichtege Sujet vum Episod ass d’Kandidatur vum Schifermusée als UNESCO-Weltkulturierwen. Sollt dës Kandidatur Succès hunn, wier de Site zu Maartel den zweeten UNESCO-Welterbe-Site zu Lëtzebuerg no der Alstad an der Festung vu Lëtzebuerg. Am Podcast erkläert d’Doris Thilmany, wéi esou eng Kandidatur opgebaut gëtt, wéi eng Partner dorunner bedeelegt sinn a firwat et dobäi net nëmmen ëm e Label geet, mee ëm d’Unerkennung vun engem eenzegaartege kulturellen an industrielle Patrimoine.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 51: Nicole Bausch & Pol Belardi X Lallengerbierg
2026/07/31
Kontaktéiert eis
D’Story hannert „Minettsdapp“
Fir dësen Episod vum Minett Mash-Up geet et eraus op de Lallengerbierg, eng markant Plaz an der Minett UNESCO Biosphere, wou Natur, Industriegeschicht a kreativ Inspiratioun openeentreffen. An dësem Episod empfänkt de Podcast zwee musikalesch Gäscht: D'Nikki Ninja, alias Nicole Bausch, an de Pol Belardi.
Am Mëttelpunkt steet hiert gemeinsaamt Lidd “Minettsdapp”, dat extra fir d’Minett UNESCO Biosphere geschriwwen an opgeholl gouf. De Song verbënnt Rap, regional Identitéit, industriellt Ierwen an d’Klanglandschaft vum Minett zu engem musikalesche Portrait vun eiser Regioun.
D’Episod geet der Fro no, wéi eng Landschaft, déi laang duerch Aarbecht an Äerzofbau markéiert war a sech duerno nei erschaf huet, haut nei erzielt, nei belauschtert an nei besongen ka ginn.
Eis “Minett Location” vum Mount: De Lallengerbierg
D’“Minett Location” vun dësem Mount ass de Lallengerbierg, eng Plaz, déi staark mat der Geschicht vum Minett verbonnen ass. Haut ass dëst Gebitt net nëmme wéinst sengem industrielle Patrimoine interessant, mee och wéinst senger ekologescher Bedeitung.
De Lallengerbierg ass eng vun de Kärzone vun der Minett Biosphär an e wichtege Liewensraum fir rar Déieren- a Planzenaarten. Am Podcast spillt besonnesch d’Bëschléierchen eng Roll: e klenge Zuchvull, deen de Summer hei verbréngt an um Buedem bréit.
Gläichzäiteg ass de Lallengerbierg eng Plaz, déi vill erzielt: vu fréierer Biergaarbecht, vu vum Mënsch geformte Landschaften, mee och vun neier Natur, Rou a Kreativitéit. Genee dës Mëschung mécht de Site zu enger idealer Kuliss fir en Episod, an deem et ëm Musek, Erënnerung a regional Identitéit geet.
Eis Gäscht: Nikki Ninja a Pol Belardi
An dësem Episod sinn direkt zwee Gäscht dobäi: D'Nikki Ninja, alias Nicole Bausch, an de Museker Pol Belardi.
Nikki Ninja ass e musikalesche Projet, mat deem d'Nicole Bausch Rap fir Kanner mécht. Mat hire lëtzebuergeschen Texter bréngt si Themen no un e jonke Public a weist, datt Rap och spilleresch, pedagogesch a regional verankert ka sinn.
De Pol Belardi ass Museker, Jazzmuseker a Radiopresentateur. Fir de Song “Minettsdapp” huet hien d’Musek komponéiert an dobäi net nëmmen op musikalesch Traditiounen zeréckgegraff, mee och op Kläng, déi an de fréieren Dagebaugebidder vum Minett opgeholl goufen.
Zesumme schwätzen d’Gäscht doriwwer, wéi d’Lidd entstanen ass, wéi Schoulklassen aus dem Minett an de kreative Prozess agebonne goufen, a wéi ee mat Musek eng Regioun erkläert, ouni se ze vereinfachen.
Besonnesch spannend ass d’Verbindung tëscht “Minettsdapp” an dem Biergoarbechterlidd: engem historesche musikalesche Motiv, dat fir dëse Projet an eng méi modern Form iwwerdroe gouf. Sou gëtt aus engem traditionelle Bezuchspunkt eppes Neies, dat och fir Kanner an déi nächst Generatiounen zougänglech gëtt.
Am Gespréich geet et awer net nëmmen ëm Musek. Et geet och ëm d’Fro, wéi industriellt Ierwen haut nach eise Bléck op d’Regioun beaflosst, wéi Plazen aus der Aarbechtswelt zu Plaze vu Poesie kënne ginn, a wéi Kënschtlerinnen a Kënschtler dozou bäidroe kënnen, kollektiv Erënnerung weiderzeginn.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 50: Alain Guenther X Schmelzaarbechter Musée
2026/06/26
Kontaktéiert eis
Tëscht Stol, Erënnerung a Solidaritéit
D’Geschicht vum Minett ass net nëmmen eng Geschicht vu Minnen, Héichiewen a Stol. Et ass och eng Geschicht vu Mënschen: vu Schmelzaarbechter, vu Familljen, vu Kolonien, vu Solidaritéit, vu schwéierer Aarbecht — an dovun, wéi eng ganz Regioun duerch d’Industrie gepräägt ginn ass. Fir de 50. Episod vum Minett Mash-Up si mir op enger Plaz, wou déi Geschicht nach haut ganz konkret ze spieren ass: am Schmelzaarbechter Musée um Site vun der Metzeschmelz.
