
Advertise on podcast: Europa Aktuell
This podcast has
50 episodes
Language
EnglishPublisher
radio 100,7Explicit
No
Date created
2023/09/26
Latest episode
2026/10/21
Average duration
-
Release period
12 days
Description
Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
Unlock Europa Aktuell podcast Email contact info,
Listeners & Audience details
Email contact information
Direct podcast contact details

Listeners
Audience numbers & engagement insights

Audience details
Podcast Insights

Podcast episodes
Check latest episodes from Europa Aktuell podcast
Internationaalt Strofgeriicht: Ass d'EU prett, op Konfrontatioun ze goen?
2026/10/21
D’Europäesch Unioun sollt sech méi staark fir dat Internationaalt Strofgeriicht zu Den Haag asetzen. Dofir mécht sech d’Europaparlament staark. Déi rezenten Annoncen aus den USA, weider Sanktioune géint déi international Cour pénale zu Den Haag ze verhänken, dierft d’EU net weider toleréieren, huet et en Dënschdeg an enger Debatt an der Plenière zu Stroossbuerg geheescht. Well déi Sanktiounen och Auswierkungen op Bierger an Entreprisen an der EU hunn, misst elo méi däitlech dorop reagéiert ginn, esou den Appell. Mee ass d’EU prett, op Konfrontatioun mat den USA ze goen? Verschiddener, wéi och de Lëtzebuerger Premier wëllen d’éischt weider op den Dialog setzen. D’Danièle Weber iwwert déi Debatt, déi och Enn der leschter Woch um EU-Sommet gefouert gouf.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
EU-Budget: Wéi kann de Knuet opgemaach ginn?
2026/10/15
Haut a muer ass EU-Sommet zu Bréissel, mat engem gutt gefëllte Programm: Vun den héichen Energiepräisser, enger adäquater Äntwert op d’Konkurrenz aus China, bis bei d’Migratiounspolitik, nei EU-Memberlänner, de Krich an der Ukrain an net ze vergiessen dem grousse Sträit iwwer den neien europäesche Budget, gëtt op dësem Sommet esou gutt wéi kee vun den aktuelle groussen Dossieren ausgelooss.
Wat soll da konkreet décidéiert ginn - a wéi kann zum Beispill am verfuerenen Debat iwwer de Budget de Knuet opgeléist ginn ? Aschätzunge vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber live vum EU-Sommet.
Kritik aus Serbien un der ALIA
2026/09/04
Een oppene Bréif vum serbeschen Informatiounsminister mat Kritik u Lëtzebuerger Autoritéiten suergt fir vill Reaktiounen. E géing weisen, datt et besser wier, datt déi betraffe Medien net a Serbien kontrolléiert ginn, seet d’Generalsekretärin vum onfofhängegen Journalisteverband.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
António Costa op EU-Tournee: EU-Budgets-Accord bis Enn dës Joers
2026/08/27
Zënter dem Ufank vun der Woch ass de Conseilspresident António Costa op engem groussen Tour duerch déi europäesch Haaptstied: Säi Plang ass et, bannent den nächsten dräi Woche bei all de Staats- a Regierungscheffe vun de 27 Memberlänner vun der Unioun ze passéiere fir, wéi hie seet, hinnen nozelauschteren a sech ee Bild ze maachen iwwer hir Positiounen. Ee Sujet stécht dobäi besonnesch eraus: Den nächsten europäesche Budget, dee vun Ufank 2028 bis 2034 gëlle soll. Zil ass et, datt sech déi 27 EU-Länner bis Enn dës Joers iwwer déi Enveloppe vu bal 2 Billiounen Euro eens ginn. Dat ass ambitiéis, well aktuell ass een dovun nach wäit ewech. Den nämmlechte Sujet wäert haut iwwerdeems op enger anere Reunioun dominéieren: Den däitsche Kanzler Friedrich Merz, deen e fervente Verfechter dovun ass, den europäesche Budget ze kierzen, huet nämlech op Berlin invitéiert - op ee Mini-Sommet mat Regierungscheffen, déi d’nämmlecht denken.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
