1734205291
Fiasko Fest

Advertise on podcast: Fiasko Fest

Categories
Country
United States
This podcast has
114 episodes
Language
English
Publisher
radio 100,7
Explicit
No
Date created
2024/03/04
Latest episode
2026/10/18
Average duration
-
Release period
11 days

Description

Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...

Unlock Fiasko Fest podcast Email contact info,
Listeners & Audience details

Email contact information

Direct podcast contact details

Listeners

Audience numbers & engagement insights

Audience details

Podcast Insights

Podcast episodes

Check latest episodes from Fiasko Fest podcast


S04E05 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Maxime Toussaint
2026/10/18
De Maxime Toussaint ass dräi Joerzéngten al an Head of Podcast beim Journal. De Luc Spada huet sech fir dës Episod bei Fiasko Fest e Medieprofi an d’Sendung geholl. E Mënsch, deen et also méi gewinnt ass hannert an net virun dem Mikro ze sinn. Mee Ausname bestätege bekanntlech d’Reegel a sou wonnert een sech och net, datt de Maxime, quasi als Hobby, och nach Proff ginn ass, obwuel hien sech ni an der Schoul wuel gefillt huet. Oder wéi een et och ausdrécke kann: De Maxime hëlt seng Revanche andeems hien zeréck an d'Schoul geet. Dës Kéier, denkt un d'Ausnam, op der anerer Säit vum Pult.
S04E04 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Kodji
2026/10/11
FR Kodji a grandi avec les mangas, les dessins animés et le hip-hop. Ce sont ces influences qui façonnent son univers : l'espièglerie, l'inspiration, l'émotion. Et ce n'est pas toujours simple de laisser cette espièglerie s'exprimer face aux obstacles administratifs, ni de se discipliner. Mais c'est notamment depuis que l'invité de Luc Spada a rencontré sa copine que les choses ont changé. Comment on se construit une carrière pas à pas, avec des to-do lists, des doutes sur soi-même. Et comment on continue quand même : tout ça, bien sûr, chez Fiasko Fest. LU De Kodji ass mat Mangae, Zeechentrickfilmer an Hip-Hop opgewuess. An et sinn déi Aflëss déi säin Universum ausmaachen, d’Verspilltheet, d’Inspiratioun, d’Emotioun. An et ass net ëmmer einfach déi Verspilltheet op Käschte vun den administrativen Hürde falen ze loossen an sech matt Disziplin ze beschäftegen. Mä spéitstens nodeems dem Luc Spada säin Invité seng Frëndin kennegeléiert huet, huet sech dat och geännert. Wéi et ass sech lues a lues eng Karriär opzebauen, matt To-Do Listen a Selbstszweiflen an awer weiderzemaachen, alles dat: natierlech bei Fiasko Fest.
S04E03 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Georg Poensgen
2026/10/04
De Georg Poensgen fënnt se net einfach ze beäntweren, déi eng Fro, wat een als Mënsch ausmécht. Sécher ass d’Mënschlechkeet, iergendwou tëscht Modelen, Mental Health an Diplomatie. Gedriwwe vun der Empathie an enger Welt voller Krisen, ass dem Georg säin Haaptmotor aus dëser Welt eng besser ze maachen. Esou gutt et geet an och selwer fir sech eraus fannen, wat et wierklech ass, wat hie wëll. An do eng Entscheedung ze treffen, wann een sech fir souvill Saache gläichzäiteg begeeschtere kann, ass net einfach. A bis dohin, lant een dann och mol an Argentinien. De Luc Spada freet no.
S04E02 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Katrin Kohl
2026/09/27
Kann ee vun Affer schwätzen, wann ee sech et selwer erausgesicht huet? Héichleeschtungssport ze maachen, gewannen ze wëllen an u Kompetitiounen deelzehuelen. An sech dofir dann ëmmer erëm disziplinéieren? Net wierklech, mengt d’Para-Liichtathletin Katrin Kohl. Grad wann een e bëssi méi al gëtt, wann de Kierper engem séier seet, wann een net genuch geschlof huet oder sech änlech „Feeler“ erlaabt huet. Grad elo mat 30, obwuel dem Luc Spada seng Invité bei Fiasko Fest déi éischt Downs éischter mat 29 hat. Grad dann, wann d’Banke mat an d’Spill kommen.