Eis “Minett Location vum Mount”: Schmelzaarbechter Musée, Metzeschmelz
De Schmelzaarbechter Musée läit um Site vun der fréierer Metzeschmelz, engem industriellen Terrain, deen iwwer méi wéi ee Joerhonnert d’Liewe vun Esch, Schëffleng an der ganzer Minettregioun matbestëmmt huet. Wärend ronn 130 Joer huet d’Stolindustrie um 60 Hektar grousse Site Esch-Schëffleng Geschicht geschriwwen; bis zu 2.600 Persounen hunn do geschafft, ier 2012 all Aktivitéit opgehalen huet.
De Musée erzielt dës Geschicht net aus enger distanzéierter Perspektiv, mä aus där vun de Leit, déi hei geschafft a gelieft hunn. Hei geet et ëm den Alldag an der Schmelz, ëm Handwierksgeschir, Aarbechtsmaterial, perséinlech Géigestänn, Fotoen, Dokumenter an Erënnerungsstécker, déi zesummen e Bild vun enger ganzer Aarbechterkultur zeechnen.
Entstanen ass d’Sammlung net als grousst institutionellt Projet, mä aus enger Initiativ vu Leit, déi mat dëser Welt verbonne waren. Wéi den Alain Guenther sech erënnert, huet alles mat engem Kaffiskränzchen ugefaangen, bei deem Leit aus de Kolonien ronderëm d’Schmelz Saachen ernimmt hunn, déi si nach doheem haten: en Hummer, eng Zaang oder aner Géigestänn aus der Schmelz. Esou ass no an no eng Sammlung entstanen.
Mat de Joren ass dës Kollektioun ëmmer méi grouss ginn. Fréier Schmelzaarbechter, hir Familljen an och d’Arbed hu Géigestänn zur Verfügung gestallt oder gespent. Haut ginn am Musée Objeten ausgestallt, déi un d’Aarbecht, d’Liewen an d’Zäit virun, wärend an no der Industrialiséierung erënneren.
Eise Gaascht: Alain Guenther
Dës Kéier ass den Alain Guenther eise Gaascht. Hien huet selwer um fréieren Arbed-Site Esch-Schëffleng geschafft an ass haut ee vun de Leit, déi sech dofir asetzen, datt d’Erënnerung un d’Schmelzaarbechter net verluer geet.
Hie kennt d’Schmelz net nëmmen aus Bicher oder Archiven. Hien huet selwer um Arbed-Site zu Esch-Schëffleng geschafft. Genee dës perséinlech Verbindung mécht säi Bléck op de Musée an op d’Geschicht vun de Schmelzaarbechter esou wäertvoll.
Am Episod schwätze mir mat him iwwer säin eegene Wee an d’Welt vun der Schmelz, iwwer säin alleréischte Schaffdag, iwwer dat, wat hien a senger Carrière am meeschte gepräägt huet, an iwwer seng Zäit als President vun der Personaldelegatioun vun ArcelorMittal. Dobäi geet et net nëmmen ëm technesch oder ekonomesch Froen, mä virun allem ëm Mënschen: ëm Aarbechtskonditiounen, Kollegialitéit, Konflikter, Verantwortung a Solidaritéit.
E wichtege Sujet ass och d’Fro, ob mat de leschte Generatioune vu fréieren Aarbechter och vill Geschichten a perséinlech Erfarunge verschwannen. De Musée ass dowéinst net just eng Sammlung vu Saachen, mä och eng Sammlung vu Stëmmen, Erënnerungen an Erliefnesser.
Dësen Episod freet dofir och, wat et bedeit, wann eng Industrie, déi eng Regioun iwwer Generatioune gepräägt huet, lues a lues verschwënnt. Ass dat just eng wirtschaftlech Transformatioun? Oder och e kulturelle Broch? Wat geschitt mat enger kollektiver Identitéit, wann déi Plazen, wou se entstanen ass, hir Funktioun verléieren?
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 49: Ënnerwee am Fond-de-Gras
2026/05/29
Kontaktéiert eis
2026 steet beim Minett Mash-Up ganz am Zeeche vun der Aarbecht an der Eisen- a Stolindustrie. D’Schmelze funktionéieren nach, mä an de Lëtzebuerger Minne gëtt zënter 1981 keng Minett méi ofgebaut.
An awer schaffen nach Leit an a ronderëm d’Minne mam Zil dësen Deel vun eiser Industriegeschicht lieweg ze halen. Dowéinst si mer dëse Mount am Fond-de-Gras. Bal honnert Joer laang war dëst klengt Dall ee vun den Zentre vum Eisenäerz-Ofbau; 1955 huet déi lescht Galerie zougemaach, an tëscht 1974 an 1978 gouf am Dall nach eng Kéier am Dagebau Minett ofgebaut. Haut gehéiert de Fond-de-Gras zesumme mat Lasauvage zum Minett Park – an doheem sinn och direkt zwee Veräiner, déi historescht Material restauréieren a fir de Public erliefbar maachen: Train1900 an d’Minièresbunn Doihl.
