Buch vun der Woch: "Eine Frage der Chemie" vum Bonnie Garmus, 14/06/2022 11:15
2022/06/14
Manner bezuelt gi wéi ee Mann, fir déi nämmlecht Aarbecht war normal. Eng eege Kreditkaart hunn, ouni dass de Mann mat-signéiert war komplizéiert. Op enger Ivy League Uni studéieren, war onméiglech. An den 1960er Joren war d’Welt fir Fraen eng aner. Et war eng Zäit an där Frae sech ëm Kanner, Haus a Kichen gekëmmert hunn – net eng Karriär an en Numm fir sech gebaut hunn. Ma grad an dëser Welt ass d'Protagonistin vum Bonnie Garmus hirem Débutroman „Eine Frage der Chemie“ Doheem an zum Schock vun hire Matmënschen, wëll si awer grad dat: eng Karriär als Wëssenschaftlerin a Gläichberechtegung.
more