213533153
Rebound (Radio)

Advertise on podcast: Rebound (Radio)

This podcast has
16 episodes
Language
English
Explicit
No
Date created
2007/01/23
Latest episode
2025/11/07
Average duration
3 min.
Release period
19 days

Description

De Basket Magazin, all Freideg, mat Virschau op de Weekend, Commentairen a flotten Analysen

Unlock Rebound (Radio) podcast Email contact info,
Listeners & Audience details

Email contact information

Direct podcast contact details

Listeners

Audience numbers & engagement insights

Audience details

Podcast Insights

Social media

Check Rebound (Radio) social media presence


Podcast episodes

Check latest episodes from Rebound (Radio) podcast


Rebound, 07/11/2025
2025/11/07
Am Basket-Magazin REBOUND huet de Guy Seyler sech haut 2 Themen erausgeholl.De Pilot-Projet vun der FLBB, fir eng U18 Selektioun am Championnat vun der Nationale 2 matspillen ze loossen.An déi aktuell Problemer bei der Dammenekipp vu „Les Sangliers Wooltz.“
Rebound, 24/10/2025
2025/10/24
Am Rebound vun haut, kucke mir iwwer eis Grenz eraus. Nämlech op Saarlouis. Mat de Royals huet d'Magaly Meynadier déi leschte Saison d'Coupe gewonnen a gouf Vice-Champion an Däitschland. De Rich Simon huet fir dëse Rebound mat der Lëtzebuergerin geschwat an een Tëschebilan vun der Saison gezunn.
Rebound, 10/10/2025
2025/10/10
Am Rebound vun haut zitt de Rich Simon een Tëschebilan no 3 Spilldeeg. Verschidden Ekippen hu sech jo am Ufank vun der Saison relativ schwéiere gedoen. Do dernieft kuckt hien och nach zeréck, wéi déi Lëtzebuerger Damme sech bis elo um europäesche Parquet aus der Affär gezunn hunn.
Rebound, 19/09/2025
2025/09/19
Dëse Weekend, fänkt d'Basket Championnat nees un. An dat bedeit, datt all Freideg op dëser Platz och nees de Rebound ass. De Magasinn vun der Basket Federatioun. Haut steet de Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt, ganz am Zeechen vum Damme Championnat.
Rebound, 23/05/2025
2025/05/23
Muer fänken d'Spiller vun de klenge Länner, an Andorra un. Den Häre Basket ass bei dëser Editioun net an der Kompetitioun dran, dofir awer Dammen. An dat esouwuel am 5 géint 5, wéi och am 3 géint 3. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon, wéi d'Chance vun der FLBB Selektioun an Andorra stinn.
Rebound, 16/05/2025
2025/05/16
Virun e puer Deeg huet den Thomas Grün annoncéiert, datt hien Basketsschong un den Nol géif hänken. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon ënnert anerem op seng ausseruerdentlech Karriär zeréck. Een anert Thema ass d'Jugend am Lëtzebuerger Basket.
Rebound, 25/04/2025
2025/04/25
Bei den Hären ass Decisioun em de Championstitel nach net gefall. Bei den Dammen ass dat awer anescht. De Gréngewald war och dëst Joer nees déi beschten Ekipp. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon op d'Saison an awer och op déi leschten 3 Matcher vun der Final, zeréck..
Rebound, 18/04/2025
2025/04/18
De Rebound vun haut steet am Zeeche vun der Däitscher Damme-Bundesliga. An där ginn nämlech d'Finalle vum Championnat gespillt. Aus Lëtzebuerger Siicht ass dat interessant, well d'Magaly Meynadier an deene Finalle mat Saarlouis géint Keltern spillt. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert.
Basketball: Rebound, 11/04/2025
2025/04/11
Mat der Etzella steet deen éischte Finalist am Championnat am Härebasket scho fest. An der Halleffinall tëscht der Amicale Steesel an dem T71 Diddeleng fält d'Decisioun awer eréischt am drëtten an decisive Match. Bei den Dammen ass muer déi éischt Final tëscht dem Gréngewald an der Sparta. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
Rebound, 28/03/2025
2025/03/28
Am nationale Basket kréien d’Clibb dacks virgehäit, si hätte keng Gedold mat hire Profien. Den Auslännerkarussell géif ze séier dréien, an dat wier alles anescht wéi eng Reklamm fir de Lëtzebuerger Basket. Datt et awer net ëmmer un de Clibb läit, beweist de Guy Seyler am Rebound vun haut um Beispill vum BBC US Hiefenech.
Rebound, 21/03/2025
2025/03/21
Déi éischt Decisioune sinn an dëser Saison schonns de leschte Weekend gefall. Nämlech wie bei den Damme wéi och bei den Hären d'Coupe géif gewannen. De Verdikt ass bekannt. Bei den Dammen ass d'Coupe an der Gréngewald gaangen a bei den Hären op Esch. Am Rebound kuckt de Rich Simon haut nach eng Kéier op déi zwee Matcher zeréck.
Rebound, 14/03/2025
2025/03/14
Ee vun de wichtegsten Rendezvousen wärend enger Basketsaison sinn d'Finalle vun der Coupe. Déi gi muer an der Coque gespillt. Bei den Damme kritt de Gréngewald et mat Bartreng ze dinn, a bei den Hären spillt Ettelbréck géint Esch. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon op dës zwee Matcher no vir.
Rebound, 07/03/2025
2025/03/07
D'Magaly Meynadier, huet de leschte Weekend e bësse Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen. D'Nationalspillerin huet nämlech mat hirem Veräin "Saarlouis Royals", déi däitsch Coupe gewonnen. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon, mat der fréiere Spillerin vun de Musel Pikes, zeréck op dëse Succès...
Rebound, 28/02/2025
2025/02/28
No der verpasster Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft vun de Basket-Dammen, ass d'Pre-Qualifikatioun fir d'WM vun de Basket Hären elo och eriwwer. De leschte Weekend gouf et nämlech eng Néierlag an Norwegen. Dat war och dem Thomas Grün säi leschte Match an der Nationalekipp. Dat sinn Themen haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
Basketball - Rebound, 21/02/2025
2025/02/21
Am Rebound vun haut mam Franky Hippert geet et ëm de Championnat am Dammebasket... dann huet d'Lëtzebuerger Häre-Nationalequipe gëscht hire leschte Match an der Prequalifikatioun gespillt... a fir den Thomas Grün war et déi lescht Partie am Dress vun der FLBB-Formatioun:

Podcast reviews

Read Rebound (Radio) podcast reviews


0 out of 5
0 reviews

Podcast sponsorship advertising

Start advertising on Rebound (Radio) relevant audience podcasts


What do you want to promote?