Eis Gäscht: Robyn Wehles, Charel Kugeler & Joël Miltgen
Mir starten dësen Episod mam Robyn Wehles, der Directrice vum Minett Park. Fir d’Gespréich souze mir an der Épicerie Victor Binck, déi Enn vun den 1980er aus dem Zentrum vun Déifferdeng an de Fond-de-Gras geplënnert ass.
Fir an de Fond-de-Gras ze komme gëtt et am Summer d’Méiglechkeet mam Zuch ze fueren, dat ass awer net egal wéi een Zuch, mä den Train 1900. De Charel Kugeler, e passionéierte Member vum Train1900 verréit eis méi iwwert d’ASBL, déi d’Zuchstreck bedreift a fänkt ganz vir an der Geschicht vum Veräin un, dee schonn zënter 1970er aktiv ass.
Um Schluss geet et dann nach aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage. Duerfir geet et an den Doihl, d’Minière duerch déi d’Minièresbunn fiert, de Joel Miltgen, President vun der ASBL erkläert wéi an den 1990er déi verloosse Minière nees a Betrib geholl gouf, fir mam Zuch kënnen doduerch ze fueren.
Highlights & Rendez-vousen am Fond-de-Gras
De Fond-de-Gras ass awer net nëmme Geschicht – de Summer duerch gëtt e volle Programm am Minett Park. Sonndes an op Feierdeeg sinn den Train 1900 an d’Minièresbunn am Asaz. Et gëtt awer och eng Rei grouss Manifestatiounen am Fond-de-Gras, déi der Wäert sinn se mat z’erliewen. De 5. Juni ass owes de Night Train ënnerwee. Den 11. Juli ass den traditionellen „Blues Express“ a fir de Schluss vun der Saison invitéiert de Minett Park um leschte Weekend vum September op den Anno 1900, hire grousse Steampunk-Festival.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 48: Dario Di Genova X Musée des Mines
2026/04/24
Kontaktéiert eis
D'Geschicht vun der Minett, hiren Ofbau, hir Weiderveraabechtung an d'Liewe vun de Leit an de Schmelzen an och an de Minnen sinn eise ruede Fuedem dëst Joer am Minett Mash-Up. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d'Mineure an hir Aarbecht, déi alles aaneschters ewéi en einfachen Job war – matten an engem Ëmfeld, wou d'Industriegeschicht nach haut lieweg ass.
Eis "Minett Location vum Mount": Musée National des Mines de Fer (Rëmeleng)
Dës Kéier féiert eis Rees de Minett Mash-Up an de Musée des Mines op Rëmeleng – eng Plaz, wou een d'Geschicht vum Biergbau net just gesäit, mä och fillt. D'Entrée vum Musée läit um Carreau vun der Minn Walert, an hei gëtt ee ganz konkret an d'Welt vun de Mineure agefouert.
De Musée existéiert elo schonn iwwer 50 Joer a gëtt de Visiteure en authenteschen Abléck an d'Aarbechtskonditiounen vun deemools. Matten an der Minn sinn et schuckeleg 11 Grad bei enger richteg héijer Loftfiichtegkeet – do muss bei Visitten net just no Visiteure gekuckt ginn, déi heiansdo an der kuerzer Box an am T-Shirt kommen, mä och no den Exponater, déi am Laf vun der Visite Guidée gewise ginn.
E speziellen Zeien aus vergaangenen Zäiten hänkt nach virum Musée: e Buggi vun der Seelbunn, déi vun Ëtteng op Déifferdeng an d'Schmelz gaangen ass. Dës Seelbunn war vun 1906 bis 1980 aktiv an huet d'Minnen mat der Weiderveraarbechtung vum Eisen verbonnen. Genee esou Detailer maachen d'Location vum Mount zu méi wéi nëmmen engem Musée: et ass eng Entrée an eng vergaangen Zäit, déi eis hëlleft, eist industriellt Ierwe besser ze verstoen.
Eise Gaascht: Dario Di Genova
Eise Gaascht, den Dario Di Genova, ass Guide am Musée des Mines zu Rëmeleng. Hien deelt seng Passioun fir d'Geschicht vun de Lëtzebuerger Minnen mat de Visiteure a bréngt d'Erënnerung un d'Aarbecht vun de Mineure lieweg erof.