S04E01 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Marc Angel
2026/09/20
Deen ee Béier do. Iergendwou zu New York an enger Bar. An awer war de Politiker Marc Angel mat sengem deemolege Partner een drénken: ënner Leit sinn, nei Mënsche kenneléieren, eng gutt Zäit hunn. An obwuel de Marc Angel kee jalouse Mënsch ass, ass dat keng Garantie, dass net awer eppes geschéie kann. An et ass eppes geschitt an enger Zäit, wéi sou oft, wou et wierklech net hätt misse sinn. Enger Zäit, an der dem Luc Spada säin Invité definitiv een u senger Säit gebrauch hätt amplaz e weidere Mënsch ze verléieren.
S03E44 Heiansdo deet et wéi: Nora Kehli
2026/07/19
Op der Sich no deene Biller, déi ee villäicht nach net sou gesinn huet. Dat ass definitiv eng wichteg Motivatioun fir d’Nora Kehli Filmer ze maachen. Dat ass déi eng Erausfuerderung. Eng aner ass dovunner liewen ze kennen. Stolz op dat sinn, wat ee mécht an awer och d’Elteren net ze enttäuschen. Grad dann, wann een sech och nach géint eng Karriär beim Stat entscheet huet. Do stellt sech séier d’Fro: Fir ween mécht en dat alles? A wisou traut een sech sou wéineg? De Luc Spada mécht sech bei Fiasko Fest matt senger Invité op d’Sich.
S03E43 Heiansdo deet et wéi: Oke
2026/07/12
Et dauert net laang, wann een e Gespréich mam Museker Oke féiert, bis datt d’Theema Identitéit opkënnt. Identitéit an all senge Facetten: Hierkonft, Sexualitéit, kënschtlerescht Schaffen. Awer sécher ass: Fir den Oke ass do, wou hien hierkënnt, nämlech aus Lagos, Nigeria, déi dreiwend Energie fir seng Konscht a säi Liewen. An trotzdeem fillt hie sech als Lëtzebuerger, och wann him de Wee vun der Integratioun, wéi hie mat 8 Joer zu Lëtzebuerg ukoum, extreem schwéier gemaach gouf. Stéchwuert: Rassismus. Fiasko Fest gëtt moderéiert vum Luc Spada.
S03E42 Heiansdo deet et wéi: Ben Bauler
2026/07/05
Net onbedéngt méi wëllen, awer trotzdeem méi wëllen. Iergendwéi sou. De Ben Bauler, deen nieft de Bünen an den Theateren zu Lëtzebuerg e bekannt Gesiicht ass, ass net deen, dee Karriär maache muss, awer wat soll dat schonn heeschen? Matt ënnert anerem der Fro vum Éiergäiz gëtt sech am Luc Spada sengem Fiasko Fest ausernee gesat. Obwuel mir jo awer alleguerte wëssen, dass sech um Enn näischt plange léisst. Och d’Situatiounen am Verkéier natierlech net. Do kennen dann och mol d’Handschelle klicken. A bis dohi gëllt et ze verdrängen, ze vergiessen, auszehalen?
S03E41 Heiansdo deet et wéi: Julie Costa
2026/06/28
Komesch, dat ass e Wuert, dat den Haaptzoustand vun der Julie Costa beschreift. Also wuel verstanen, net de Luc Spada, Moderator vu Fiasko Fest, géif seng Invitée esou bezeechnen, mee d’Chargée de communication an d’Creatrice vu "Luxemburg does it best" sech selwer. Gedriwwe vum Virwëlz an enger ënnerlecher Onrou erzielt si iwwer hiert Bedürfnis déi net latzeg Säite vu Lëtzebuerg ze weisen an deenen net ëmmer esou schéine Momenter als Jugendlech am Lycée, wou si eent vun deenen, Dir kennt Iech et sécher schonn denken, Komesche war.
S03E40 Heiansdo deet et wéi: Liz Braz
2026/06/21
D’Liz Braz ass Politikerin an no de Walen, wou et kloer gouf, datt si an d’Chamber kéim, konnt si et net wierklech gleewen. Net vu Freed, mee méi esou wéi wa si dat net verdéngt hätt. Si war dach just jonk an naiv an hat keng Erfarung. Dat ka jo dann net wierklech wouer sinn, oder? Et geet awer natierlech net just ëm Politik bei Fiasko Fest, dem Luc Spada sengem Podcast iwwer Scheiteren, mee eeben och ëm déi Momenter, déi ee gäre vergiesse géif, wéi zum Beispill en Uruff vum 22. August 2019. An da wier do nach deen ee Stalker, mat de ville Fotoe vun der jonker Politikerin a senger Garage.