EU-Noutfall-Zentral koordinéiert Hëllef géint Bëschbränn
2026/07/30
Lëtzebuerg schéckt ee Läschfliger genee wéi 15 Pompjeeën a Frankräich, fir ze hëllefen d’Bëschbränn an de Grëff ze kréien.
Koordinéiert gëtt deen Asaz zu Bréissel, am Zentrum vum sougenannten EU-Mechanismus fir d’Protection civile, wou d’Fiedem fir déi europäesch Noutfallmesuren zesummelafen. Vun do aus gëtt d’Hëllef op europäeschem Niveau koordinéiert an ofgestëmmt.
D’Danièle Weber konnt sech op der Plaz an där Kommandozentral, matten am EU-Quartier zu Bréissel, selwer ee Bild maachen doriwwer, wéi dat funktionéiert.
Nei Rechter fir Flugpassagéier: Wat ännert?
2026/07/08
Sielen ass sech d’Parlament esou eens - déi nei Reegele gi vun enger ganz breeder Majoritéit gedroen. Déi gutt Nouvelle ass: D’Rechter vun de Passagéier ginn net beschnidden.
Dofir hat sech d’Europaparlament an de Verhandlunge mat de Memberlänner agesat. D’EU-Länner haten nämlech laang drop bestanen, datt d’Airlinen an Zukunft hire Clienten eréischt bei gréissere Retarden eng Kompensatioun ausbezuele mussen.
Mee wat ännert sech elo konkreet? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
EU-Mamme-Partei vun der AfD kéint EU-Fongen a Rechter verléieren
2026/07/07
An der EU kéint fir d’éischte Kéier eng europäesch Partei EU-Fonge gestrach kréien.
Am Europaparlament gëtt doriwwer ofgestëmmt, ob eng Prozedur géint d’Partei “Europa vun de Souveränen Natiounen” - kuerz ESN soll lancéiert ginn. Et wier déi éischte Kéier, datt dem neien europäesche Parteiegesetz no esou eppes gemaach géif. D’ESN ass op europäeschem Niveau d’Doheem vun der däitscher “Alternative für Deutschland”. Si ass den Ament mat 27 Deputéiert am Europaparlament vertrueden. Detailer vum Danièle Weber
Taliban-Meeting zu Bréissel: War Lëtzebuerg derbäi?
2026/07/02
Déi lescht Woch koum et um Lëtzebuerger Nationalfeierdag zu Bréissel zu enger Reunioun, déi fir vill Diskussioune suergt. En Dënschdeg hate sech Vertrieder:innen aus der EU mat enger Delegatioun vun den Taliban aus Afghanistan an der belscher Haaptstad gesinn, fir iwwer d’Retoure vun afghanesche Migranten, déi keng Openthaltsgeneemegung an der EU hunn, ze schwätzen.
Wou dee Meeting statt fonnt huet, ass net bekannt. Och net wouriwwer genee geschwat gouf.
Verschiddene Medien no solle vun europäescher Säit nieft der Europäescher Kommissioun och 15 EU-Memberlänner op där Reunioun mat derbäi gewiescht sinn.
Onkloer bleift, ob Lëtzebuerg do och present war.
Am Europaparlament wiisst iwwerdeems d’Kritik doriwwer, datt d’Delegatioun vun den Taliban iwwerhaapt op europäeschem Bueden empfaange gouf.
D’Danièle Weber huet d’Detailer.
Trotz Hëtzwell: Verschidde Länner fuerdere weider méi labber Klimaziler
2026/06/26
Bei de weiderhi ganz héijen Temperaturen dobausse souze gëschter um Kierchbierg d’EU-Ëmwelt-Ministere beieneen - fir op en Neits iwwer d’EU-Klimaziler ze diskutéieren.
Virun allem Däitschland, mee och verschidden osteuropäesch Länner stellen dat bis 2035 geplangten Enn vum Verbrenner-Motor weider a Fro. D’Europäesch Kommissioun hat bekanntlech am Dezember noginn an eng ofgeschwächte Versioun vun deem Verbuet proposéiert.
Mee och dat geet Berlin nach ze wäit. Aner EU-Länner, dorënner Frankräich oder och Lëtzebuerg, wëllen awer un ambitiéise Klimaziler festhalen. Den Debat ënner den Ëmweltministeren um Kierchbierg huet gewisen, wéi wäit d’Positioune weiderhin auserneeleien.
Diskussioun ronderëm d'Centre-de-retouren
2026/06/24
19 Länner haten um Bord vum Sommet gefuerdert, datt den Opbau vun de Return Hubs sollt mat EU-Sue finanzéiert ginn. Domat ass awer net jiddereen averstanen. Detailer vum Danièle Weber