Am Episod schwätze mir mat him iwwer seng Verbindung zu dëser besonnescher Plaz an iwwert seng Motivatioun, hei als Guide ze schaffen, déi op Erfarungen zeréckgeet, déi den Dario als Bouf am Ëmfeld vun der Minn um Thillebierg gemaach huet, wou säi Papp 31 Joer laang geschafft huet. D'Gespréich beliicht vill Facetten, déi d'Welt vum Biergbau ausgemaach hunn:
d'Grënnung an d'Geschicht vun de Minnen an dem Musée zu Rëmeleng,d'Bedeitung vun de Minne fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft,déi markantst Periode fir de Biergbau an der Regioun,déi technologesch a mënschlech Entwécklung vun de Minnen am Laf vun der Zäit,d’Verschwanne vun dëser Industrie zu Lëtzebuerg,den Impakt vum Biergbau op d'Regioun an hir Awunner,an d'Fro, wat een enger neier Generatioun d’Erënnerung un dës Epoch ka viruginn.Als Guide huet den Dario och eng besonnesch Passioun fir Modelle vun der Minnen-Industrie, déi hie elwer baut. Heiriwwer gi mer och méi an dësem Episod gewuer.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 47: Carlo Jones X Metzeschmelz
2026/03/27
Kontaktéiert eis
Wéi aus dem Minett Stol ginn ass, a wéi de Minett vun de Koppe laanscht déi franséisch Grenz bis an d’Schmelze komm ass: dat sinn d’Geschichten, déi dës Saison eise Podcast beliewen. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d’Technik an d’Ëmfeld, déi et gebraucht huet, fir aus Steng Stol ze maachen – matten an enger Plaz, wou d’Industriegeschicht nach ze spieren ass.
Minett Location vum Mount: Metzeschmelz
Dës Kéier féiert eis Rees de Minett Mash-Up an d‘Metzeschmelz, eng industriell „Friche“ an en immens staarken Zeie vun der Zäit wou Stolproduktioun an Alldag hei am Süde ganz enk matenee verbonne waren.
Mir si fir dësen Episod zu Gaascht am fréieren Zentralatelier vun der Schmelz Esch‑Schëffleng – an enger impressionnanter Hal, wou de Ferro Forum zënter e puer Joer säin Doheem fonnt huet. Hei gëtt net just „iwwer d’Schmelz geschwat“: hei gëtt Erënnerung lieweg gehalen, hei gi Geschichte gesammelt an Industriekultur mat Leit gedeelt, déi Loscht hunn, de Minett a seng Entwécklung besser ze verstoen.
Eise Gaascht: Carlo Jones
Eise Gaascht Carlo Jones ass Member a Benevole beim Ferro Forum – beschriwwe gëtt hien do als „homme à tout faire, même la trésorerie“. Am Episod schwätze mir mat him iwwer seng Verbindung zu der Lëtzebuerger Stolindustrie an iwwert säin eegene Wee duerch d’Aarbechtswelt.
D’Gespréich beliicht vill Facetten, déi Welt vun de Schmelzen ausgemaach hunn an nach ausmaachen:
de Wee an d’Aarbecht an op d‘Aarbecht,d’Fro, wat een un engem erausfuerderenden an heiansdo geféierlechen industriellen Ëmfeld ugezunn huet,Feier, Hëtzt an Iewen: tëscht Faszinatioun, Respekt an Energie – a wat dat fir eng Persoun bedeite kann,wéi schwéier (oder wichteg) et ass, Passioun fir esou eng „haart“ Aarbecht un déi Jonk weiderzeginn,d’Entwécklung vun der Sécherheet an d’Verännerung vun de Mentalitéite vis‑à‑vis vum Risiko,technologesch Entwécklungen, déi den Alldag op der Schmelz verännert hunn,an d’Fro, wat een enger neier Generatioun matgi wëll, déi a moderniséiert industriellt Ëmfeld erakënnt.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 46: Jan Herr X Léiffrächen
2026/02/27
Kontaktéiert eis
Biodiversitéit a Gestioun vun de Minetter Dagebausgebidder
De Minett Mash-Up ass de Wanderpodcast aus dem Minett: all Mount mat engem Invité an op enger anerer Plaz. An dësem Joer dréinen eis Gespréicher sech ëm d’Geschicht vun de Schmelzen, de Minnen an den Dagebaugebidder – an och ëm d’Transformatioun vum “Bassin Minier” an en UNESCO-Biosphärereservat.
Eis “Minett-Location” vum Mount: Léiffrächen
Fir dësen Episod hu mir eis am Februar-Reen an d’Léiffrächen deplacéiert – eng vun de 6 Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere a gläichzäiteg eng Plaz, wou eist natierlecht an industriellt Ierwen op eng ganz speziell Aart zesummekommen.
Am Podcast schwätze mir doriwwer, firwat grad d’Léiffrächen als Kärzon esou spannend ass: Als fréiert Minièresgebitt weist si, wéi post-industriell Landschaften zu wichtege Refugë fir Fauna a Flora kënne ginn. Gläichzäiteg stellt sech hei ganz konkret d’Fro, wéi een Naturschutz, Zougang fir de Public an d’Erhale vun der industrieller Erënnerung ënnert een Hutt kritt.
Eise Gaascht: Jan Herr
Eise Gaascht ass de Jan Herr, Biolog bei der Naturverwaltung an Animateur vum COPIL Natura 2000 Minetter Dagebausgebidder. Mat him kucke mir hannert d’Kulissen: Wat heescht et, esou Gebidder am Alldag ze geréieren? A wéi gesäit ee Gestiounsplang fir en Naturschutzgebitt iwwerhaapt aus?