S03E39 Heiansdo deet et wéi: Edwin Aldin
2026/06/14
Dat huet deemools scho wéigedoen. Och nach haut behaapt den Edwin Aldin, datt dat mat där enger Band do, déi hien zesumme mat engem Kolleeg gegrënnt huet, wierklech ee vu sengen einsaamste Momenter war. Wann op eemol alles ewechbrécht: d’Identitéit, d’Karriär an och d’Bezéiungen zu senge Kolleegen. Et war definitiv en Héichpunkt am Katalog vum Museker a Produzent senge perséinleche Scheitermomenter. Fiasko Fest mam Luc Spada iwwer e Mënsch, eng Séil, déi villes kann, awer näischt richteg?
S03E38 Heiansdo deet et wéi: Frédérique Colling
2026/06/07
D’Schauspillerin a Comedian Frédérique Colling huet net onbedéngt d’Gefill, datt si ëmmer dee beschten Timing huet. Vill Entscheedungen hätten och méi fréi getraff kënne ginn. Da misst een och net schwaach falen, wann eng Fra ee kësst. Mee wéi mir dacks an der Sendung Fiasko Fest vum Luc Spada léieren: Esou einfach ass et eben oft net. Och net op der Spillplaz, wuertwiertlech. Wou Leit einfach net verstoe kënnen, wéi dat dann ass, wann do ee Kand ass an zwou Fraen. Hei brauch et Gedold, mat sech, mat deenen aneren an am Liewen allgemeng.
S03E37 Heiansdo deet et wéi: Laurent Agostino (Live)
2026/05/31
Den éischte Fiasko Fest Live am TNL ass mam Laurent Agostino. Dem Luc Spada säin Invité schwätzt ganz offen doriwwer, wéi et ass behënnert ze sinn a wat dat genau heescht. Hie fënnt et richteg vill iwwert sech a seng Behënnerung ze schwätze fir och deene Persounen ze hëllefen, déi sech do méi schwéier dinn. Souwuel matt dem Fakt selwer behënnert ze sinn, wéi och domadder, wéi een d’Wierder richteg benotzt. En déift Gespréich iwwer Liewen, Doud an déi Momenter, wou en ufänke muss, déi Situatioun unzehuelen, déi engem gebuede gëtt. Ganz an der Iddi vun: Entweder du gëss eens domat oder net. Kloer ass, dës Emissioun vu Fiasko Fest ass online an der Mediathéik an iwwerall do, wou dir gäre Podcasts lauschtert, als ongeschnidde Live Versioun ze lauschteren.
S03E36 Heiansdo deet et wéi: Laurent Prim
2026/05/24
Fiasko Fest mam Laurent Prim ass warscheinlech eng vun den emotionaalste Sendunge fir de Luc Spada, zanterdeem hien iwwert all déi Momenter, déi net sou gutt lafen, um Radio 100,7 schwätzt . Et ass schwéier eppes ze beschreiwen, wat ee vergiesse well, obwuel et geschitt ass. Et muss een also leiere matt eppes ëmgoen, wat een net well, dass et geschitt ass. Mee och wann een et vergiess huet, heescht dat eben net, dass et ni geschitt ass. Den Ëmgang domadder, ouni sech elo engem Label zouuerdnen ze loossen, dat ass dat, ëm wat et geet. D’Muecht iwwert sech zeréck gewannen. An villäicht ass dat och genau de Grond, wisou et des Sendung gëtt.
S03E35 Heiansdo deet et wéi: Simone Asselborn-Bintz
2026/05/17
Ween ass d’Simone Asselborn Bintz? Virun allem eng Fra vun hirem Mann, Mamm vu Kanner. Oder: Virun allem eng Partnerin. Dat ass wichteg ze wëssen. Esou fänkt d’Sendung un. An sou geet et weider: Heiansdo wier si och gären e Mann. Dofir gëtt et och e Grond. De gitt dir dann exklusiv bei Fiasko Fest mam Luc Spada gewuer. Mee och: D’Sendung fänkt lëschteg un, mä wéi et sech fir Loser gehéiert, ass net ëmmer alles sou einfach: et muss ee Shitstormen aushalen, méi al ginn an ëmmer dru bleiwen.

Podcast reviews

Read Fiasko Fest podcast reviews


0 out of 5
0 reviews

Podcast sponsorship advertising

Start advertising on Fiasko Fest relevant audience podcasts


What do you want to promote?