EU-Budget: Wäit ewech vun engem Accord
2026/06/19
Den europäesche Budget suergt all siwe Joer fir Sträit ënner de Memberlänner: Traditionell sti sech zwee Campe géintiwwer: déi, déi méi, an déi déi manner Sue wëllen ausginn. Wat steet dës Kéier um Spill a wou steet Lëtzebuerg? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
EU - US Deal: Wéi eng Konditioune stellt d'EU?
2026/05/21
Den ëmstriddenen Deal tëscht den USA an der EU iwwert Douanestaxen ass eng Etapp weider - nodeems d’Europaparlament an d’Memberlänner an der Nuecht vun e Denschdeg op e Mëttwoch ee politeschen Accord fonnt hunn.
D’Parlament hat insistéiert, datt beim Accord, deen d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen am Summer zejoert a Schottland mam amerikanesche President Donald Trump ofgemaach huet, misst nogebessert ginn.... an huet sech um Enn domat duerchgesat.
Den Deal soll ëmgesat ginn, allerdéngs ënnert bestëmmte Konditiounen.
Wéi eng sinn dat? An ass deen Accord, dee virgesäit, datt fir d’USA europäesch Douanestaxen gréisstendeels ewech falen, elo besser? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
Christophe Hansen wëll de Bauere méi Sue ginn, awer net elo direkt
2026/05/20
Zanter datt d’Strooss vun Hormuz zou ass, schéissen d’Präisser fir Düngemëttel an d’Luucht: D’Baueren an Europa kréien d’Suitte vum Krich am Iran ganz konkret ze spieren. Si fuerdere méi Ënnerstëtzung vun der EU-Kommissioun. Déi awer reagéiert elo net direkt. Gëscht huet den zoustännegen EU - Kommissär fir d’Landwirtschaft, de Christophe Hansen, säin Aktiounsplang fir d’Düngemëttelen (dee scho méi laang geplangt war) presentéiert - Subside fir d’Bauere gehéieren do zwar dozou -si sollen awer réischt am Juni konkret op den Dësch geluecht ginn. Firwat net direkt a mat wat kënnen d’Bauere rechnen? Dat froe mir de Christophe Hansen am Interview.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Wat brauch d'EU haut, Viviane Reding?
2026/05/20
D'CSV-Politikerin, déi dräi Mol EU-Kommissärin war, krut gëschter den Uerde fir Europäesch Meritten iwwerreecht. Mir froen si: Wat feelt der EU haut, wat se fréier hat?
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Europäesch Arméi: Nach ëmmer keng konkret Diskussioun wäert
2026/05/13
Soll d’EU eng eegen, eng Europäesch Arméi op d’Bee stellen? Iwwert déi Iddi gëtt an der EU ëmmer nees diskutéiert. Och de Lëtzebuerger Premier huet se schonn e puer Mol an d’Spill bruecht.
D’Annonce vun den USA, massiv Truppen aus der EU ofzezéien, huet de Sujet nees op den Dësch bruecht. D’EU misst op dee Réckzuch duerch d’Opstelle vun enger europäescher Trupp äntwerten, fënnt zum Beispill den EU-Kommissär fir d’Defense, den Andrius Kubilius.
Ma säin Appell ass net op Begeeschterung gestouss. Och net bei der Lëtzebuerger Arméisministerin.
Podcast reviews
Read Europa Aktuell podcast reviews
Podcast sponsorship advertising
Start advertising on Europa Aktuell relevant audience podcasts
You may also like to advertise on these Podcasts

4.8815227
ArtCurious Podcast
Jennifer Dasal/ArtCurious

4.9328271395
REAL AF with Andy Frisella
Andy Frisella

3.99015561
20/20
ABC News

4.91363711
The Learning Leader Show With Ryan Hawk
Ryan Hawk

4.92112501
the bossbabe podcast
Natalie Ellis

4.3385921998
The Megyn Kelly Show
SiriusXM

4.947754411
The Shawn Ryan Show
Shawn Ryan

4.5185359
Who, When, Wow!
Tinkercast | Wondery

4.6687771116
Armchair Expert with Dax Shepard
Armchair Umbrella

4.9554112195
The MeidasTouch Podcast
MeidasTouch Network