Am Gespréich ginn et och ëm dës Punkten:
Wat un der Léiffrächen anescht ass ewéi op anere KärzonenWéi eng Elementer vun der Biodiversitéit hei besonnesch wichteg sinn – och am Kontext vum Natura 2000-Programm vun der EU.Ob d’Renaturéierung vun ale Minnièressitten aus biologescher Siicht e Succès ass, a firwat een an “post-industrielle” Landschaften heiansdo vun enger spezifescher Biodiversitéit schwätze kann.Firwat et heiansdo ausgesäit, wéi wann eng Fläch “mat engem Bagger duerchgeplout” wier – a firwat et fir de Naturschutz trotzdeem (oder grad dofir) wichteg ka sinn, reegelméisseg ze intervenéieren.Wat déi gréissten Erausfuerderunge fir d'Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere an Zukunft sinn: Klimawandel, Siidlungsdrock, Liichtverschmotzung – oder nach eppes ganz anescht?Als klengt Natur-Highlight kënnt natierlech och d’Bëschléierchen (alouette lulu) net ze kuerz: mir stellen se kuerz vir fir all déi, déi se nach net kennen an och eis “Minetter Schof”, déi Naturschützer mat véier Bee sinn, stelle mir am Gespréich mam Jan Herr vir.
Nieft de fachleche Froe gëtt et och eng méi perséinlech Säit: De Jan erzielt, wéi säi Wee ausgesinn huet, a mir schwätzen doriwwer, wéi een “ofschalt”, wann d’Natur gläichzäiteg Aarbechtsplaz ass.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 45: Carlo Pallucca X Héichuewen B
2026/01/30
Kontaktéiert eis
Och 2026 maache mer viru mam Minett Mash-Up, dem Wanderpodcast aus dem Minett. All Mount mat engem Invité a vun enger anerer Plaz.
An dësem Joer geet et an eise Gespréicher ëm d'Geschicht vun de Minnen, de Schmelzen an de Dagebaugebidder – an och ëm d'Transformatioun vum "Bassin Minier" an en UNESCO-Biosphärereservat. De roude Buedem vum Minett steet am Mëttelpunkt vun eisem industriellen Ierwen, a fir dësen Episod maache mir eng Zäitrees zréck an d'Joer 1997.
Wéi gewinnt gëtt dësen Episod realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun eise Partner-Organisatiounen: dem Centre National de la Culture Industrielle (CNCI) an dem MUAR – Musée vun der Aarbecht.
D'Location vum Mount: Den Héichuewen B
Fir dësen Episod si mir am Restaurant SCHMELZ um Fouss vum Héichuewe B um Belval. Dës Plaz ass historesch: Hei gouf 1997 déi lescht Schicht am nach aktiven Héichuewe gefuer.
Haut gesäit et hei komplett anescht aus. Wou fréier d'Hëtzt vum geschmolten Eisen ze spiere war, kann een haut e Patt drénken oder e Maufel iessen. Laanscht d’Héichiewen, wou schwéier geschafft gouf, flanéieren haut Studenten, ginn et Butteker a wunne Leit. D'Transformatioun vum Belval ass e beandrockend Beispill dofir, wéi industriell Frichë kënne nei genotzt ginn – ouni hir Geschicht ze vergiessen.
Eisen Invité: Carlo Pallucca
Eisen Invité ass Carlo Pallucca – e Mann, deen d'Geschicht vum Minett net just aus Bicher kennt, mee selwer matgeschriwwen huet.
De Carlo war ee vun deenen Aarbechter, déi op der leschter Schicht vum Héichuewen B an der Schmelz vun der ARBED Belval am Joer 1997 geschafft hunn. Hien ass domat en Zäitzeie vun engem historesche Moment: dem Enn vun enger Ära, déi d'Lëtzebuerger Industrie iwwer Joerzéngte gepräägt huet.
Am Gespréich mat him goe mer op Froen a wéi:
Wéi huet en 'typesche Schaffdag' um Héichuewen B ausgesinn?Wat waren déi gréissten Erausfuerderungen am Alldag?Wéi huet d'Aarbecht um Héichuewen d'Mënsche kierperlech a mental beaflosst?Wéi war et unzekucken, datt den Héichuewen C demontéiert gouf – an ze wëssen, datt ee beim Enn vun enger Epoch dobäi ass?De Carlo deelt mat eis seng ganz perséinlech Erfarungen, Erënnerungen a Gefiller aus dëser Zäit.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 44: Best of 2025
2025/12/26
Kontaktéiert eis
2025 war e ganz besonnescht Joer fir de Minett Mash-Up: mir waren eng Kéier an all Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere ënnerwee a mir hunn an all Episod d’Regioun, d’Biosphär an hir Decideuren an de Fokus geréckelt. Dëse „Best Of 2025“ erënnert un déi politesch a mënschlech Reesen, un d’Beruffer, d’Weeër an d’Industriekultur, déi de Minett ausmaachen.
Dëse „Best Of 2025“ faasst déi flottst a relevanst Momenter aus den 11 Episode vun dësem Joer zesummen a weist: d’Minett Biosphere ass net nëmmen eng Regioun, mee e Liewensraum, an deem Industriekultur, Biodiversitéit an engagéiert Politikerinnen a Politiker zesummewierken, fir déi nächst Kapitele vun der Regioun ze gestalten.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 43: Carlo Feiereisen X Schëffleng
2025/11/28
Kontaktéiert eis
Schëffleng, als Deel vun der Minett UNESCO Biosphere, ass eng Gemeng mat enger räicher industrieller Geschicht an enger spannender Zukunft a se ass och déi lescht Statioun vun eisem Tour duerch déi 11 Membergemenge vum Biosphärereservat, wou mir eis dëst Joer mat de Buergermeeschteren iwwert hir Gemeng, eis Regioun an d’Zukunft vum Minett ënnerhalen hunn.
Eis “Minett-Location” vum Mount: De Lallengerbierg
Am 43. Episod vum Minett Mash-Up Podcast si mer op de Lallengerbierg geklotert, deen eis Location vum Mount ass. Dëst beléift Erhuelungsgebitt, wat 282 Hektar grouss ass, bitt net just eng fantastesch Vue, ass 282 Hektar grouss an ass en Doheem ronn 500 verschidde Päiperleksaarten. Et ass doriwwer eraus d‘Haaptsiidlungsgebitt vun der Bëschléierchen zu Lëtzebuerg. Verschidde Wanderweeër, wéi de Minett Trail oder den Auto-pédestre Schëffleng, maachen dës Plaz zu engem Highlight fir Naturfrënn an d’Awunner vun den Dierfer, déi um Fouss vum Lallengerbierg leien.
An dësem Episod gi mer op d’Wichtegkeet vum Lallengerbierg fir Schëffleng an, net nëmme wéinst senger natierlecher Schéinheet, mee och als Symbol fir d’Verbindung tëscht Natur an der industrieller Vergaangenheet vun der Regioun. De Buergermeeschter Carlo Feiereisen gëtt och gefrot, firwat säi Choix fir d’Opnam op dës Plaz gefall ass a wat de Lallengerbierg him perséinlech bedeit.
Eise Gaascht: Carlo Feiereisen
Eise Gaascht an dësem Episod ass de Carlo Feiereisen, deen zënter Uganks August Buergermeeschter vu Schëffleng ass. Am Interview schwätze mir iwwer seng nei Roll, déi hien no enger geplangter Transitioun vum fréiere Buergermeeschter Pol Weimerskirch iwwerholl huet. Hien erzielt, wéi hien sech an deene puer Méint zënter senger Ernennung an der neier Positioun erëmfonnt huet a wéi dës Transitioun, déi am Koalitionsaccord festgehale war, ofgelaf ass.
Nieft sengem Posten als Buergermeeschter ass de Carlo Feiereisen och Member am Verwaltungsrot vun der Agora an am Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD. Am Podcast diskutéiere mat him iwwert seng Visioun fir Schëffleng bis 2029, spezifisch Häerzensprojeten, déi hie realiséiere wëll an de regionalen Developpement vum Lëtzebuerger Süden, virun allem wat de Reamenagement vun industrielle Frichen ugeet, a wéi Schëffleng seng industriell Vergaangenheet mat moderner Stadentwécklung verbënnt, um Beispill vum Projet Metzeschmelz.
Weider Themen an eisem Gespréich sinn seng berufflech Vergaangenheet als Infirmier Anästhesist, d’Internationalitéit vun der Gemeng mat iwwer 10.000 Awunner, an Infrastrukturprojete wéi den internationale Lycée, dee geschwënn op Schëffleng kënnt. Mir schätzen och iwwer d’Symbolik vun der Schëfflenger Schmelz als Verbindung tëscht vergaangener Aarbecht an der Zukunft an de Carlo Feiereisen deelt och seng perséinlech Verbindung zum Industrie-Patrimoine mat eis.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 42: Simone Asselborn-Bintz X Suessem
2025/10/31
Kontaktéiert eis
Fir den 42. Episod vun eisem Podcast Minett Mash-Up si mer emol nees eng Kéier um Belval, awer an deem Deel vum Quartier, deen zu der Gemeng Suessem gehéiert. Dës Gemeng, déi aus de véier Uertschafte Bieles, Zolwer, Éilereng a Suessem besteet, ass eng Plaz wou d'Industrie- an Naturierwen vun der Minett Biosphere sech perfekt ergänzen. An och wann d’Marieke vum Musée vun der Aarbechter krankheetsbedéngt net konnt dobäi sinn, kommen d’Froen aus dem Beräich vun der Aarbecht, nieft deenen, déi sech mam industrielle Patrimoine, der Natur an eisem Gaascht befaassen, netz e kuerz.
Eis „Minett-Location“ vum Mount: De Pavillon Source Belval
D'Location vun dëser Episod ass de Pavillon vun der Source Belval, eng Plaz, déi als Erënnerung un dat fréiert Belvaler Mineralwaasser am Kader vun Esch2022 geschafe gouf. D'Plaz, wou een a gemittlecher Atmosphär eppes drénken oder eppes Klenges iesse kann, ass en Hommage un d' industriell Vergaangenheet vun der Quell Bel-Val.
Net wäit vun der Source vun engem vun de renomméiertste Mineralwaasser weltwäit aus dem fréien 20. Joerhonnert gëtt haut un dëst Stéck Lëtzebuerger Industriegeschicht erënnert. Am aktuellen Episod vum Minett Mash-Up geet et och ëm d'Potenzial, d'Source Bel-Val an edukativ oder touristesch Projeten z'integréieren, fir d'Bewosstsi fir d'Bedeitung vum Waasser am lokale Patrimoine ze stäerken. D'Plaz symboliséiert d'Verbindung tëscht der industrieller Kultur an den natierleche Schätz vun der Minett-Regioun.
Eise Gaascht: Simone Asselborn-Bintz
Den Invité vun dësem Episod ass d'Simone Asselborn-Bintz, d'Buergermeeschtesch vu Suessem an déi eenzeg Fra un der Spëtzt vun enger vun den eelef Gemengen an der Minett Biosphere. Am Gespréich gëtt hir politesch Carrière beliicht, inklusiv den Ënnerscheed tëscht hirem Mandat als Buergermeeschtesch an hirer Zäit an der Chamber. Mir ginn der Fro no, firwat et esou wéineg Fraen un der Spëtzt vu Lëtzebuerger Gemenge gëtt an d’Simone Asselborn-Bintz erzielt eis och iwwer hire perséinleche Wee an d'Politik, wou hir Elteren, de Schauspiller Aly Bintz an d’Radiosspeakerin an Escher Lokalpolitikerin Micky Erpelding, éischter eng Brems ewéi eng Motivatioun waren.
Als fréier Educatrice erkläert eis Invitée eis awer och, wéi hir berufflech Erfarung hir politesch Usiichten, besonnesch am soziale Beräich, beaflosst huet a si deelt och hir Perspektiven zur Gläichstellung vu Fraen a Männer um Aarbechtsmaart an an der Politik mat eis. An och d’Bëschléierchen, deen heemleche Star vun eisem Biosphärereservat ass e Sujet am Gespréich mat der engagéierter Lokalpolitikerin.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 41: Henri Haine & Elvedin Muhovic X Rëmeleng
2025/09/26
Kontaktéiert eis
Am neisten Episod vum "Minett Mash-Up" Podcast entféiere mir Iech an déi flächeméisseg klengst Gemeng vun der Minett Biosphär, op Rëmeleng. An dësem Episod, deen de Buergermeeschter, Henri Haine, an den éischte Schäffen, Elvedin Muhovic, zesummebréngt, kënnt Dir Iech op spannend Ablécker an d'Kultur, d'Politik an d'Zukunft vun dëser klenger Stad freeën, déi duerch d’Eisenindustrie um Enn vum 19. Joerhonnert zu deem ginn ass, wat se ass. Maacht Iech prett fir en Episod voller interessanter Momenter, direkt aus dem Häerz vum Minett.
Eis “Minett-Location vum Mount”: Spektrum
Dës Kéier hu mir am "Spektrum" opgeholl, dem fréieren Haus vum bekannte Lëtzebuerger Sculpteur Albert Hames. Dëse gebiertege Rëmelenger, dee bis zu sengem Doud am Joer 1989 hei geschafft huet, huet Wierker hannerlooss, déi wäit iwwer d'Grenze vu senger Heemechtsstad eraus bekannt sinn, wéi zum Beispill säi Monument an der Stater Gare. Am Podcast gi mir der Fro no, wéi eng Spueren den Albert Hames soss nach zu Rëmeleng hannerlooss huet.
Fir Esch2022 gouf d'Haus an en immersive Kulturzentrum transforméiert, an deem och d'Ofschlossfeier fir d’Partner a Sponsore vum Kulturjoer stattfonnt huet. Mir froen de Buergermeeschter, wéi eng Roll dëse besonnesche Projet an der Zukunft vu Rëmeleng spille soll a wéi déi aktuell Visioun fir de "Spektrum" ausgesäit.
Eis Gäscht: Henri Haine & Elvedin Muhovic
Doriwwer eraus léiere mir eis zwee Gäscht besser kennen. Den Henri Haine, deen elo zënter 14 Joer Buergermeeschter vun der klenger Stad ass, verréit eis, wat säi gréisste Challenge an där Zäit war.
Den Elvedin Muhovic, deen 2023 direkt op déi zweet Plaz gewielt gouf an domat éischte Schäffe ginn ass, erzielt eis vu sengem Sprong an d'Politik a senger Motivatioun als jonke Politiker. Besonnesch interessant ass et, ze héieren, wéi déi zwou Generatiounen zesummeschaffen, fir d'Zukunft vu Rëmeleng ze gestalten.
Aner Sujete sinn d'Industriekultur an den eelste Kino vum Land. Mir schwätzen iwwer de bekannte Musée des Mines, a wéi d'Gemeng d'Erënnerung un d‘Zäit vum Biergbau un déi jonk Generatioune weidergëtt a spadséiere virtuell duerch ee vun de raren Arboretumer vum Land an deem eng geologesch Iwwerraschung op d’Visiteure waart.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 40: Jean-Marie Halsdorf & Guy Brecht X Péiteng
2025/08/29
Kontaktéiert eis
De 40. Episod vum Minett Mash-Up Podcast hëlt eis fir déi drëtte Kéier an dësem Joer mat an de Kordall. Mer maache Statioun zu Péiteng, eng Gemeng, déi op iwwer 2000 Joer houfreg Geschicht zeréckkucke kann an déi duerch hir Diversitéit am Minett erausstécht Nieft Käerjeng ass Péiteng och déi eenzeg Gemeng an der Minett UNESCO Biosphere, déi eng Grenz mat der Belsch huet. An dësem Episod geet et awer net just ëm d’Gemeng, mä mir léieren och de „Wandjang“ kennen, deen de Péitenger esou vill bedeit, datt se him en Denkmal gebaut hunn.
Eis "Minett Location" vum Mount: D’Péitenger Gemengenhaus
Dëse Mount hu mir eis am Häerz vun der Gemeng Péiteng mat eise Gäscht getraff. D’Gebei, wat an der zweeter Halschent vun den 1930er gebaut an Uganks den 2000er Jore vergréissert huet, ass déi Plaz op där d’Häaerz vun der Gemeng Péiteng schléit.
Geleeën op der John F. Kennedy Plaz, huet déi aktuell Péitenger Gemeng d‘Nothombsschlass ersat, wat tëscht 1908 a 1935 de Sëtz vun der Gemengenadministratioun war.
Eis Gäscht - Jean-Marie Halsdorf a Guy Brecht
Den aktuelle Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf an de Schäffe Guy Brecht, deen och Member an Bureau vum Gemengesyndikat PRO-SUD ass, wat jo d’Minett UNESCO Biosphere geréiert, hunn dëse Mount mat eis geschwat.
De Jean-Marie Halsdorf kann op eng laang an erfollegräich Karriär als Politiker zeréckkucken. Nieft senger Funktioun als Buergermeeschter vun der fënneftgréisster Gemeng vum Land war hien, ënnert anerem Innen- a Landesplanungsminister. Hien deelt mat eis seng Andréck vun der Gemeng Péiteng, hirer dynamescher Entwécklung an d’Bedeitung vun der Industriekultur, déi e Kär vun hirer Identitéit ass.
De Guy Brecht, deen berufflech bei der Eisebunn aktiv war, ass 2023 Schäffe vun der Gemeng Péiteng ginn. Do virdrunner war de Rodanger 23 Joer laang Gemengeconseiller. Mat him hu mer notamment iwwert d’Roll vun de restauréierte Millen um Territoire vu senger Gemeng geschwat.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Episod 39: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill X Monnerech
2025/07/25
Kontaktéiert eis
Fir de Juliepsiod vun eisem Minett Mash Up-Podcast si mir dës Kéier an d'Gemeng Monnerech gefuer, wou de Podcast un der frëscher Loft am Park Molter opgeholl gouf. An dësem Episod entdecke mer net just nei Infrastrukturen an zukünfteg Projete vun der Gemeng, mä mir léieren och eis zwee Gäscht e bësse besser kennen.
Dës Kéier steet déi aktiv Mobilitéit, esou wéi de Projet vum séieren Tram, dee queesch duerch Monnerech soll fueren um Programm vun eisem Gespréich. Aner Sujete sinn d’Aktivitéitszon zu Féiz, déi eng vun de gréissten an eelsten Aktivitéitszone vu ganz Lëtzebuerg ass, an d‘Naturschutzgebitt Dumontshaff, wat Visiteure mat senge Waasserbüffel a Storche begeeschtere kann. Da schwätze mer awer och iwwert den Ausbau vun der erneierbarer Energie. Monnerch plang e grousse Solarpark un ale Crassier, deen natierlech och e Sujet am Podcast ass.
Eis Gäscht: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill
Déi zwee Gäscht an dësem Episod vum Minett Mash-Up sinn de Jeannot Fürpass, de Buergermeeschter vu Monnerech, an d‘Anouk Boever-Thill, fréier PRO-SUD-Presidentin an aktuelle Member vum PRO-SUD-Büro.
Mam Buergermeeschter potere mer iwwert déi grouss Projete vun der Gemeng a firwat him als Buergermeeschter d'Biergerbedeelegung esou wichteg ass.
Mam Anouk Boever-Thill kucke mer op hir 8 Joer an der Gemengepolitik zeréck, gi gewuer firwat si sech elo aus der aktiver Politik zeréckzitt a kréien en Abléck an hir aktuell berufflech Challengen. Si ass virun e puer Joer als Quereinsteigerin an den Enseignement gewiesselt.
Méi Infoen iwwert de "Minett Mash-Up" an all d'Linken bei d'Sujeten iwwert déi mer geschwat hunn, fannt dir an eise Shownotes.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
Podcast-Bewertungen
Lesen Sie Minett Mash-Up: De Podcast Podcast-Bewertungen
Podcast-Sponsoring-Werbung
Starten Sie Werbung auf Minett Mash-Up: De Podcast relevanten Zielgruppen-Podcasts
Diese Podcasts koennten auch fuer Werbung interessant sein

4.537111
Hintergrund
Deutschlandfunk

4.944358
Baywatch Berlin
Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens

4.575373
Deutsch lernen durch Hören
www. einfachdeutschlernen.com

4.967721
happy, holy & confident® Dein Podcast fürs Herz und den Verstand
Laura Malina Seiler

4.9105171
Slow German listening experience
Teja D.

4.3271015
IQ - Wissenschaft und Forschung
Bayerischer Rundfunk

4.888208
Verbrechen von nebenan: True Crime aus der Nachbarschaft
RTL+ / Philipp Fleiter

4.461669
Hotel Matze
Matze Hielscher & Mit Vergnügen

4.766100
Eine Stunde History - Deutschlandfunk Nova
Deutschlandfunk Nova

4.822547
Streitkräfte und Strategien
NDR Info